(c) Jon Sullivan

Dat Glutamat sech a ville Fäerdegprodukter befënnt fir de Geschmaach ze verstäerken, dat hunn ech mol schonn héieren. Mee Zocker fir eis süchteg ze maachen??

Ech schwätzen elo net vun Zocker a Form vu Kuelenhydrater, déi jo souwisou am Deeg sinn, oder vu Fructose deen an den Tomaten ass. Ech schwätze just vun normalem wäissen Zocker deen d’Liewensmëttelindustrie dobäi mécht, fir dass mer ëmmer weider wëllen iessen!

Firwat bréngt den Zocker eis dann dozou, ëmmer weider wëllen z’iessen?

Den Zocker aktivéiert en Deel vum Gehir, deen eis e Gefill vu Pleséier a Wuelbefanne gëtt. Vun dem Gefill wëlle mer natierlech esou laang wéi méiglech profitéieren. Dofir freet de Kierper dann ëmmer weider no Zocker, fir deen Deel vum Gehir weider ze aktivéieren an eis weider wuel ze fillen. Mir hunn de Bauch also scho voll, mee d’Waasser leeft eis awer am Mond zesummen a mir wëllen nach e Stéck!

Bei cocainesüchtege Rate geet et esouguer esou wäit, dass si iergendwann léiwer Zockerwaasser hu wéi Cocaine! D’Fuerscher schléissen doraus, dass den Zocker d’Raten richteg ofhängeg mécht, op engem ähnleche Wee wéi Cocaine, an hinne grad esou en onwiddersteelechen, wann net esou guer besseren, “Kick” gëtt!

Hu, gutt dass mer keng Rate sinn! Mee och wann eise Kierper Zocker net mat Cocaine verwiesselt, kënnt et awer fir dass mer no enger Tiefkühlpizza Loscht op eng Zweet hunn!

Auteur: Corinne Kroemmer

Foto © Jon Sullivan

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

     

Aussi dans cette rubrique

Ausserierdesch Signaler Wéi sicht d'Wëssenschaft no ausserierdesche Signaler?

Wat geschitt, wann d'Mënschheet e Signal vun ausserierdeschem Liewen entdeckt? Nei international Richtlinne leeë fest, wéi d'Wëssenschaft da soll virgoen. Mee wéi sicht se iwwerhaapt no Signaler?

FNR
Physik am Alldag Firwat knuppen Diere bei Duerchzuch zou?

Wann Diere bei Duerchzuch zouknuppen, stécht net einfach nëmme Wand dohanner. Entscheedend sinn Drockënnerscheeder, déi Loft a Beweegung setzen – an d'Tatsaach, datt d'Dier d'Loft selwer och beweegt.

FNR
Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR