shotshop.com

Eng Etude schätzt, dass 2020 eng 26 Millioune Geräter op der Welt matenee kéinte verbonne sinn.

Eis Welt gëtt ëmmer méi vernetzt. An Zukunft sollen all eis Geräter matenee kommunizéiere kënne – an sou eis Liewe méi einfach a méi bëlleg maachen.

Wat ass den „Internet of Things“?

Internet of Things bezeechent d’Iddi, dass all eis Geräter iwwer Internet mateneen verbonne sinn a mir mat hinnen, si mat eis, oder souguer si ënnereneen iwwert eng App oder Software matenee kommunizéiere kënnen. Eng Etude schätzt, dass 2020 eng 26 Millioune Geräter op der Welt matenee kéinte verbonne sinn.

Wow. A wat hu mir dovun?

Den Internet of Things soll eis Liewe méi confortabel a méi bëlleg maachen. Dat geet vun der Heizung, déi ee per Smartphone à distance regléiere kann, iwwert Autoen, déi matenee kommunizéiere fir Stau ze vermeiden, bis zur Kontaktlëns, déi de Bluttzockerspiggel iwwerwaacht.

Wat fir eng nei Technik stécht dann hannert dem Internet of Things?

U sech näischt Neies. D‘Geräter hu Sensoren, déi op eppes reagéieren, an esou Signaler an Daten iwwerdroe kennen. Dat geet entweder iwwer Funk, ähnlech wéi däi Wi-Fi Router doheem, oder direkt iwwert e Kabel, dee mam Internet verbonnen ass.

Dann huet all „Dengen“, wat mam Internet verbonnen ass eng Nummer, eng sougenannten IP-Address, mat där een se am Internet identifizéiere kann. Des Nummer gëtt da vun enger App oder Software erkannt, déi iwwerall op der Welt zougänglech ass. Déi App oder Software empfänkt Daten, déi d’Gerät per Internet geschéckt huet, verschafft déi, a kann da Befehler un d’Gerät zeréckschécken.

Wéi sécher ass dat dann?  Kann do net ee meng Heizung hacken, a kritt dann Accès zu mengem privaten Netzwierk a perséinlechen Donnéen?

Déi kuerz Äntwert ass: Am Moment ass dat alles net méi oder manner sécher wéi däi Computer doheem. Op der Uni Lëtzebuerg gëtt awer un enger spezieller Verschlësselung fir den Internet of Things gefuerscht. Mee Hacker hunn dem Internet of Things nach net vill Opmierksamkeet geschenkt, well nach net vill Leit sou Systemer hunn oder benotzen, an dofir och nach kee grousse finanziellen Interêt derhannert stécht.

Ok, da waarde mer mol of. Lo bräicht ech sou eng Kaffismaschinn, déi een à distance aschalte kéint...

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo: shotshop.com

 

Infobox

Mr Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 03/02/15 opgeholl

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Sécherheetsexperte fuerderen, dat an  dësem fréie Stadium nach méi gefuerscht gëtt, fir d’Sécherheet vum Internet of Things a virun allem d’Privatsphär ze schützen. Normalerweis brauch ee Computere mat vill Rechepower, fir Sécherheet ze garantéieren. Bei klenge Geräter brauch een aner Techniken. De Kryptolog Alex Biryukov op der Uni Lëtzebuerg entwéckelt am Kader vun engem FNR CORE Projet speziell Verschlësselungstechnike fir den Internet of Things. Méi Informatiounen hei

IP-Adresse

In Computernetzwerken wird der Datenaustausch von sogenannten Netzwerkprotokollen geregelt. Einzelne Geräte in einem Netzwerk sind durch eine Adresse gekennzeichnet. Im Internet, welches auf dem Internetprotokoll (IP) basiert, nennt man diese Adressen IP-Adressen.