1ten September 1985: no 73 Joer gëtt de Schëffwrack vun der Titanic endlech fonnt!

Et war d’Symbol vun der industrieller Revolutioun, vu Luxus a vu Fortschrëtt ! Mee et hätt net solle sinn : d’Titanic ass op senger éischter Iwwerfahrt ënner gaang. Mee eréischt nodeems se de Schëffwrack viru 26 Joer erëmfonnt hunn, wësse mer firwat dat Schëff sou séier konnt ënnergoen!

An d’Geheimnis läit an der Metallurgie ! Analyse vum Stol weisen, dass e bei kalen Temperature bréckelt an doduerch liicht Rëss entstinn. Weider Analysen hunn dunn un d’Liicht bruecht dass de Stol en héijen Undeel u Phosphor a Schwiefel huet, an nëmme ganz wéineg Mangan enthält: duerch de Phosphor entsti séier Rëss, duerch de Schwiefel lafen dës Rëss séier weider an duerch de Mangel u Mangan ass de Stol ongeschmeideg.

D’Titanic war also bësse wéi eng Eeërschuel? Wann een et op enger Plaz untéckt huet een e Rass bis op déi aner Säit?

Sou ongeféier. Mee an der Tëschenzäit huet d’Metallurgie awer grouss Fortschrëtter gemaach! All déi Zesummesetzungen an hier Eegeschafte si kee Geheimnis méi a mir kenne verschidde Stoollegéirunge produzéieren déi perfekt un hire Gebrauch ugepasst sinn.

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Aussi dans cette rubrique

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR