Weisse Kleidung

Adobe Stock

Et ass Summer an iwwer 30 Grad. Do schweesst een. Oder hunn ech vläicht just dee falschen Outfit un? Soll ech op waarmen Deeg léiwer wäiss oder éischter schwaarz Kleeder undoen, Mister Science?

De gesonde Mënscheverstand géif wuel instinktiv „hell Kleedung“ soen. Mee och däischter Saachen hu Virdeeler. Jee nodeems, wéi d’Kleeder geschnidde sinn, ass Schwaarz esouguer besser.

Mee eng schwaarz Mauer gëtt dach vill méi séier waarm wéi eng wäiss. Ass dat bei mengem T-Shirt anescht?

Natierlech net. Mir gesinn en Objet als wäiss, well en de gréissten Deel vum Sonneliicht reflektéiert. E schwaarzen Objet dogéint hëlt d’Stralung a sech op. D’Energie vum Liicht gëtt dobäi a Wäermt ëmgewandelt an hëtzt déi schwaarz Fläch op. Dat ass esou bei der Mauer an och beim T-Shirt. Mee d’Wäermt, déi eis Kleedung vun der Sonn ophëlt, ass just ee Faktor. Et spillt och eng grouss Roll, wéi enk d’Kleedung um Kierper uläit. Wa se wéi eng zweet Haut ass, da spillt d’Hëtzt eng grouss Roll. An engem enke schwaarzen T-Shirt gëtt et engem méi waarm wéi an engem wäissen. Ass d’Kleedung allerdéngs schéi lëfteg, gesäit d’Saach anescht aus.

Esou wéi bei de labbere Kleeder vun de Beduinen an Nordafrika?

Genee. Esou Kleeder loossen d’Loft tëschent der Haut an dem Stoff zirkuléieren. D’Loft léisst de Schweess op der Haut verdonsten. Déi néideg Energie gëtt eisem Kierper entzunn. Et fillt sech méi kill un. Dat hu Fuerscher schonn 1980 an der israelescher Negev-Wüüst wëssenschaftlech ënnersicht. Hir Probanden hate wäiss oder schwaarz Beduinekleeder, khaki Militäruniformen oder hell Shorten un. Am Short war et am wäermsten. Am agreabelste waren déi lëfteg Kleeder vun de Mënschen aus der Wüüst – egal ob schwaarz oder wäiss. Aner Fuerscher hunn dësen Effekt bei Dauwen ënnersicht. Si hu festgestallt, dass d’Wandgeschwindegkeet eng grouss Roll spillt. Scho bei enger liichter Lëftche vun zirka 3 Meter pro Sekonn waren déi Dauwe mat schwaarze Fiedere méi séier ofgekillt wéi déi wäiss Dauwen. D’Stralung dréngt a wäiss Fiedere méi déif an ewéi a schwaarzer. Dowéinst ass de Killeffekt duerch de Wand bei donkele Fiedere méi grouss. Dësen Effekt ass ëmsou méi grouss, wat d’Fiederen – oder eben déi schwaarz Kleeder – méi labber um Kierper uleien.

Mee Wäermt ass jo just déi eng Säit, op déi mir a m Summer oppasse mussen.

A wat ass déi aner?

Dat ass d’ultraviolett Stralung, wéinst där mer verbrennen an de Risiko, Hautkriibs ze kréien, klëmmt. D’Kleedung hëlleft hei. An niewent der Déckt an der Zort vum Stoff spillt och d’Faarf eng Roll: Wärend Schwaarz quasi déi ganz UV-Stralung absorbéiert, léisst Wäiss méi ewéi d’Hallschent dovun ouni Problem passéieren. D’Äntwert op d’Fro no der optimaler Kleedung am Summer ass also méi ewéi „schwaarz oder wäiss“. Wéinst dem Klimawandel an ëmmer méi Hëtztperioden lount et sech fir d’Fuerscher ze ënnersichen, wat d’Wüüstbewunner – esouwuel Mënsche wéi och Déieren – zanter Joerdausende maachen, fir d’Sonn besser ze verdoen. Dat hëlleft och eis Mëtteleuropäer, fir Strategien ze entwéckelen, an dowéinst bleift d’Fuerschung spannend.

Infobox

Eng Fro vu Reflexioun an Absorptioun

D’Faarwen, déi mir gesinn, hänken dovun of, aus wéi engem Material d’Uewerfläche vun den Objeten ëm eis ronderëm sinn. Si entstinn haaptsächlech aus engem Zesummespill vu Reflexioun an Absorptioun. Am Liicht vun der Sonn sinn all d’Wellelängten op déi selwecht Manéier vertrueden. Et erschéngt eis wäiss. Hëlt elo en Objet zum Beispill d’Wellelängte vum roude Liicht op (Absorptioun) a straalt all déi aner zeréck (Reflexioun), da gesi mer et an engem schéine Gréng. Schléckt e Stoff allerdéngs eeben dëse grénge Beräich, da gesi mir rout. D’Energie, déi am Liicht stécht, ass no der Absorptioun awer net einfach ewech. Si geet an den Objet iwwer an hëtzt en op. Wat e Kierper méi Wellelängten absorbéiert, wat en ëmsou méi Energie doduerch ophëlt. Wäiss steet hei ganz ënnen op der Skala. E wäisse Kierper reflektéiert quasi all d’Liicht a bleift dowéinst méi kill. Schwaarz steet ganz uewen. E schwaarze Kierper hëlt quasi all d’Liicht a sech op – a gëtt dowéinst vill méi séier waarm.

Phasewiessel

Gëtt et waarm, da schweesse mir. Mee wat bréngt et, wann eis d’Waasser de Réck erofleeft? Et killt de Kierper of. Dat geschitt, andeems d’Waasser vum flëssegen an de gäsfërmegen Aggregatzoustand wiesselt. E Phaseniwwergang fënnt statt. Fir dass d’Waasser verdonste kann, ass Energie noutwenneg. Dës Verdonstungswäermt – oder physikalesch korrekt Evaporéierungsenthalpie – gëtt dem Kierper entzunn. An net ze knapp. Gutt 570 Kilokalorien (2.400 Kilojoule) Wäermtenergie brauch et, fir e Liter Schweess a Waasserdamp ze transforméieren. Wann et richteg waarm ass oder mer vill kierperlech aktiv sinn, da kënnen am Extreemfall bis zu 14 Liter Schweess am Dag zesummekommen. Am beschte funktionéiert dem Kierper seng Klimaanlag iwweregens, wann d’Loft de Schweess, dee verdämpt, vum Kierper ewechdréit. Dowéinst bréngt eis eng Lëftchen oder e surrende Ventilator am Summer och eng Ofkillung, déi sou dringend néideg ass.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur: Michèle Weber (FNR)

Infobox

De Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Aussi dans cette rubrique

Linkshänder
Gehirentwécklung Firwat ginn et Rietshänner a Lénkshänner?

Ongeféier 90 Prozent vun der Weltbevëlkerung si Rietshänner, zirka 10 Prozent si Lénkshänner. Mä firwat ginn et iwwerhaapt Lénks- a Rietshänner?

FNR
Genetik Kënnen DNA-Tester eis soen, wou mir hierkommen?

Kann ee mat engem DNA-Test erausfannen, wou seng Vireltere gewunnt hunn?

FNR
Eidechse ohne Schwanz
Autotomie a Regeneratioun Firwat werfe munch Déiere Kierperdeeler of?

Firwat kënne munch Déiere Kierperdeeler ofwerfen an dann nees nowuesse loossen?

FNR