Jo, de sauere Ree gëtt et och haut nach – och wann sech de Problem zanter de 90er Jore Richtung Asien verlagert huet (3 a 4). Iwwerdeems déi westlech Industrienatioune verschidde Moossnamen géint d’Loftverschmotzung effektiv ëmgesat hunn, blosen haut z.B: indesch Kuelekraaftwierker a Stolwierker verstäerkt Schwiefeldioxid a Stéckoxide an d’Loft. (5)
An doraus gëtt dann de sauere Reen?
Genee. D’Schwiefeloxide a Stéckoxide, Gasen, déi virun allem bei der Verbrennung vu Kuelen an Äerdueleg entsti verbannen sech mat de Waasserdrëpsen an der Loft – doran entsteet Schwiefel- a Salpéitersaier - an dës Drëpse falen dann als sauere Reen op d’Äerd. Dat ass scho méi laang bekannt. Scho Mëtt vum 19 Joerhonnert huet de Robert Angus Smith, e Chemiker aus Schottland, d’Reewaasser ëm d’Industriestied aus senger Heemecht ënnersicht an de Begrëff agefouert (2).
Wéi extrem d’Auswierkunge vum sauere Reen kënne sinn, huet sech am vergaange Joerhonnert am Erzgebirge gewisen - e Gebitt wat un der däitsch-tschechescher Grenz verleeft. Do hunn an de 60er a 70er Jore gespenstesch Bëscher aus ofgestuerwene Fiichten d’Landschaft markéiert. Et sinn awer och stenge Gebaier a Konstruktiounen aus Metall déi leiden.
Dobäi ass de sauere Ree guer keen neie Phänomen aus eiser Zäit: Vulkanausbréch, Asteroidenaschléi oder Blëtzer loossen de Ree schonn zanter der Entstoung vun der Äerd sauer ginn. Réischt wärend der Industrialiséierung ass de Mënsch den Haaptschëllege fir de sauere Ree ginn.
A wéi gutt hu mer de Problem dann elo an Europa am Grëff?
Ufank vun den 80er Joren huet Europa, Nordamerika an déi deemoleg Sowjetunioun am Genfer Lofterhalungsofkommes net nëmme Grenzwäerter, mee och verschidde Géigemoossnamen decidéiert. Zanterhier gëtt Schwiefeldioxid aus de Verbrennungsgasen eraus geholl an z.B: als Gips laangfristeg gebonnen.
Bei dem Bensinn an Diesel gëtt de Schwiefel scho virun der Verbrennung, nämlech an der Raffinerie erausgeholl. Méi spéit koume Regulatioune fir d’Stéckoxiden ze limitéieren. Zesummen hunn dës Moossnamen hier Wierkung gewisen. Op mannst an Europa ass et dohier roueg ëm d’Thema sauere Ree ginn.
Dann ass jo alles gutt oder?
Net wierklech. Och hei am Land sinn d’Suite méi laangfristeg. D’Saiere maachen de Biedem et nach ëmmer schwéier. Wéi déi sech regeneréieren a wéi de Mënsch hei am effektiivsten agéiere kéint ass nach bis haut eng vun deenen héisch aktuelle Froen. D’Fuerschung bleift also nach wichteg a spannend.
Wat ass de sauere Reen?
Waasser ass per Definitioun weder sauer nach basesch, well mam pH Wert vu 7 gouf déi neutral Mëtt festgeluecht. Am Waasser geléiste Stoffer kënnen et awer sauer oder basesch gi loossen. An der Atmosphär suergt virun allem de Kuelendioxid dofir, datt dat natierlecht Reewaasser liicht sauer ass. Säi pH-Wäert läit normalerweis tëscht 5.5 a 5.7. Dat ass sou wéi den Téi oder de natierleche Schutzfilm vun eiser Haust. Et sinn awer och aner Stoffer wéi Schwiefeldioxid a Stéckoxiden aus den Ofgasen déi sech an de Waasserdrëpsen an der Atmosphär léisen. D’Resultat: Schwiefelsaier a Salpéitersaier drécken de pH- deelweis bis op 4,2. Dee Moment ass de Reen sou sauer wéi Wäin. An dat geet duer fir Kalleksteen opzeléisen. Et verännert och déi natierlech Zesummesetzung vun de Biedem. Dës verléieren Närstoffer a gläichzäiteg gi Schwéiermetaller erausgeléist. Zesumme setzt dat d’Beem därmoossen ënner Stress datt dës groussflächeg ofstierwen. (6)
Äerdgeschicht – wéini de Reen richteg sauer war.
Wëssenschaftler mengen datt de sauere Reen an de Kannerdeeg vun der Äerd éischter d’Reegel wéi d’Ausnam war. Hier Theorie: Den extrem héije Kuelendioxidundeel an der Atmosphär huet sech mam Waasser zu Kuelesaier verbonnen an huet déi éischt 500 Millioune Joer all Steng déi nei entstan sinn direkt rëm verwittere gelooss. (7) Méi spéit hunn du Vulkanausbréch an Asteroidenaschléi och grouss Quantitéite Schwiefel an d’Atmosphär geblosen, déi als méi aggressiv Schwiefelsaier erofgereent ass. (8) Stéckoxiden, déi duerch d’Hëtzt vu Blëtzer an der Loft entstinn (9), verbannen sech zu der Salpéitersaier. Erdgeschichtlech wierklech Nei ass, datt de Mënsch zanter dem Ufank vun der Industrialiséierung d’Substanzen déi Saiere bilden exzessiv an d‘Ëmwelt fräigëtt an de sauere Reen domat quasi hausgemaach ass.
Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Iwwersetzung an Editioun: Joseph Rodesch (FNR)
Infobox
(1) http://daten.didaktikchemie.uni-bayreuth.de/umat/saurer_regen/saurer_regen.htm
(2) https://www.livescience.com/63065-acid-rain.html
(3) Meehye Lee, Zafar Adeel: Managing air pollution problems in Korea. In: Zafar Adeel (Hrsg.): East Asian experience in environmental governance: Response in a rapidly Developing region. United Nations Univ. Press, 2003.
(4) Reinhard Drifte: Transboundary Pollution as an Issue in Northeast Asian Regional Politics. In: Klaus Vollmer (Hrsg.): Ökologie und Umweltpolitik in Japan und Ostasien. Transnationale Perspektiven. Iudicium. München 2006, S. 65–84.
(5) https://acp.copernicus.org/articles/16/4605/2016/
(6) Kai Dürfeld: Medizin für den Wald – Mit Kalk gegen die Spuren der Vergangenheit. In: Sachsenforst (Hrsg.): Geschäftsbericht 2018. Dresden 2019, S. 30 – 35. Online: https://publikationen.sachsen.de/bdb/artikel/34643
(7) https://news.wisc.edu/ancient-mineral-shows-early-earth-climate-tough-on-continents/
(8) https://www.nature.com/articles/ngeo2095?message-global=remove
(9) https://agupubs.onlinelibrary.wiley.com/doi/abs/10.1029/96JD03504
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/