Fettige Haare

Adobe Stock (Siniehina)

Wéi dacks soll ee seng Hoer wäschen? Méi Informatiounen dozou ginn et um Enn vum Artikel.

 Eis Hoer gi fetteg, well mir bal um ganze Kierper Talgdrüsen an der Haut hunn. Se leien un der Hoerwuerzel a bilden Talg, deen aus fett- a wuessaartege Substanze besteet. Den Talg mécht d’Hoer fetteg. Dat ass u sech gutt a wichteg, fir dass d’Hoer elastesch bleiwen an net esou séier ofbriechen. Besonnesch vill Talgdrüsen hu mir op der Broscht, am Gesiicht an um Kapp. Bei Leit, déi vill Talg produzéieren, ginn d’Hoer och séier fetteg.

A firwat gëtt vill Talg produzéiert?

Heifir ginn et vill ënnerschiddlech Grënn. Grad Jugendlecher an der Pubertéit leiden dacks ënner fetteger Haut a fettegen Hoer. Dat hänkt domat zesummen, datt sech an dësem Alter den hormonelle System nei sortéiert. Esouwuel bei Jongen ewéi och bei Meedercher gi besonnesch vill männlech Hormoner gebilt – d’Androgenen. An Androgene reegen d’Talgdrüsen un. Dowéinst hu Männer och éischter fetteg Hoer ewéi Fraen.

D’Neigung dozou ergëtt sech awer och aus der Hoerstruktur: Glat, dënn Hoer gi méi séier fetteg ewéi déck, gekrauselt Hoer. Bei glaten Hoer kann den Talg méi séier vun der Hoerwuerzel aus laanscht d’Hoer wanderen. Aner Ursaache kënnen d’geneetesch Veranlagung oder Ëmweltaflëss sinn, zum Beispill Loftverschmotzung.

Huet d’Ernärung och en Afloss?

Studie weisen tatsächlech dorop hin, dass d’Ernärung en Afloss op d’Talgproduktioun vun der Haut huet – an domat natierlech och dorop, wéi séier d’Hoer fetteg ginn. Virun allem Mëllechproduite gi mat enger staarker Talgproduktioun a Verbindung bruecht. Mënschen dogéint, déi wéineg Mëllech, raffinéierten Zocker oder Kären, déi staark verschafft goufen, iessen, hu manner Problemer domat. Eng equilibréiert Ernärung mat vill Ballaststoffer kann also fettegen Hoer entgéintwierken.

A wat kann ech soss nach maachen, fir datt meng Hoer schéi seideg sinn an net fetteg blénken?

Et gi ganz vill Methoden, fir de Problem unzegoen – vu kosmetesche Produite bis zu medezinesche Behandlungen. Et ass onméiglech pauschal ze soen, wéi e Produit bei wéi engem Typ Hoer wierkt. Do hëlleft just Ausprobéieren. Iwwregens ass et e Mythos, dass d’Hoer manner fetteg ginn, wann ee se net mat Shampoing wäscht. Dofir ginn et bis elo keng wëssenschaftlech Beweiser.

Wéi dacks soll ee seng Hoer wäschen?

Dat ass en Theema, dat dacks diskutéiert gëtt – och onofhängeg vun der Zort Hoer: Wéi dacks soll ee seng Hoer wäschen? Recommandatioune ginn vun engem Enn vum Spektrum – all Dag – bei deen aneren – guer net („no poo“). D’Haaptargument géint heefegt Wäschen: Shampoing eliminéiert den natierlechen Talg a stimuléiert esou d’Talgproduktioun. Nëtzlech Lipiden (Fetter) op der Kapphaut gi reegelméisseg eliminéiert. Déi probéiert de Kierper duerch iwwerméisseg Produktioun vun Talg ze kompenséieren – wat d’Hoer ëmmer méi fetteg mécht. Heifir ginn et allerdéngs an der Wëssenschaft keng Beweiser. Fir heefegt Wäsche schwätzt folgend Argument: sou gëtt reegelméisseg den Dreck eliminéiert, dee potenziell schiedlech fir d’Kapphaut ka sinn an z. B. mécht, dass d’Kapphaut bäisst.

Leider ginn et bal keng objektiv wëssenschaftlech Donnéeën, déi esouwuel heefegt ewéi och manner heefegt Kappwäschen zementéieren. Eng Ekipp vu Fuerscher huet esouwuel eng epidemiologesch ewéi och eng kontrolléiert Studie mat fräiwëllege chineesesche Probanden duerchgefouert. Se hunn a béide Fäll erausfonnt, dass heefegt Kappwäschen (5–6 Mol an der Woch oder esouguer all Dag) esouwuel subjektiv ewéi och objektiv betruecht besser fir d’Participantë war. Wichteg ze wëssen: D’Studie gouf vun der Firma Procter & Gamble finanzéiert a koordinéiert, déi ë. a. Shampoingen hierstellt.

 

Kann ee seng Hoer „trainéieren“, manner Fett ze produzéieren?

Am Internet an op de soziale Medie gëtt och vill iwwer „Hair training“ diskutéiert. Deemno soll een Hoer, déi séier fetteg ginn, d’iwwerschësseg Talgproduktioun ofgewinne kënnen, andeems een d’Hoer no an no ëmmer manner wäscht.

Mee och heifir ginn et bis elo keng wëssenschaftlech Beweiser a munch Experte roden och dovun of, well et zu anere Problemer féiere kann (Ausdréchne vun der Kapphaut, Pilzinfektiounen, Bass). Och hei hëlleft just Ausprobéieren.

Wann de Problem mat de fettegen Hoer wierklech ze schlëmm ass, da solls du bei en Hautdokter goen an dech berode loossen. Allerdéngs: Wëssenschaftler fuersche weider un den Ursaache vu fetteger Haut a fettegen Hoer. Mat hirem neie Wësse wëlle se wierksam Behandlungsmethoden entwéckelen. Et bleift deemno spannend an der Fuerschung!

 

Gesonden Daarm – gesond Haut

An eisem Daarm liewe Milliarde vu Bakteerien. Se bilden eng komplex Liewensgemeinschaft, de Mikrobiom, an hunn enormen Afloss op eis Gesondheet. Och op den Zoustand vun Haut an Hoer: A wëssenschaftleche Studie konnt nogewise ginn, dass d’Anhuele vu Probiotika, also Narungsergänzungsmëttelen aus liewege Mikroorganismen, den Zoustand vu kranker Haut verbessere kann. Dat gëllt fir Akne gradesou ewéi fir Schuppenflecht oder atopesch Dermatitis, eng chronesch Entzündung vun der Haut, déi dës bäissen deet. A bei gesonde Mënsche suerge Probiotika dofir, dass d’Haut manner empfindlech géint schiedlech Aflëss vu bausse gëtt. Wéinst dem staarken Afloss vun der Daarmflora op den Zoustand vun eiser Haut an der Gesondheet am Allgemengen ass eng ofwiesslungsräich an equilibréiert Ernärung besonnesch wichteg.

 

D’Ursaache vu Schubber

Wäiss Flacken op de Schëlleren: Schubber ass net just en ästhetesche Problem, e ka fir déi betraffe Persounen och psychesch immens belaaschtend sinn: Dës fille sech onsécher a verléieren u Selbstbewosstsinn, wann et dauernd vun hirem Kapp riselt. Eng Ursaach fir Schubber kann d’Zesummesetzung vun der mikrobieller Liewensgemeinschaft op der Kapphaut sinn. Bis elo si Wëssenschaftler dovun ausgaang, dass virun allem Pilzer fir d’Entstoe vum lästege wäisse Gegrimmels verantwortlech sinn. Et ginn awer Hiweiser, dass Bakteerien eng vill méi grouss Roll spillen – virun allem d’Verhältnis, an deem se zouenee stinn. Am Bléck hunn d’Fuerscher dobäi virun allem sougenannte Propionibakteerien a Staphylokokken, déi sech géigesäiteg beim Wuesse behënneren. Nei Behandlungsmethoden, déi en equilibréiert Verhältnis tëschent dësen zwou Zorte Bakteerien hierstellen, kéinten en Usaz sinn, fir Schubber an de Grëff ze kréien.

Auteur: scienceRELATIONS/Hannes Schlender
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzung: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

Quellen
  • Endly DC, Miller RA. Oily Skin: A review of Treatment Options. J Clin Aesthet Dermatol. 2017 Aug;10(8):49-55. Epub 2017 Aug 1. PMID: 28979664; PMCID: PMC5605215.
  • https://www.medicalnewstoday.com/articles/greasy-hair-after-washing
  • Pappas A. The relationship of diet and acne: A review. Dermatoendocrinol. 2009 Sep;1(5):262-7. doi: 10.4161/derm.1.5.10192. PMID: 20808513; PMCID: PMC2836431.
  • https://www.mcgill.ca/oss/article/general-science/no-poo-craze
  • Punyani S, Tosti A, Hordinsky M, Yeomans D, Schwartz J. The Impact of Shampoo Wash Frequency on Scalp and Hair Conditions. Skin Appendage Disord. 2021 Apr;7(3):183-193. doi: 10.1159/000512786. Epub 2021 Feb 15. PMID: 34055906; PMCID: PMC8138261.
  • https://karger.com/sad/article/7/3/183/295193
  • https://www.sciencetimes.com/articles/47068/20231113/hair-training-effective-tiktok-trend-claims-reduces-oil-production-experts.htm
  • Endly DC, Miller RA. Oily Skin: A review of Treatment Options. J Clin Aesthet Dermatol. 2017 Aug;10(8):49-55. Epub 2017 Aug 1. PMID: 28979664; PMCID: PMC5605215.
  • De Pessemier B, Grine L, Debaere M, Maes A, Paetzold B, Callewaert C. Gut-Skin Axis: Current Knowledge of the Interrelationship between Microbial Dysbiosis and Skin Conditions. Microorganisms. 2021 Feb 11;9(2):353. doi: 10.3390/microorganisms9020353. PMID: 33670115; PMCID: PMC7916842.
  • Manuel F, Ranganathan S. A new postulate on two stages of dandruff: a clinical perspective. Int J Trichology. 2011 Jan;3(1):3-6. doi: 10.4103/0974-7753.82117. PMID: 21769228; PMCID: PMC3129121.
  • Xu, Z., Wang, Z., Yuan, C. et al. Dandruff is associated with the conjoined interactions between host and microorganisms. Sci Rep 6, 24877 (2016). https://doi.org/10.1038/srep24877
De Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Aussi dans cette rubrique

D’Sënner schäerfen Kann ee seng Sënner duerch Training verstäerken?

Muskele loosse sech trainéieren. D’Ausdauer och. An d’Sënner? Well Perceptioun am Gehier entsteet an dëst verformbar ass, misst et wuel méiglech sinn.

FNR
Sonnencreme
UV-Schutz Wéi funktionéiert Sonnecrème?

Wat heescht SPF15, 30 oder 50 a wéi dacks soll een sech acrèmen?

FNR
Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR