shotshop.com

Laachen ass jo net onbedéngt dat selwecht wéi Gléck.

Si huet dozou eng ganz kloer Äntwert: déi allermeescht Studie soen, datt glécklech Mënsche méi laang liewen. Doraus kann ee folgeren, datt si wahrscheinlech och net sou heefeg schwéier Krankheeten hunn, déi d’Liewenserwaardung verkierzt.

Muss ech also méiglechst vill Laachen, wann ech al wëll ginn?

Nujee, Laachen ass jo net onbedéngt dat selwecht wéi Gléck. Mee och d’Laachen ass wëssenschaftlech ënnersicht ginn. Et ka kuerzfristeg d’Duerchbluddung an d’Sauerstoffversuergung vum Kierper an d’Lut setzen a Stress reduzéieren. Ob een elo alleng duerch Laache manner dacks krank gëtt, kënnen d’Resultater awer net eendeitech beweisen. Dofir bréicht ee méi grouss ugeluechte Studien. Mee déi kaschte Suen an déi ginn den Ament net an d’Laachfuerschung gestach.

Gutt, Laache schéngt also net ze schueden. Mee wéi ass et mam Gléck, wéi genau beaflosst et eis Gesondheet?

D’Fro ass sou schwéier ze beäntwerte wéi déi vum Hong a vum Ee: Wat ass Ursaach, wat Wierkung? Liewe Mënsche méi laang, well se glécklech sinn? Oder Sinn se glécklech, well se méi gesond sinn, a liewen dowéinst méi laang? Et ass schwéier, Gléck vun anere Facteuren ze trennen, déi villäicht vill méi wichteg fir d‘Gesondheet sinn. Huelen sech glécklech Mënsche méi Zäit fir Sport? Iessen si méi ausgeglach? Schlofen si besser? Et kéint och sinn, datt et un de Sue läit: Mënschen, déi méi verdéngen, si méi glécklech – op jiddefalls bis bei e gewëssenend Akommes. Si kënnen sech dacks eng besser medezinesch Versuergung leeschten. Sécher ass: Gléck an eng gesond Liewensweis beaflossen sech géigesäiteg. Ob ee Mënsch méi laang lieft, well e glécklech ass oder well en ee méi gesonde Liewensstil huet, ass schlussendlech jo amfong och egal – oder?

Wéi moosst een eigentlech Gléck?

Gléck ass een alldeegleche Begrëff, mee fir d’Wëssenschaft schwéier ze definéieren. Schwätzt ee vum momentanem Gléck, well ee grad eng Mënz op der Strooss fonnt huet oder éischter vun der allgemenger Zefriddenheet, wann een op säi Liewen zréckkuckt? Ass Gléck nëmmen d‘Feelen vu Schmäerz a Leed oder gehéiert méi dozou? An ass ee wierklech glécklech, wann all Wënsch erfëllt sinn? Déi modern Wëssenschafte widmen sech eréischt säit kuerzem der Glécksfuerschung. Vill Psychologen hunn sech zum Beispill zum Zil gesat, net nëmme psychescht Leed ze verréngeren, mee och gesond Mënsche méi glécklech ze maachen. Och Ekonomiewëssenschaftler hunn d’Thema fir sech entdeckt. E puer schloe vir, d’Gesamtekonomie net méi no hirer Wirtschaftsleeschtung, mee nom Glécksniveau vun der Bevëlkerung ze ënnerscheeden.

Firwat si vill Laachstudie wëssenschaftlech ëmstridden?

Fir d’Medien ass et ëmmer eng gutt Geschicht, wa Wëssenschaftler nei Resultater vum Laache virstellen: Et soll Stresshormoner reduzéieren, d’Immunäntwert stäerken, viru Schnapp oder Gripp schützen a souguer en Ersatz fir Sport sinn. Et ass net ausgeschloss, datt Laachen sou positiv Effekter huet, mee déi meescht Laachstudie si wëssenschaftlech ugräifbar. Si gi entweder mat ze wéineg Participanten duerchgefouert, fir aussokräfteg ze sinn. Oder et gëtt keng Kontrollgrupp, dat heescht, et huet een net ënnersicht, wéi d’Resultater bei net-laachende Probanden ausgefall wieren. Och d’Erwaardunge vu Probande kënnen d’Resultater verfälschen. Zumoolst de leschte Punkt ass bei Studien am Thema Laache schwéier ze vermeiden. D’Probanden dierften eigentlech net mierken, dass et drëms geet, d’Wierkung vu Laachen ze ënnersichen.

Auteur: scienceRELATIONS/Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mr Science op ELDORADIO

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR