shotshop.com

Mr Science, firwat ass Ëmgruewe keng gutt Iddi?

An engem gesonde Buedem liewe Wierm, kleng Insekte, Bakterie, Champignonen an nach vill méi. Eng Zort Reewierm grueft kleng Tunnelle senkrecht bis déif an de Buedem eran, anerer gruewen éischter direkt ënnert der Uewerfläch. Déi eng Mikroorganisme brauche Sauerstoff, a liewen dofir no bei der Uewerfläch, fir anerer ass Sauerstoff Gëft a si fille sech dofir nëmme méi wäit ënne wuel. De Buedem ass also keng uniform Mass, mee an him liewe je no Buedemschicht ganz ënnerschiddlech Liewewiesen. Beim klasseschen Ëmgruewe kommen des Schichte komplett duercherneen. Fir d'Buedemorganismen ass dat wéi en Tsunami, vun deem si sech nëmme lues erhuelen.

An dat ass schlecht fir d'Fruchtbarkeet vum Buedem?

Jo. Vill wëssenschaftlech Etüde weisen, dass a Biedem, déi ëmgegruewe ginn, däitlech manner Reewierm, Bakterien a soss Buedemorganisme liewe wéi a Biedem, déi a Rou gelooss ginn. Dobäi sinn et genau des Buedemorganismen, déi Planzereschter a fruchtbaren Hummus ëmwandelen an dobäi Närstoffer sou opbereeden, datt Planzen se och ophuele kënnen.

Mee de Buedem verdicht sech dach, wann en net méi ëmgegruewe gëtt?

An engem gesonde Buedem, deen net ëmgegruewe gëtt, iwwerhuelen d'Reewierm dës Aufgab. Sie gruewe meterlaang Tunnellen, déi de Buedem belëften, duerch déi d'Waasser besser versickere kann, an duerch déi d'Wuerzele vun de Planze méi liicht an d'Déift wuesse kënnen. Den Charles Darwin, deen de Prinzip vun der Evolutioun erkannt hat, huet se "déi wichtegst Hëllef vum Bauer" genannt. Hien hat scho virun iwwer 100 Joer verstanen, wéi wichteg si fir e fruchtbare Buedem sinn.

A wat ass mat Onkraut, wiisst ouni Ëmgruewen dann net alles zou?

Et muss een déi ganz Aart a Weis, wéi een am Gaart schafft, ëmstellen. Fir Onkraut keng Chance ze ginn, léist een de Buedem ni "plaakeg" do leien, och net tëscht den Notzplanzen. Entweder et deckt een e mat enger Schicht Mulch of, déi zum Beispill aus geméitem Wues, diere Blieder oder gehäckselte Gaardenoffäll bestinn, oder et séit een am Wiessel mat Tomaten, Kornischong a Co Planze wéi Kléi, Lupinen oder Moschter aus, fir der just e puer ze nennen. Genau wéi eng Mulchschicht bedecken si de Buedem, sou datt Onkraut manner Liicht kritt a méi schlecht wiisst. Ausserdeem lackeren si de Buedem mat hire Wuerzelen op an et kann een se fir ze Mulche benotzen nodeems een se ofgeschnidden huet. A vill vun dëse sougenannte Gréngdüngerplanze ginn dem Buedem dobäi nach iwwert hir Wuerzelen zousätzlech Närstoffer.

Tipps fir Gaardenaarbecht ouni Ëmgruewen

Och wann een de Buedem ëmmer mat enger Schicht Mulch oder Gréngdüngerplanze bedeckt, kann et sinn, dass ee vun Zäit zu Zäit de Buedem e bëssen traitéiere muss. Am beschte geet een dobäi sou iwwerflächlech wéi méiglech vir. Eng Méiglechkeet ass déi iewescht Buedemschicht mat engem sougenannte "Grubber" opzelackeren. Dat ass e Gaardegeschier mat Zacken, déi no ënne gebéit sinn. Domat kann een och Onkraut eraushuelen a Kompost iwwerflächlech traitéieren. Fir eng méi déif Oplockerung vum Buedem kann een e sougenannte "Sauzahn" duerch de Buedem zéien. Deen huet eng grouss Zack a bréngt de Buedem méi staark duerchernee wéi de Grubber, mee en bréngt d'Schichten net sou duercherneen. A schliisslech kann ee mat engem Greef an de Buedem stiechen, ouni en ëmzedréien. Duerch Hin- an Hierbewege lackert een sou de Buedem och op. Dat kann engem hëllefen, dat méi zéit Onkraut wéi z.B. Quecken mat hire Wuerzelen erauszehuelen. A fir datt de Buedem schéi lacker bleift, soll een op alle Fall op eppes oppassen: méiglechst net op de Buedem trëppelen, a scho guer net, wann en naass ass!

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber/FNR

Infobox

Quellen
  • Meta-analysis approach to assess effect of tillage on microbial biomass and enzyme activities
    Stacy Zuber et al., Soil biology & Chemistry, 2016
    https://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S0038071716300190
  • Evaluation des impacts environnementaux des Techniques Culturales Sans Labour (TCSL) en France
    Studie von ARVALIS, ARES, INRA de Dijon, AgroParisTech, INRA de Paris-Grignon, 2017
    https://www.ademe.fr/sites/default/files/assets/documents/51256_ademe_tscl_partie_5.pdf
  • Conservation tillage
    MR Carter, Encyclopedia of Soils in the Environment, 2005
    https://www.sciencedirect.com/science/article/pii/B0123485304002708
Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR