Fettzellen

Adobe Stock

Jo an Nee. Déi gutt Noriicht ass: Fettzelle sinn net onstierflech. Wéi déi allermeeschten Zelle stierwe si, soubal si hier maximal Liewensdauer erreecht hunn. Awer - an dat ass déi schlecht Noriicht - si ginn duerch neier ersat. Déi eng Wëssenschaftler ginn dovun aus, datt sech d'Gesamtzuel vu Fettzellen am Kierper vun engem Erwuessene kaum nach ännert. Anerer widderspriechen deem: wien iwwer eng länger Zäit ze vill ësst, kritt zousätzlech Fettzellen. Manner ginn et der also net – an alles deit drop hinn datt Fettzellen déi een als Kand oder Jugendlechen bild fir ëmmer bleiwen.

Ween huet d'Fettzelle da gezielt?

Wierklech all Fettzellen am Kierper ze zielen ass natierlech kaum méiglech. Et ass och guer net néideg. Fir déi ongeféier Zuel ze ermëttelen, analyséiere Fuerscher eng kleng Quantitéit Fettpolster. Si bestëmmen d'Gréisst vun den Zellen a moossen d'Gesamtgewiicht vum Fett am Echantillon. Aus Gréisst a Gewiicht léist sech da berechnen, wéi vill Zellen et sinn.

A wouhier wëssen d'Fuerscher, datt se sech och tatsächlech erneieren?

Dofir hu Fuerscher eng radioaktiv Variant vum Kuelestoff, dem sougenannten Isotop C14, an de Fettzelle vun eelere Leit ënnersicht. C14 gouf wärend den Atomwaffentester an de 50er a 60er Jore méi staark an der Atmosphär konzentréiert an iwwert d'Iessen och a Fettzellen agebaut. D'Hypothees: Ween zu dëser Zäit gelieft huet, misst also och haut nach eng gewësse Quantitéit C14 am Fett gespäichert hunn. Well d'Fuerscher dovun awer vill manner wéi erwaart fonnt hunn, war hir Conclusioun: Fettzellen erneieren sech, an zwar am Duerchschnëtt all aacht Joer.

A wat geschitt da mat de Fettzellen, wann ech ofhuelen?

Si ginn hiert Fett zur Verwäertung fräi a maachen sech eidel - fir bei der éischtbeschter Geleeënheet erëm eng grouss Drëps energieräicht Fett an sech opzehuelen.

Hu Leit mat Iwwergewiicht méi Fettzelle wéi Schlanker? Wéi eng Roll spille Genen beim Thema Iwwergewiicht? An ass Fett ofsauge sënnvoll géint Iwwergewiicht? Den Energiespäichermechanismus vun eisem Kierper mat all senge Kontrollmechanismen ass nach net ofschléissend gekläert. Et gëtt ëmmer nach intensiv dru gefuerscht. An der Infobox "Fett-Fakten" fannt Dir Äntwerten op e puer Froen, mat deene sech Wëssenschaftler ronderëm de Globus beschäftegen.

Fett-Fakten

Hu Leit mat Iwwergewiicht méi Fett(zelle) wéi schlank Leit?

Reng intuitiv géing bal jiddereen des Fro sécher mat "Jo" beäntwerten. Mee och ee gudden Deel vun de schlanke Leit schleeft méi Kierperfett mat sech ronderëm wéi gutt ass. Thin Outside, Fat Inside, kuerz TOFI, gëtt dëse Kierpertyp genannt. Si gesi schlank aus an hire Body Mass Index läit am grénge Beräich. Mee si hu wéineg Muskelmass a kënnen dofir en änlech héije Fettundeel hu wéi Leit mat Iwwergewiicht - inklusiv deenen domat verbonnene Gesondheetsrisiken. De Fettundeel am Kierper gëtt vun zwou Saache bestëmmt: d'Unzuel u Fettzellen an hier Gréisst, also wéi vill dran ass. Schonn Ufanks de 70er Joren gouf an enger Studie den Zesummenhang tëscht Unzuel Fettzellen, hirer Gréisst an der Diagnose Adipositas (Fettleiwegkeet) ënnersicht. D'Resultat: Bei liichter Fettleiwegkeet ass et virun allem d'Gréisst vun de Fettzellen, déi fir d'Polster responsabel sinn. Bei méi schwéier adipöse Patienten spillt zousätzlech zu der Gréisst vun den eenzele Fettzellen och nach hier Unzuel eng Roll.

Gëtt iwwerschësseg Fett an Zelle gelagert, déi schonn do sinn, oder gi bei Bedarf och nei Zelle gebilt?

Am Joer 2008 koume Wëssenschaftler an enger Studie zur Conclusioun, datt sech d'Unzuel vu Fettzelle bei engem Erwuessene kaum nach ännert. Wa méi Fett agelagert gëtt, sou de Fazit, da géifen sech déi Fettzellen déi do sinn einfach fëllen. Deem widdersprécht eng aner Fuerschungsequipe. Am Déngscht vun der Wëssenschaft hu si 28 gesond Erwuessener am Alter tëscht 28 an 30 a mat engem normale Gewiicht méi iesse gelooss, wéi néideg wär. Wéi ze erwaarden, war des "Iwwerfidderung" séier an de Fettpolster vun de Participante siichtbar. D'Wëssenschaftler hunn erausfonnt datt am Uewerkierper d'Gewiichtszounam tatsächlech virun allem op méi voll gefëllte Fettzellen zréckzeféiere war. Am Ënnerkierper ass allerdéngs d'Unzuel u Fettzellen an d'Luucht gaangen. No nëmmen aacht Wochen hu si am Ënnerkierper 2,6 Milliarden nei Fettzelle fonnt. Insgesamt haten d'Participanten an deem Beräich vum Kierper ongeféiert 1,6 Kilo Gewiicht zougeluecht.

Egal ob d'Gesamtzuel vun de Fettzelle bei Erwuessenen elo konstant ass oder klëmmt - manner ginn et der zumindest op natierlechem Wee net. Experten halen et dofir fir wichteg, datt Kanner a Jugendlecher e gesonde Liewensstil kenneléieren. Sou géifen ongeféiert dräi Véierel vun alle Kanner, déi mat Iwwergewiicht an den Erwuessenenalter starten, eng Adipositas entwéckelen. Vu Gläichaltrege mat normalem Gewiicht géifen dogéint nëmmen 10 Prozent mat Adipositas diagnostizéiert ginn.

Läit den Hang zum Iwwergewiicht an de Genen?

De Risiko fir Iwwergewiicht schéngt tatsächlech zu engem gewësse Grad an de Genen ze leien. Sou huet eng brittesch Studie z.B. e spezielle Proteinrezeptor ënnert d'Lupp geholl: funktionéiert deen net richteg, tendéiert een zu Fettleiwegkeet. Bei enger hallwer Millioun Mënschen hunn d'Fuerscher 61 genetesch Variante vun dësem Rezeptor fonnt. Wärend et bei e puer vun deenen tatsächlech en Zesummenhang tëscht Iwwergewiichtegkeet an engem méi héije Risiko fir Folgekrankheete gouf, hunn aner Variante genee de Géigendeel bewierkt.

Eng Studie un Zwillingen aus dem Joer 1990 geet souguer dovun aus, datt d'Genen mat gutt 70 Prozent den héchsten Afloss op "Ufällegkeet" fir Iwwergewiicht hunn. Am grousse Ganzen sinn haut iwwer 2 Millioune Varianten an ongeféier 100 Genen bekannt, déi mat dem Kierpergewiicht a Verbindung bruecht ginn.

Wär Fett ofsauge villäicht déi ultimativ Waff géint Iwwergewiicht?

De Regimm ass gepackt. D'Wonschgewiicht ass erreecht. Lo liewe mer schlank a glécklech bis un d'Enn vun eisem Liewen? Schéi wier et. Mee d'Fettzelle maachen eis e Stréch duerch d'Rechnung. Kaum gi mir bei engem schmantege Stéck Kuch schwaach, saugen si déi iwwerschësseg Energie an sech eran a ginn erëm gefëllt - a mir huelen erëm zou. A wa mer déi Fettzellen ee fir allemol géife lass ginn? Ass Fett ofsauge villäicht do eng Léisung? Jo, awer keng endgülteg. Eng Iwwersiichtsaarbecht huet zéng wëssenschaftlech Studien zum Gewiichtsverlaaf no Fettofsauge bei Frae verglach. D'Resultat: D'Fett verschwënnt zwar, awer net fir ëmmer. Wéi laang de Succès unhält, hänkt virun allem vum weidere Liewenswandel of. Wéinst dem Verloscht vu Späichercapacitéit iwwerhuelen aner Fettzellen am Kierper an et kënne bei Bedarf och nach nei Fettzellen aus dem Stammzellereservoir vum Kierper entstoen.

Infobox

Hëftgold fir schlecht Zäiten

Och wa vill Leit hiert iwwerflësseg Fett gäre lass wären: Kierperfett ass net just eng wichteg Energiereserve, et schützt och viru Keelt, bitt Schutz bei engem Opprall an hält deen een oder anere Kierperdeel a Positioun.

Am wichtegsten ass dat wäisst Fettgewebe. All eenzel Zell - vu Wëssenschaftler Adipozyte genannt - hëlt genee eng Fettdrëps an sech op. An dat Fett enthält e ganze Koup Energie, déi de Kierper iwwer Hongerzäiten ewech hëllefe kann. Déi Depot'en, déi bei Leit mat normalem Gewiicht gutt ee Véierel vun der Kierpermass ausmaachen, kënne fir bis zu 40 Deeg duergoen. A gudden Zäiten droe mir déi dacks zentimeeterdéck Schicht ënnert der Haut vum Bauch an dem Hënner mat eis ronderëm. Des Speckschicht huet nach aner Aufgaben. Si suergt dofir, datt mir net ze séier auskillen. D'Fett leed Wäermt net besonnesch gutt a léisst se sou méi lues aus dem Kierper eraus. An e gutt Polster ass eist Fett och. Ënnert de Fousssuelen a ronderëm d'Knéigelenker fiedert et Stéiss of. Um Hënner polstert et an et suergt och dofir, datt Nieren sécher leien. Last but not least ass dat gutt duerchblutte Fettgewebe och eng kleng biochemesch Fabrik. Et stellt Substanzen hier, déi fir den Energiestoffwiessel wichteg sinn.

Wäiss, brong, beige - schéi faarweg Fett

Nieft dem wäisse gëtt et iwwregens och nach brongt a beige Fettgewebe. Dat brongt fënnt ee virun allem bei Puppelcher an huet eng eenzegaarteg Fäegkeet: d'Thermogenèse. Anescht wéi wäisst Fettgewebe enthält et vill kleng Fettdrëpsen. An och vill Mitochondrien - d'Kraaftwierker vun Zellen. Des wandele Fett bei Bedarf direkt an Hëtzt em a verhënnere sou, datt mer auskillen. Réischt virun e puer Joer hu Fuerscher eng drëtt Form vu Fettzelle fonnt - déi beige. Et gëtt ugeholl datt si eng änlech Funktioun wéi hir brong Verwandten hunn, sech awer och bei Erwuessenen aktivéiere loossen.

Wäisst Fett als Energiespäicher gräift mat chemesche Substanzen an d'Reguléierung vum Kierper an. Wann dee Späicher aus dem Gläichgewiicht geréit, begënschtegt dat Krankheete wéi Diabetis. Wat fir een Afloss brongt a beige Fett op dëse Risiko hunn, hu Fuerscher och ënnersicht. Mam Resultat: Op mannst bei Mais schénge béid Fettzelltype ganz effikass géint d'Krankheeten ze sinn. D'Wëssenschaftler sinn der Meenung, datt sech des Resultater op de Mënsch iwwerdroe loossen.

Wann d'Reserve zum Problem gëtt

Liewensmëttel am Iwwerfloss, ronderëm d'Auer an ouni vill Energie bei der Juegd ze verpolveren - sou ee Schlaraffeland gëtt et réischt säit engem Wimpereschlag an der Entwécklungsgeschicht vum Mënsch. D'Evolutioun kënnt der Entwécklung net no oder traut hir villäicht och net. Dofir leeë mir auch haut nach ronderëm de Bauch an den Hënner Reserven un - fir schlecht Zäiten. Och wa vill Leit an Industrielänner an Natiounen am Wuesstem des wuel kaum duerchliewe mussen. Dat bleift net ouni Konsequenzen: wa mir méi Energie ophuele wéi eise Kierper verbraucht, da ginn d'Depot'en mat Fett gefëllt. Dobäi schéngt de Kierper kee Stoppsignal ze kennen. Firwat Fettleiwegkeet - a Fachkreesser Adipositas genannt - och wéi eng Epidemie em sech gräift.

An dat ass net gesond. Vill Studie weisen dorobber hin, datt ze vill Fettgewebe eng ganz Rëtsch gesondheetlech Stéierunge begënschtegt. Déi ginn dacks "Zivilisatiounskrankheete" genannt. Häerz-Kreeslaferkrankunge gehéieren dozou: verschidde Bestanddeeler vum Fett kënne Gefässer zoupechen an esou de Moteur vun eisem Bluttkreeslaf negativ beaflossen. Héije Bluttdrock, Arterioskleros an Häerzinfarkt sinn nëmmen e puer méiglech Suitten. Och Diabetis vum Typ 2 gëtt duerch ze vill Kierperfett begënschtegt. Well d'Depot'en gräife mat hire chemesche Substanzen déif an den Energiestoffwiessel an, sou dass en Iwwermooss vun hinnen dat austaréiert Gläichgewiicht vun de Stoffwiesselprozesser zum Kippe brénge kann.

Op där Basis gi verschidde Fuerscher dervun aus, datt d'Liewenserwaardung an enger Industrienatioun wéi Amerika - déi bis elo ëmmer an d'Luucht gaangen ass - wéinst Fettleiwegkeet fir d'éischt säit Laangem erëm erofgoe kéint.

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Éditeur an Iwwersetzer: Michèle Weber/FNR

Infobox

De Mr Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Quellen

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR