(c) Jon Sullivan

Wat huet waarme Kaffi da mat jäizen ze dinn?

D’Temperatur vum Kaffi dréckt soss näischt aus wéi d’Beweegunge vun de klitzeklenge Bausteng aus deenen de Kaffi besteet - de Moleküllen! Wat déi Bausteng sech méi beweegen, wat de Kaffi méi eng héich Temperatur huet, wat en also méi waarm ass! An duerch d’Schallwellen, déi ech beim jäizen produzéieren, kréien ech d’Bausteng och un d’vibréieren, de Kaffi gëtt also méi waarm!

Awer bestëmmt net esou séier wéi an der Mikrowell!

Nee, do hues de Recht! Mir jäizen am Duerchschnëtt mat 80 Dezibel. Wann ech meng Taass Kaffi also während enger Sekonn ublären, da ginn ech hier duerch d’Schallwellen, déi ech produzéieren, mol kee Milliounstel Joule Energie. An dat geet net duer fir de Kaffi waarm ze kréien. Dofir misst ech d’Taass da scho 16 an en halleft Joer ublären!

Ech mengen dat geet awer méi séier wéi dat! Et dauert bestëmmt keng 16 Joer bis den Noper der eng waarm Taass Kaffi bréngt just fir dass de de Bak solls halen!

Auteur: Corinne Kroemmer

Mat engem grousse Merci un den Änder Mousset!

Foto © Jon Sullivan

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

     
A just zum Spaass nach e puer Zuelen

Fir erauszefannen, wéi vill Energie ee brauch fir de Kaffi vu 25°C op 75°C ze erhëtzen, benotzt een des Formel:
Q = m • c • (Tf  – Ti) mat Q = Energie (J)
m= Mass vum Waasser (kg)
c= Konstant fir d’Waasser (4 200) Et brauch een also 52 500 Joule (J) Energie.
Fir erauszefannen, wéi laang et dauert, fir dem Kaffi des Energie ze iwwerdroen, benotzt een des Formel:
Q = P • t, respektiv t = Q / P mat Q = 52 500 Joule P = 80 dB = 0.0001 W/m2 = 0.0001 J/m2s Et brauch een also 525 000 000 Sekonne fir de Kaffi waarm ze maachen. Dat si bal 16,5 Joer!

Aussi dans cette rubrique

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR