shotshop.com

Genee wéi bei genverännerten Déieren, kënnen also Mënsche produzéiert gi mat geziilt verännertem Genom.

Mr. Science, d’Nouvelle koum leschten November an elo Enn Januar fir d‘zweet, et schéngt awer geschitt ze sinn?

Jo, an zwar a China. 2 Puppelcher si gebuer, an en 3ten, deem säi Genom geziilt geännert ginn ass, ass ënnerwee. Dat behaapt jiddefalls de responsabele Fuerscher. Bis elo konnt dat awer nach net vun eng onofhängeger Säit bestätegt ginn. Mee Wëssenschaftler, déi sech seng Donnéeën ugekuckt hunn, halen et fir plausibel. Dobäi handelt et sech awer emol net em ee wëssenschaftlechen Duerchbroch. Déi eenzel Schrëtt, fir Mënschen-Embryoen ze manipuléieren, si gutt erfuerscht. Et hat sech bis elo nëmmen nach kee getraut, et och ze maachen.

Wat genau ass bei de Puppelcher manipuléiert ginn?

De Fuerscher huet de Gen geännert deen et dem Kierper erlaabt eng wichteg Substanz am Immunsystem ze produzéieren. Déi soll vun engem Ustieche vum AIDS-Virus schützen. D’Crispr/Cas-Technik huet dat méiglech gemaach. Dës Technik ass eréischt 2012 entwéckelt ginn an huet Biologen a Medeziner direkt an Opreegung versat. Mat dëser Technik kann ee vill méi einfach a méi séier eise Genom verännere wéi bis elo. Dës Technik ass ee geniaalt Geschir fir d’Fuerschung. Et ass awer direkt gefaart ginn, dass si och d’Genmanipulatioun vu Mënsche méi einfach mécht.

Wat sprécht dann dogéint?

Genee wéi bei genverännerten Déieren, kënnen also Mënsche produzéiert gi mat geziilt verännertem Genom, dee si dann och un hir Kanner weiderginn. Mee wat geschitt, wann Elteren sou geziilt d’Ausgesinn oder Charaktereegenschafte vun hire Kanner bestëmme wëllen? Dat ka grav gesellschaftlech Folgen hunn.

Mee wann een esou Krankheete verhënnere kann?

Leider weess d’Wëssenschaft haut nach ëmmer vill ze wéineg, fir um Genom vun der Mënschheet ronderëm ze schnëppelen. Am aktuelle Fall schützt d’Verännerung villäicht besser virum AIDS-Virus, mécht awer gläichzäiteg méi ufälleg fir d’Gripp an de West-Nil-Virus. A well et een Agrëff an dat extrem komplext a nach laang net ganz verstanent Immunsystem ass, kann et och nach aner onerwaart Konsequenzen hunn. Villäicht eréischt vill méi spéit, wann aus de Puppelcher Bopa‘en gi sinn. An et gëtt nach ee Problem: Dës nei Genmanipuléierungs-Methode mécht nach vill Feeler, mat Folgen déi ee schlecht ofschätze kann. E puer renomméiert Fuerscher soen awer trotzdeem, dass genmanipuléiert Mënsche gläich ganz normal gi wäerten.

Hmmm, doriwwer soll d’Gesellschaft awer mat schwätzen!

Genee dorëms geet et elo. D’Leit mussen sech bewosst gi wat do op eis zou kënnt. Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Nach e puer aner Froen...

Mënsche genmanipuléieren, ass dat net verbueden?

Et muss een ënnerscheeden, ob „normal“ Kierperzelle bei neiaartege gentechneschen Therapieverfahre verännert ginn oder ob et sech dobäi em Spermien, Eezellen oder Embryoen handelt. Et schwätzt een da vun engem Agrëff an d’Keimbunn, also an deen deel vum Genom, deen iwwer Generatioune weidergi gëtt, wat also een Agrëff an de Genom vun der Mënschheet ass. Dat ass an der EU verbueden, mee weltwäit ass d’Lag net ganz  eenheetlech. All Regierungen, och déi aus Europa, hunn Schwieregkeeten déi rasant Entwécklung op deem Gebitt vun der Gentechnik mat sënnvolle Gesetzer ze begleeden. Op der enger Säit soll Fuerschung an d’Entwécklung vu villverspriechende medezineschen Therapien net behënnert ginn, op der anerer Säit wëll ee „Mënschenziichtungen“ verhënneren. Och d’Fuerscher sinn sech net eeneg, wéi streng Agrëff an de mënschleche Genom gereegelt gi sollen. Déi amerikanesch Akademie vu Wëssenschaften, Technik a Medezin recommandéiert zum Beispill Agrëff an déi mënschlech Keimbunn, also an de Genom vu Spermien, Eezellen oder Embryoen an Zukunft ze erlaben.

Wat ass d‘Crispr/Cas -„Genschéier“?

Et vergläicht een dës Methode gäre mat Textveraarbechtungen: Wéi mat „Sichen“, „Afügen“ oder „Ersetzen“ kéint een esou d’Successioun vun de Bausteng vum Genom veränneren. Si sinn 2012 entdeckt ginn a säit dem weiderentwéckelt ginn. Och dovu konnt ee scho geziilt Verännerungen am Genom virhuelen. Et war awer substanziell méi opwändeg a méi langweileg. Bei der Crisp/Cas-Methode gëtt am DNA Code no enger bestëmmter Successioun vun de Bausteng vum Genom duerchsicht a genee do zerschnidden. Wann ee gläichzäiteg nei, kuerz Gen-Schnipsel dobäi gëtt, kënnen si un dëser Plaz agesat ginn. Mee déi Method ass net perfekt, si mécht och Feeler.

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mister Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science