(c) maxxyustas/Shotshop.com

De Wi-Fi, oder WLAN, ass ee kabellos Funknetzwierk dat eis Computeren mateneen a mam Internet verbënnt. 25% vun de Stéit weltwäit hu mëttlerweil Wi-Fi. An duerch d’Fuerschung gëtt en nach ëmmer besser.

1988 gouf e Wireless Local Area Network, also WLAN, fir d’éischt vun enger amerikanescher Firma agesat, fir Buttekskeesen ouni Kabel mateneen ze verbannen. 1997 gouf de Wi-Fi als kommerzielle Standard agefouert, a gëtt zënterhier permanent verbessert.

A wéi enger Hinsicht?

Ma et geet haaptsächlech drëms, d’Signal ze verbesseren an domatter d’Iwwerdroung vun méi Daten ze erméiglechen. De Wi-Fi vun 1997 huet Daten mat 1-2 Mbit pro Sekonn iwwerdroen. Haut si mer bei 50-70 Mbit pro Sekonn – genuch fir en HD Video iwwer Wi-Fi kucken.

Ma wéi funktionéiert Wi-Fi eigentlech?

Dat geet iwwer Funkwellen. Doheem hu mir jo enzwousch sou eng Internet-Këscht stoen. Des Këscht ass iwwert ee Kabel mam Internet verbonnen an iwwersetzt Daten an ee Funksignal, wat dann un déi eenzel Geräter am Netzwierk iwwerdroen gëtt, also z.B. Computeren, Handyen, Printer an sou weider. Déi Geräter hunn all ee speziellen Adapter, deen dat Signal dann erëm an Daten ëmwandelt. Um ëmgedréite Wee funktionéiert dat genau selwecht.
D’Qualitéit vum Signal hänkt vun der Distanz zu der Internetkëscht of, wéi vill Objet’en am Wee stinn an wat fir eng Stéierungen aner Funkwellen verursaachen.

A wéi geet dat mam Wi-Fi an Zukunft weider?

Majo eis Welt gëtt ëmmer méi hongereg no Daten. Et gëtt dervu geschwat, dass een an Zukunft ëmmer manner Kabelen brauch, also keen USB méi an sou weider. Beim Wi-Fi huet een dee Problem bis elo haaptsächlech doduerch geléist, dass een nei Frequenzen zur Verfügung gestallt huet iwwert déi gefunkt ginn. Dat kann allerdéngs net éiweg sou weider goen, an do mussen d’Fuerscher nach eng Léisung fannen.

Also geet d’Fuerschung nach ëmmer weider.   

Genee, dat ass jo dat schéint dodrun. Et gëtt ëmmer nach neies ze entdecken.

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Editeur: Stefan Winter (Restena)
Photo © maxxyustas/Shotshop.com

 

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

 

Woufir steet Wi-Fi?

"Wi-Fi" ass e Konschtbegrëff. Et gëtt oft ugeholl, dass et fir „Wireless Fidelity“ steet (ähnlech wéi „Hi-Fi“ fir „High Fidelity“ steet), mee et ass awer net esou. Wi-Fi gouf als Ofkierzung erfonnt, well et vertraut kléngt. Den eigentleche Fachbegrëff ass „WLAN“: „Wireless Local Area Network“.

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR