Job Offer

FNR

Schéck eis Däi Motivatiounsschreiwes an CV bis spéitstens de Méinden, 31. Oktober 2022 eran.

De 25. a 26. November 2022 organiséiert de Fonds National de la Recherche (FNR) zesumme mat all de Fuerschungsakteuren déi 6. Editioun vun de Researchers’ Days an der Rockhal zu Esch/Belval.

Wat sinn d’Researchers’ Days?

  • Interaktiv wëssenschaftlech Atelieren fir Grouss a Kleng – a gratis!
  • Science Cafés: interaktiv Diskussiounen iwwer Fuerschungsprojeten mam Fuerscher an engem relaxe Kader
  • Promotioun vun der Recherche an de Fuerscher zu Lëtzebuerg an dem direkten Austausch tëschent Wëssenschaftler an dem Grand Public.

De Freideg den 25. November (8h30 bis 16h30) ass fir d’Lycées Klasse reservéiert an de Samschdeg 26. November maachen d’Reseachers’ Days hier Dieren vun 10h00 bis 19h00 fir de Grand Public op.

All weider Informatiounen zu de Researchers’Days fënns du op www.researchersdays.lu.

Wat siche mir?

Mir siche Leit (mindestens 18 Joer al), déi bei der Animatioun vu wëssenschaftlechen Atelieren hëllefe kënnen an idealerweis déi zwee Deeg disponibel sinn. 

Deng Qualitéiten:

  • Du bass mindestens 18 Joer al
  • Dir fält et liicht dech mat Mënschen vun all Alter (Kanner, Jonker, Erwuessener,...) auszetauschen
  • Du interesséiers dech fir Wëssenschaft a Fuerschung
  • Du schwätz lëtzebuergesch (noutwendeg), franséisch (erwënscht), däitsch (erwënscht) an englesch (erwënscht)
  • Du kanns an enger Equipe schaffen, bass eegestänneg, dynamesch an traus dech op d’Leit zou ze goen
  • Du bass gewëllt dech scho virum Event mat denge Responsabel auszetauschen fir den Atelier optimal ze preparéieren

De Salaire (brut) ass ofhängeg vun dengem Studien-Niveau:

  • 20€/Stonn – mat diplôme de fin d’études secondaires
  • 23€/Stonn – mat diplôme bachelor 
  • 26€/Stonn – mat diplôme master

Erkenns Du dech an dëser Beschreiwung? Da schéck eis Däi Motivatiounsschreiwes an CV bis spéitstens de Méinden, 31. Oktober 2022 un:

 

emotion event management
Mme Cynthia Losch
1, rue de la vallée
L-7411 ANSEMBOURG
Tél.: (+352) 24 69 78 - 25
team@emotion.lu

D‘Selektioun vun de Kandidaten iwwerhëlt den FNR. D’Agence emotion event këmmert sech em d’administrativ Gestioun vun den Demanden.

Auch interessant

Researchers’ Days 2024 Aufruf für wissenschaftliche Workshops

Von Donnerstag 28. bis Samstag 30. November 2024 kehren die Researchers' Days zurück in die Rockhal in Esch/Belval. Eins...

FNR
Researchers’ Days 2022 D’Aschreiwunge fir d’Enseignante sinn op

De Freideg 25. November verwandelt sech d’Rockhal fir d’Lycées-Schüler an ee risege Fuerschungslabo. Sief och Du mat den...

FNR
Researchers‘ Days 2018 Gegen Mathe-Angst gibt es ein Mittel

Als Neurowissenschaftlerin beschäftigt sich Christine Schiltz, Teilnehmerin der Researchers‘ Days 2018, unter anderem mi...

Auch in dieser Rubrik

Researchers’ Days 2024 Aufruf für wissenschaftliche Workshops

Von Donnerstag 28. bis Samstag 30. November 2024 kehren die Researchers' Days zurück in die Rockhal in Esch/Belval. Einsendeschluss für Organisatoren von Workshops: Montag, 19. Februar 2024.

FNR
25. & 26. November 2022 Impressioune vun de Researchers' Days 2022

D'Researchers' Days waren och dëst Joer erëm e groussen Erfolleg! 6500 Visiteuren, iwwer 30 Atelieren an 2 Deeg voller flotter Momenter. Hei sinn e puer Impressiounen.

Researchers‘ Days 22 Können wir die Verbreitung von Krebszellen durch unsere Ernährung beeinflussen?

Kann ein einziges Molekül später vielleicht die Metastasenbildung von Krebszellen beeinflussen? Das untersucht Laura Neises am LIH.

FNR, LIH