Aschreiwung fir Lycéeën

FNR

Nach bis den 19. Oktober kanns Du Deng Klass iwwert eisen Umeldungsformular aschreiwen.

Op de Researchers‘ Days presentéieren ëm déi 250 Wëssenschaftler mat iwwer 30 Atelieren a 5 Science Cafés hier Fuerschung. „THE PLACE TO BE“ also fir de Schüler de Beruff vum Fuerscher, d‘wëssenschaftlech Methode an d‘Fuerschungméiglechkeeten zu Lëtzebuerg méi no ze bréngen – a fir einfach nëmme Spaass un der Wëssenschaft ze hunn. 

HEI KANNS DU DENG KLASS ASCHREIWEN

Nach bis den 19. Oktober kanns Du Deng Klass iwwert eisen Umeldungsformular aschreiwen.

Du bass net méi am Lycée, ma wëlls awer bei de Researchers’ Days dobäi sinn? Kee Problem! D’Researchers’ Days sinn de Samschdeg 26. November vun 10:00 - 19:00 Uhr duerchgoend fir jiddereen (mir recommandéieren en Alter vun minimal 6 Joer) op – an den Entrée ass gratis.

Wat erwaart Dech?

Deng Schüler kënnen sech fräi um Site beweegen a jee no Interessi un iwwer 30 verschiddene Workshoppen a 5 Science Cafés deelhuelen. Bei Denger Umeldung fir d’Researchers‘ Days muss Du Deng Klass also NET fir eenzel Workshoppen aschreiwen, ma déi Jonk entscheede sur place an individuell bei wéi enge Workshoppe si wëlle matmaachen.

Hei fannen si z.B. eraus wéi ee mat Laserstrale Botschafte verschéckt, ob et Plastik villäicht och am Bio gëtt oder wéi 5G an néi Kommunikatiounstechniken eis Gesellschaft wäerte beaflossen. Wat eise Kierper mat der Pizza mécht nodeems mir se ofgeschléckt hunn, a wéi eigentlech ee Covid-Test funktionéiert. Si kënne mat kënschtlecher Intelligenz Snapchat Filter erstellen, mat Roboter ee Konschtwierk erstellen, hiert eegent Mondlager bauen an duerch ee Science-Labyrinth voller Challengë lafen. Duerch Spiller léieren si, wéi een säin eegene Roboter programméiert oder wat d’Effekter vum Klimawandel sinn.  

Fir eng Impressioun ze kréien, hei de Video vun der Editioun 2018:

An de Science Cafés kënnen déi Jonk mat de Fuerscher iwwer de Sënn vu Mathé diskutéiren oder sech erkläre loossen, firwat Waasser eng eenzegarteg oder och universell Ressource am Weltraum ass. Och fir d’Science Cafés muss Du Deng Klass NET scho bei der Umeldung aschreiwen, ma Du kanns si am Viraus dorobber opmierksam maachen, datt dës zu festgeluechten Horaire stattfannen:

  • 10:00-10:45: Astigmath: le quiz qui corrige votre vision des math
  • 11:30-12:15: L'eau - une ressource extraordinaire et … extraterrestre

Den detailléierte Programm vun de Researchers‘ Days fënns Du hei.

Opgepasst: d’Plaze si limitéiert! Schreif Deng Klass also esou schnell wéi méiglech an!

All weider Informatiounen zum Event fënns du op www.researchersdays.lu

Video: © MOAST 
Fotoen: Olivier Minaire

Auch interessant

Researchers’ Days 2024 Aufruf für wissenschaftliche Workshops

Von Donnerstag 28. bis Samstag 30. November 2024 kehren die Researchers' Days zurück in die Rockhal in Esch/Belval. Eins...

FNR
Job Offer Researchers’ Days 2022 Mir rekrutéieren Animateure fir wëssenschaftlech Atelieren

Du bass mindestens 18 Joer al, u Wëssenschaft a Fuerschung interesséiert an dir fält et liicht dech mat Kanner an Erwues...

FNR
Researchers‘ Days 2018 Gegen Mathe-Angst gibt es ein Mittel

Als Neurowissenschaftlerin beschäftigt sich Christine Schiltz, Teilnehmerin der Researchers‘ Days 2018, unter anderem mi...

Auch in dieser Rubrik

Researchers’ Days 2024 Aufruf für wissenschaftliche Workshops

Von Donnerstag 28. bis Samstag 30. November 2024 kehren die Researchers' Days zurück in die Rockhal in Esch/Belval. Einsendeschluss für Organisatoren von Workshops: Montag, 19. Februar 2024.

FNR
25. & 26. November 2022 Impressioune vun de Researchers' Days 2022

D'Researchers' Days waren och dëst Joer erëm e groussen Erfolleg! 6500 Visiteuren, iwwer 30 Atelieren an 2 Deeg voller flotter Momenter. Hei sinn e puer Impressiounen.

Researchers‘ Days 22 Können wir die Verbreitung von Krebszellen durch unsere Ernährung beeinflussen?

Kann ein einziges Molekül später vielleicht die Metastasenbildung von Krebszellen beeinflussen? Das untersucht Laura Neises am LIH.

FNR, LIH