FNR, RTL

Sarah de Nutte (Nr 2 am Dëschtennis zu Lëtzebuerg) impressionéiert de Mr Science mat enger enorm séierer Reaktiounszäit.

Dëschtennis zielt zu deene séierste Sportaarten. E séiere Ball kann zwar „just“ 120 km/h drop kréien, mee, well d’Distanz tëscht de Spiller immens kuerz ass, muss enorm séier reagéiert ginn. Professionell Dëschtennisspiller-inne gehéieren also zu deene Persounen, déi am meeschten Training an der Reaktiounszäit hunn, an eng Spillerin wéi d’Sarah de Nutte war dohier déi ideal Versuchspersoun fir dem Mr Science säin Experiment.

D’Übung déi am meeschte Reaktivitéit erfuerdert ass d’Trainerzouspill, eng Übung wou den Trainer 2-3 Bäll d’Sekonn fort schéisst, an dat an all Richtungen. En ontrainéierte Spiller huet bei dëser Vitesse net mol d’Chance fir d’Bäll ze beréieren. D’Sarah de Nutte kritt an dësem Test awer nach quasi all Ball zeréck op déi aner Dëschsäit gespillt. Wëll dës Übung awer vill vun der Erfarung mat Dëschtennis ofhänkt huet d’Sarah an de Mr Science sech och an engem Reaktiounstest duelléiert bei deem ee just op Luuchten déi opblénken huet missen drécken.

Resultater aus dem Fitlight© test: An der Moyenne reagéiert d’Sarah de Nutte 64 Millisekonne méi séier

D’Resultat aus dësem Test ass erschreckend kloer: rechent een d’Ausräisser, déi duerch Feelmanipulatioun zustane komm sinn eraus, ass den Ënnerscheed an der Reaktiounszäit tëscht der Sportlerin an dem Wëssenschaftler nach ëmmer iwwer 30 Millisekonnen. En Dëschtennisball dee mat 120 km/h flitt, leed an där Zäit eng Distanz vun iwwert engem Meter zeréck.

Wéi séier reagéiers Du?

Hei fënns De e Reaktiounstest deens du op dengem eegene Computer maache kanns. Allerdéngs hunn dës Tester ëmmer eng Feelerquell déi op d’Latenzzäit vum Ecran a Maus zeréckzeféiere sinn. Et gëtt engem awer eng éischt gutt Aschätzung.

Fuerschung un der Reaktiounszäit

De Prof. Dr. Thorben Hülsdünker erfuerscht d’Reaktiounszäit mat Hëllef vu Strobobrëller an EEG Gehierstréimmoossungen

Eng séier Reaktiounszäit ass ganz entscheedend, fir bei séiere Ballsportaarte besser ze spillen. Den Asst. Prof. Dr Thorben Hülsdünker vun der Lunex University vun Déifferdeng konnt an Etüden u Badminton- an Dëschtennisspiller confirméieren, datt Badminton an Dëschtennisspiller effektiv méi séier visuell Impressiounen am Gehier verschafft kréien. Bei sengen Experimenter huet hien d’Gehierstréim am Cortex vun de Probande  gemooss, wärend dem si e visuelle Reaktiounstest gemaach hunn. Dobäi gouf festgestallt, datt déi éischt Reaktioun am Gehier bei Sportler wéi bei net Sportler änlech ass, mee d’Verschaffe vun den Impressiounen ass bei Sportler awer däitlech méi séier. Weiderhi konnt hie weisen, wéi een dës Reaktiounszäit nach geziilt weider verbessere kann.

Shutterbrëllentraining fir d’Reaktiounszäit ze verbesseren

Eist Gehier ass an all Alter nach léier- an upassungsfäeg, änlech wéi eis Muskelen. E Spezialbrëll (Strobo- oder Shutterbrëll), deen eist Siichtfeld op an zou mécht soll, dem Prof. Hülsdünker no, d’Reaktiounszäit geziilt trainéiere kënnen a méi séier maachen. D’Iddi dohannert ass folgend: d’Gehier léiert mat manner Informatiounen eens ze ginn. Et léiert z.B. de Wee vun engem Ball virauszesoen obwuel een nëmmen e Brochdeel vun der Zäit eppes gesäit. An dat schéngt ze wierken: an der Moyenne konnten d’Spiller, no engem längeren Training mat dësem Brëll, hier Reaktiounszäit em weider 13 Millisekonnen verbesseren.  

Kann een dem Gehier mat enger 9Volt Batterie op d’Spréng hëllefen?

Déi däitsch Liichtathletin Gina Lückenkemper leckt virun hirem Training un enger 9 Volt Batterie. Dës Elektrostimulatioun soll hëllefen d’Gehier ze aktivéieren datt et duerno beim Training besser reagéiert, fir z.B. méi séier aus de Startbléck beim 100 Meterlaf ze kommen. Hei loosse wëssenschaftlech Beweiser awer nach op sech waarden.

Dem Mr Science huet d’Batterie eleng op jiddefalls net am Match géint d’Sarah gehollef. An och mat Shutterbrëll huet d’Sarah missen extrem lues spillen fir datt de Mr Science iwwerhaapt e Ball konnt fänken. Training an der Disziplin ass a bleift dat wichtegst fir gutt ze ginn an enger Sportaart.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: Media4all & RTL
Merci: FLTT, LIHPS

Auch interessant

Olympesch Summerspiller zu Tokio Wéi vill Sport ass gutt fir eise Kierper?

Den 23. Juli fänken d'Olympesch Spiller a Japan un. Fir eng Medail ginn d'Athleten un hir Grenzen. Wat bedeit dat fir de...

FNR
Warscheinlechkeete fir e Gol Statistik Eelefmeterschéissen: besser uewen, ënnen, lénks oder an d'Mëtt?

Wéi grouss ass d'Warscheinlechkeet, datt de Ball erageet, je nodeems wéi een en Eelefmeter schéisst? Et gëtt och en Ënne...

FNR
Studie mit Freizeitläufern Schuhdämpfung als möglicher Risikofaktor für Laufverletzungen?

In einem gemeinsamen Forschungsprojekt haben das LIH und das Decathlon SportsLab den Zusammenhang zwischen Schuhdämpfung...

LIH