Adobe Stock

Et kann ee Flecken a 4 Gruppen andeelen: enzymatesch, oxidéierbar, fetteg a Partikelflecken.

Ob e Fleck aus engem Stoff nees erausgeet, hänkt vun enger Partie Faktoren of. Fir d’éischt emol natierlech vum „Täter“, also der Substanz, déi de Fleck hannerlooss huet. Da vum Stoff selwer. A wa mir net oppassen, da kënnen och mir selwer schold dru sinn, dass e Fleck sech am schlëmmste Fall fir ëmmer festsetzt. Mee der Rei no. Sabbele mir eng Substanz op eis Kleeder, den Teppech oder de Kannapee, da gëtt se normalerweis vun de Fasere vum Stoff absorbéiert, leet sech ëm dës ronderëm, dréngt a se an a setzt sech an de Pore fest. Vun do musse mir se elo nees eraushuelen a kënnen dobäi esou munches falsch maachen.

Ferm reiwen zum Beispill.

Genee. Well domat vergréissere mir net just de Fleck, mir „masséieren“ d’Substanz an d’Geweebe an, esoudass se duerno vill méi schwéier erauszekréien ass. Bei Flëssegkeeten ass et besser, virsiichteg drop ze tuppen a se opzesuckelen – an zwar vum baussechte Bord vum Fleck a Richtung Mëtt. Duerno sollt een dem reschtleche Fleck mat dem passende Géigemëttel un de Kolli goen. Heibäi hëlleft et, déi wichtegst Substanzen, déi Flecke verursaachen, ze kennen – an dann dat richtegt Mëttel ze wielen.

A wéi eng wieren dat?

Der Einfachheet halber deele mir d’Flecken a véier Gruppen an: enzymatesch, oxidéierbar, fetteg a Partikelflecken. Enzymatesch Flecken entstinn duerch grouss Moleküllen, ewéi se am Blutt, am Gras oder am Schockela ze fanne sinn. Normalerweis léise sech dës Stoffer just schwéier a Waasser a loosse sech dowéinst just schlecht auswäschen. Hei kommen d’Enzymer an d’Spill, déi a Wäschmëttelen a Fleckenentferner enthale sinn. Dës wierken ewéi e Katalysator. Si splécken déi grouss Molekülle vun de Substanzen, déi fir Flecke responsabel sinn, a kleng Moleküllen. An déi ginn an der Wäsch gutt eraus. Mee opgepasst: Munch Substanze gi bei héijen Temperature cheemesch Reaktiounen an. Eewäisser zum Beispill denaturéieren, verklompen, gi fest. Dat suergt z. B. dofir, dass eist Ee moies beim Kaffi net vun der Forschett leeft. Mee och, dass Bluttflecken no enger Ronn am Trockner eigentlech just nach mat der Schéier aus de Kleeder eraus ginn. Dowéinst: Bluttflecken méiglechst séier an a kalem Waasser auswäschen.

Dat héiert sech awer net gutt un. Mee et muss jo net ëmmer direkt Blutt sinn. Heiansdo geet Kaffi oder roude Wäin och schonn duer.

Déi zwee Übeltäter gehéieren an déi zweet Grupp, also d’oxidéierbar Flecken. Hei sinn et Faarfmoleküllen, déi eis Kleedung optesch ruinéieren. Déi probéiert een normalerweis guer net erauszekréien, mee et muss een op Bleechmëttelen zeréckgräifen. Duerch eng cheemesch Reaktioun, déi een Oxidéierung nennt, zerstéiere si de Faarfstoff, esoudass mir en net méi gesinn an d’Hiem nees schéi wäiss ausgesäit. Virausgesat, dass et virdru wäiss war. Bei faarwege Kleeder muss een oppassen, ob se gebleecht kënne ginn. Waasserstoffperoxid ass e beléift Bleechmëttel. Et ginn der awer och op Esseg- oder Chlorbasis.

An déi zwou lescht Fleckegruppen?

Déi drëtt Grupp sinn d’fetteg Flecken: Sonnecrème um Revers oder de Flapp Mayonnaise, nodeems een zum Beispill mat Genoss an e Burger gebass huet. Fett léist sech net a Waasser. Dowéinst musse mir nohëllefen. An zwar mat Tensiden, déi an normale Wäschmëttelen enthale sinn. Dat si Moleküllen, déi op deem engen Enn Waasser gäer hunn an op deem anere Fett. Esou brénge si et fäerdeg, dass Ueleg vum Wäschwaasser opgeholl an oftransportéiert gëtt.

A last, but not least ginn et och nach d’Partikelflecken, déi eise klenge Knaschtpitti beim Spillen am Matsch iwwer seng Kleeder verdeelt. Géint Bulli a Buedem hëllefen sougenannt Builder. Dat si Substanzen, déi d’Waasser méi „duuss“ maachen an och a Wäschmëttelen enthale sinn. Si eliminéiere Kalzium- a Magnesium-Ionen. Dat hëlleft derbäi, d’Bindung vun de Bullismoleküllen am Stoff ze schwächen, esoudass se kënnen ausgewäsch ginn.

Dacks besabbele mir eis awer mat eppes, dat Substanzen aus e puer vun deene véier Gruppen enthält. An deem Fall musse mir beim Fleckenentferner och op déi richteg Mëschung oppassen. Och huet sech erausgestallt, dass munch Fleckenentferner zwar gutt wierken, mee net onbedenklech sinn. Phosphater zum Beispill, déi als Builder gutt funktionéieren, schiedegen d’Ëmwelt. D’Sich no gëeegente Fleckenentferner geet also weider an dowéinst bleift d’Fuerschung spannend.

Auteur: Kai Dürfeld (scienceRELATIONS)
Éditeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Hausmëttel géint Flecken

Vill Flecke gi mat Saachen ewech, déi an all Stot ze fanne sinn.

  • Spullmëttel zum Beispill. Well dat eliminéiert net just Fett an engem Dëppen oder enger Pan, mee och op engem Hiem oder enger Blus. Einfach e bësse Spüli op de Lëppestëft um Revers oder de Botter um Schiertech tuppen an ausspullen. Bei hartnäckege Flecken dat Ganzt widderhuelen.
  • Ass de Schockela net ganz am Mond verschwonnen, mee huet sech och um T-Shirt veréiwegt, da kann eng Mëschung aus Esseg, Bakpolver, Spullmëttel a waarmem Waasser hëllefen. D’Spullmëttel geet dem Fett am Schokela un de Kolli. Esseg a Bakpolver reagéiere mateneen, dobäi entsteet CO2, dee “Bewegung” an d’Knaschtpartikele bréngt.
  • Schwaarz Seef bewierkt scho bal Wonner. Se gëtt aus der Gal vum Rand an enger klassescher Natronseef hiergestallt an et gëtt se an all guddem Supermarché. Se kombinéiert direkt zwee Fleckenentferner an engem. Well schwaarz Seef wierkt enzymatesch, spléckt also grouss Moleküllen op. A se wierkt emulgéierend, suergt also dofir, dass sech Ueleg a Waasser verdroen. Domat kritt een net just Flecke vu Kaffi, Téi a roudem Wäin ewech, mee och Blutt, Uebst a Ketchup. Egal ob Spullmëttel, Esseg oder schwaarz Seef – behandelt gëtt virsiichteg vum Rand bis bei den Zentrum vum Fleck. An zum Schluss kënnt d’Wäsch nach emol an d’Maschinn.
  • Flecke vu roudem Wäi just mat Salz ewechzemaachen klappt leider net ëmmer. Salz soll anscheinend de Fleck opsuckelen. Dat stëmmt leider net ganz: D’Salz hëlt zwar d’Flëssegkeet op, mee net d’Faarfpigmenter. Besser ass et, esou séier ewéi méiglech mat engem kottengs Duch duuss vu baussen no bannen op de Fleck ze tuppen. An dobäi Mineralwaasser op déi betraffe Plaz drëpsen ze loossen, fir d’Faarfpigmenter ze léisen. Net reiwen!

En Fleckenentferner um Himmel

Op wäisse Kleeder si Verfierwunge besonnesch blöd. Dass een dës mat engem zimmlech einfache Mëttel, dat och nach näischt kascht, ewechkritt, wousste schonn eis Virfaren. Si hunn hir wäiss Wäsch fir ze dréchnen dobaussen op d’Léngt gehaangen an der Sonn d’Aarbecht iwwerlooss. Oder méi genee: Et ass den UV-Undeel am Sonneliicht, dee Verfierwungen ewechkritt. Well d’energieräich Stralung brécht d’cheemesch Bindungen innerhalb vun de Faarfstoffmoleküllen op. Si wëlle sech nees verbannen a gräifen no dem Sauerstoff an der Loft. D’Faarfstoffmoleküll gëtt oxidéiert a verléiert esou hir Faarf. Ass dobäi och nach Waasser am Spill – well d’Wäsch eebe fiicht opgehaange gëtt –, da gëtt dësen Effekt esouguer nach verstäerkt. Well d’Sonnenenergie rappt och d’Waassermoleküllen auserneen. Iwwereg bleift en Hydroxyl-Radikal, dat aus eemol Waasserstoff an eemol Sauerstoff besteet. Dësen ass immens reaktiounsfreedeg a brécht och d’Bindunge vun de Faarfstoffmoleküllen op.

Auteur: Kai Dürfeld (scienceRELATIONS)
Éditeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

Auch interessant

Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR
Science Writing Competition 2021 Werden wir eines Tages Wände hochklettern wie Spiderman?

Damit ein Mensch an einer Wand emporklettern kann, müssen seine Hände mit einer Kraft an der Wand haften, die sein Gewic...

Weihnachtsexperiment Bastele einen Stern mit Zahnstochern!

Mit diesem kleinen Science-Trick könnt ihr die Gäste auf eurem Weihnachtsessen begeistern!

FNR