Scharchen

Adobe Stock

Studien hunn erginn, dass däitlech méi Männer ewéi Frae schnaarchen.

Umierkung vun der Redaktioun: Dësen Artikel gouf den 8. Abrëll 2024 aktualiséiert. An der bloer Infobox iwwer obstruktiv Schlofapnoe gouf e Verweis op d'Schloflaboen derbäi gesat.

Schnaarche si Vibratiounsgeräischer vu mëllem, elasteschem Geweebe am Hals. Wann s du schléifs, entspaant sech däi Kierper. D’Muskelen an deemno och d’Geweebe verléieren u Spannung a gi mëll. Beim Ootme kënnen dann d’Zong, den Zäppchen, elastesch Deeler vum Gumm oder d’Wänn vum Hals am Loftstroum ufänken ze vibréieren. Dat héiert sech da bei munche Leit un, wéi wa se géife Beem zerseeën.

 A firwat schnaarcht deen een an en aneren net?

Dat hänkt mam individuellen Opbau vum Hals zesummen. Wa sech do d’Muskele beim Schlofen entspanen, ginn d’Otemweeër méi enk – bei munche Mënschen esou staark, dass se eebe schnaarchen. Et ginn awer e puer Facteuren, déi d’Schnaarche begënschtegen. Fëmmen an Erkältunge bewierken entzündlech Reaktiounen am Hals. Mam Resultat, dass d’Strass schwëllt an d’Loft beim Ootme rasselt. Oder extreemt Iwwergewiicht. Dat mécht sech net just ronderëm de Bauch an d’Taille bemierkbar, mee och d’Strass gëtt méi enk.

Am Alter gëtt d’Geweebe méi latscheg. Dat selwecht geschitt, wann een Alkohol virum Schlofen drénkt oder Berouegungsmëttelen hëlt. Dat sinn och Grënn, firwat den Otem nuets haart ze héieren ass. An ausserdeem hu Studien erginn, dass däitlech méi Männer ewéi Frae schnaarchen – ënner anerem wéinst dem Adamsapel, dee bei Männer méi ausgepräägt ass ewéi bei Fraen an en Hindernis fir d’Otemloft ass.

Schnaarche kann awer och e Symptom fir eng Krankheet sinn, déi als Obstruktiv Schlofapnoe bezeechent gëtt. Heibäi kritt de Kierper net genuch Sauerstoff am Schlof – an dat sollt op alle Fall vun engem Dokter behandelt ginn. Méi Detailer iwwer d’Obstruktiv Schlofapnoe fënns de op science.lu/hei drënner an der Infobox.

Ginn et da Recommandatiounen, wat géint Schnaarchen hëlleft?

Fir d’éischt solls du alles evitéieren, wat Schnaarche begënschtegt: also keen Alkohol virum Schlofegoen a wa méiglech och keng Berouegungsmëttelen, déi d’Muskelentspanung begënschtegen. Ausserdeem kann et hëllefen, d’Kierpergewiicht ze reduzéieren a sech unzegewinnen, op der Säit ze schlofen. Well wann een um Réck läit, da schnaarcht een och éischter.

A wann dat alles net hëlleft?

Du kanns däin Dokter op en Hëllefsmëttel uschwätzen, dat nuets an de Mond agesat gëtt, eng sougenannt Mandibular Advancement Device oder Protusiounsschinn. Dat Dénge gesäit aus ewéi eng Bäissschinn an dréckt d’Zong an den Ënnerkifer no vir. Doduerch geet d’Strass auserneen – d’Otemloft huet méi Plaz an du schnaarchs net méi. A ganz hartnäckege Fäll oder wann d’Gesondheet um Spill steet, ass och eng OP méiglech, fir d’Strass ze vergréisseren.

Iwwer d’Wierksamkeet vu ville Mëttelen ass sech d’Wëssenschaft awer nach net eens. Wëssenschaftler fuerschen awer weider, fir dass d’Schnaarcher an hir Matbewunner roueg schlofe kënnen. Et bleift also spannend an der Wëssenschaft!

Sauerstoffmangel am Schlof: d’Obstruktiv Schlofapnoe

 

Bei der Obstruktiver Schlofapnoe, kuerz OSA, setzt den Otem wärend dem Schlof ëmmer nees aus – fir méi ewéi 10 Sekonnen. Den Otem ass ausserdeem immens flaach, de Bols an de Bluttdrock ginn erof. Dowéinst gëtt de Kierper schlecht mat Sauerstoff versuergt. Schliisslech sent den Otemzenter am Gehier en Alarmsignal an déi betraffe Persoun erwächt kuerz, ouni et ze mierken. Moies si Mënsche mat Obstruktiver Schlofapnoe net ausgeschlof, midd a kënne sech net richteg konzentréieren. D’Folge vun OSA kënnen Depressiounen, héije Bluttdrock, Häerzerkrankungen oder e Schlag sinn. Jee no Geschlecht sinn zirka zwee bis siwe Prozent vun der Bevëlkerung vun OSA betraff. Wie schnaarcht an dauernd midd ass, sollt deemno onbedéngt mat engem Dokter driwwer schwätzen oder sech an engem vun de Schloflaboen am Land berode loossen. Déi kënnen eng sécher Diagnos stellen an OSA behandelen.

Auteur: scienceRELATIONS/Hannes Schlender
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Quellen

https://www.scientificamerican.com/article/why-do-people-snore/

https://sleepcohort.wisc.edu/wp-content/uploads/sites/1452/2020/10/chronic_nasal.pdf

Stuck BA, Hofauer B. The Diagnosis and Treatment of Snoring in Adults. Dtsch Arztebl Int. 2019 Nov 29;116(48):817-824. doi: 10.3238/arztebl.2019.0817. PMID: 31888795; PMCID: PMC6947688.

Schwarting, S., Huebers, U., Heise, M. et al. Position paper on the use of mandibular advancement devices in adults with sleep-related breathing disorders. Sleep Breath 11, 125–126 (2007). https://doi.org/10.1007/s11325-007-0116-z

https://www.gesundheitsinformation.de/obstruktive-schlafapnoe.html#topic-sources

https://www.aerzteblatt.de/archiv/180625/Obstruktive-Schlafapnoe-ein-perioperativer-Risikofaktor