Frau isst Fast Food

Astarot, Adobe Stock

Ob Iessen eis schmaacht gëtt duerch sain Aroma, seng Textur an sai Goût bestëmmt, awer och duerch säi Gehalt – also wéi vill Energie mer draus erauszéien. An ongesond Iesse schmaacht eis sou gutt, well et eng Kombinatioun vun Eegeschaften huet, déi eis an allen Hinsichten zefridde stellt.

Ongesond Iesse besteet meeschtens aus enger Kombinatioun vu Fett, Zocker a Salz. Déi aktivéieren bestëmmte Geschmacksrezeptoren op der Zong, déi iwwert eist Nervesystem mam Gehier kommunizéieren. A mir empfannen dat dann als agreabelt Geschackserliefnis.

Si aktivéieren och de Belounungssystem am Gehier, andeems se d’Fräisetzung vun Dopamin stimuléieren. Dopamin ass e Botestoff dee mécht, dat mir ëmmer méi vun eppes wëllen. Dofir ass et och esou schwéier, d’Fanger vun deene leckere Liewensmëttel ze loossen.

Mee dat huet awer och en Ursprong an eiser Evolutioun.

Wat wells du domadder soen? Hunn d’Mënsche fréier nëmmen ongesond Saache giess?

Nee, dat net. Mee Liewensmëttel mat vill Fett an Zocker hu jo méi Kalorien. An der Vergaangenheet ware kalorieräiche Liewensmëttel dacks begrenzt. Dofir haten d’Menschen dann eng Präferenz fir esou Liewensmëttel, well si domadder hir Energieversuergung an hiert Iwwerliewen besser garantéiere konnten. Des biologesch Prädispositioun huet sech bis haut net geännert.

Mee si gëtt awer nach duerch aner Facteure verstärkt. 

Wéi eng dann?

D‘Liewensmëttelindustrie setzt déi Kombinatioun vun Zocker, Fett a Salz gezielt an, fir de Goût oder d’Textur vun Iessen esou ze veränneren, datt et all eis Sënner beschtméiglech uschwätzt. A si suergt och nach dofir, datt dat d‘Iesse uspriechend ausgesäit. Well d’Aen iesse jo och mat. 

A Reklamm, déi ongesond Iesse mat positiven Emotiounen associéiert, beaflosst och, wat mer iessen. Kanner a Jugendlecher sinn heifir besonnesch vulnerabel.

Gëtt da jidderee bei ongesondem Iesse schwaach?  

Nee, déi biologesch, psychologesch a kulturell Facteuren, déi ech genannt hunn, droen dozou bäi, datt mir no ongesondem Iessen glëschten. Mee déi Gloscht variéiert awer vun enger Persoun zur anerer. An ob een eng Präferenz fir sou ongesond Iessen huet kann och nach genetesch Grënn hunn oder wéi een erzu ginn ass. Et ginn och Leit, déi sech bewosst fir eng gesond Ernährung decidéieren.

Kënne Fuerscher eis dann net gesond Iessen einfach méi lecker maachen?

Dorunner gëtt intensiv gefuerscht. Engersäits fir Liewensmëttel mat manner Kalorien ze kreéieren, déi genee sou gutt schmaache wéi ongesonder. Anerersäits fir nei Kombinatiounen aus frësche Liewensmëttel ze fannen, déi eis genee esou usprieche wéi Junk Food. Ech si gespaant, wat fir lecker Saachen d’Fuerschung eis do nach wäert op den Teller bréngen!

« Thrifty Gene » Hypothes

 

No der sougenannter "Thrifty Genes"-Hypothees sollen et bestëmmte Genen an eiser DNA ginn, déi dofir suergen datt Energie a Form vu Fett gespäichert gëtt - fir eng Reserve an Zäite vu Liewensmëttelknappheet ze hunn. Des Gene kéinten am Laf vun der Evolutioun entstane sinn, zu Zäite wou eis Virelteren net vill z’iesse fonnt hunn. No där Hypothees hate Mënschen, déi Energie besser a Form vu Fett späichere konnten, en Iwwerliewensvirdeel. An haitegen Zäiten, an deenen oft genuch Iessen do ass, kënnen des "Spuergenen" awer zu Problemer mat Iwwergewiicht féieren, well de Kierper eben ëmmer nach d'Gewunnecht huet, Energie als Fett ofzespäicheren. Des Hypothees gouf viru méi wéi 50 Joer vum James Neel proposéiert. Mëttlerweil ginn et awer och Fuerscher, déi des Hypothees kontestéieren an aner Hypotheese proposéieren.

 

Lecker a gesond

 

Fuerscher schaffen un neie Liewensmëttel oder Ingredienten, fir eis méi gesond an/oderméi ëmweltfrëndlech Alternativen zu ongesondem Iessen bidden. Op der Uni Leeds entwéckele Fuerscher zum Beispill e Mikrogel, dee Fettdrëpsen an Zalotendressing, Mayonnaise oder Joghurt ersetze kéint. Normalerweis bestinn déi Fettdrëpsen aus winzegen Drëpsen Ueleg, déi an enger Envelope aus Proteinnen agepaakt sinn. Déi kleng Drëpse rullen tëscht der Zong an dem Gomm, wat e gutt Gefill beim Konsument provozéiert. De Fuerscher ass et elo gelongen kleng Mikrogel-Bullen hierzestellen, déi zu 95% aus Waasser bestinn, awer sech ähnlech behuele wéi Fettdrëpsen. Fräiwëlleger sollen se deemnächst an engem Milkshake ze schmaache kréien.   

Auteur: Michèle Weber (FNR)
Éditeur : Joseph Rodesch (FNR)

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.