Narzisst

Adobe Stock

Et gëtt ënnerschiddlech Forme vun Narzissmus. Méi dozou am Artikel.

Mat esou Aussoe sollt een immens virsiichteg sinn. Fir eng klinesch Diagnos vun Narzissmus musse vill Krittären erfëllt sinn (cf. Infobox). Am Allgemenge versteet een ënner Narzisste Persounen, déi iwwerdriwwe selbstbewosst sinn: Si hale sech fir super, eenzegaarteg, a just änlech grandios Mënsche sinn den Ëmgang mat hinnen iwwerhaapt wäert. Dat ka schlëmm Folge fir déi betraffe Persounen hunn: Si hu z.B. Schwieregkeeten, stabil Bezéiungen opzebauen. Narzisste wäerten hir Matmënschen dacks of, ënnerstellen hinnen Näid a Jalousie. – a-  Gi se mol kritiséiert, reagéiere se irritéiert oder ginn esouguer rosen.

Wéi gëtt een dann en Narzisst?

Fuerscher hunn ënnerschiddlech Erklärungen. Vill hänkt wuel dovun of, wéi ee vu sengen Elteren oder Bezuchspersounen an der Kandheet behandelt gouf. Kleng Kanner si staark op Léift an Zouwendung vun den Elteren ugewisen. Kréie se dës net oder net genuch, da kann et sinn, dass se sech ganz op Luef konzentréieren – zum Beispill fir eppes, dat se besonnesch gutt maachen. Esou probéiere si, hiert onséchert Selbstbild ze stabiliséieren. Wa sech dat am Laf vun der Perséinlechkeetsentwécklung net ännert, kann e Mënsch narzisstesch Zich entwéckelen.

Dat kann awer och passéieren, wa Kanner ze vill an ze vill falscht Luef kréien – also iwwerdriwwe vill Opmierksamkeet. Och da kann et zu engem narzissteschen Ego kommen. A genetesch Veranlagunge spille warscheinlech och eng Roll beim Entstoe vun Narzissmus.

Dat héiert sech un, wéi wann net all Narzisst esou selbstbewosst wier, wéi e sech gëtt, mee éischter onsécher, oder?

Et gëtt ënnerschiddlech Forme vun Narzissmus. Munch betraffe Persounen hunn tatsächlech e schwaacht Selbstbewosstsinn. Se fille sech wäertlos, sinn am Fong onsécher a kompenséieren dat zum Beispill, andeems se anerer ofwäerten a schlecht maachen. Anerer dogéint hale sech tatsächlech fir déi Gréisst an ënnersträichen dat och fir jiddwereen extreem däitlech. Dat ass dann éischter de Bretzert. Den drëtten Narzissmus-Typ wierkt béisaarteg, well och hien no Unerkennung sicht – sech awer fir supposéiert feelend Unerkennung rächt.

Kënne Leit mat esou enger Perséinlechkeet iwwerhaapt stabil Bezéiungen agoen?

Narzissten hunn an der Reegel wéineg Empathie fir anerer. Dat ass ee Grond, firwat et schwiereg fir si ass. Et ass awer net onméiglech. Grad am Ufank vun enger Bezéiung wierken Narzissten dacks immens charismatesch a speziell, wat se extreem attraktiv erschénge léisst. Dass se op Dauer mat engem Partner zesummeliewen, ka beispillsweis da gutt goen, wann dëse selwer och narzisstesch Zich huet an narzisstescht Verhalen aushält, wann hien esou behandelt gëtt.

Da ginn et Persounen, déi selwer esou onsécher sinn, dass se sech dem supposéierten oder tatsächlech staarke Wëlle vun engem Narzisst ënneruerdnen, sech vun him duerch d’Liewe leede loossen an dofir op aner Saache verzichten, zum Beispill richteg Léift, Zouwendung an Opmierksamkeet. Och dat ka funktionéieren.

A wéi eng Therapië ginn et fir Leit mat enger narzisstescher Perséinlechkeetsstéierung?

D’Therapien sinn am Fong déi nämmlecht ewéi och bei anere Perséinlechkeetsstéierungen, zum Beispill Depressioun oder Schizophrenie. Dozou gehéieren zum Beispill d’Psychotherapie oder medikamentéis Behandlungen. An éischter Linn geet et drëms, no der Diagnos d’perséinlech Belaaschtunge vum Patient ze reduzéieren an dann ze bewierken, dass hien iwwer seng Verhalensweisen nodenkt. Zil ass et, dat schiedlecht, narzisstescht Verhale laangfristeg ze änneren. D’Diagnosmethoden an d’Therapieusätz änneren awer permanent – dowéinst bleift et och an Zukunft esou spannend an der Fuerschung.

Infobox

Wat zeechent Narzissmus aus?

Den Diagnostic and Statistical Manual of Mental Disorders (DSM, op Lëtzebuergesch: „Diagnosteschen a statistesche Guide vun de psychesche Stéierungen“) ass en US-amerikanesche Klassifikatiounssystem fir psychesch Stéierungen. An der fënnefter Editioun (DSM-5) gëtt Narzissmus esou definéiert, dass déi betraffe Leit e grandioost Gefill vu Wichtegkeet hunn gradewéi eege Leeschtungen an Talenter iwwerdreiwen. Si hu Fantasië vun Erfolleg, Muecht, Schéinheet a perfekter Léift. Och menge si, eppes ganz Besonnesches ze sinn a just mat grad esou besonnesche Mënschen op Aenhéicht agéieren ze kënnen. Dem DSM-5 no verlaangen Narzisste staark no Bewonnerung an hunn den Usproch, speziell behandelt ze ginn. Se kënne just wéineg Empathie entwéckelen an tendéieren dozou, Bezéiunge jee no dem Notzen, dee fir si erausspréngt, ze betruechten – no dem Motto: Esou laang wéi s du mir notz, sinn ech däi Frënd. Dobäi huele se wéineg Rücksicht op d’Gefiller an d’Besoine vun hire Matmënschen. Dacks ënnerstelle si aneren Näid a sinn iwwerhieflech.

 

Eraus aus dem Tirang – Den diagnostesche Guide vun der WHO definéiert psychesch Krankheeten nei

Mënsche mat psychesche Krankheete ginn dacks an Tiräng gestach: Depressioun, Borderline, Schizophrenie oder Narzissmus. Fir Dokteren ass et a ville Fäll awer schwiereg, d’Erkrankung kloer anzeuerdnen: Beispillsweis musse fir d’Diagnos „Narzissmus“ fënnef vun néng unerkannte Krittären erfëllt sinn. Dat féiert dann dozou, dass Persoune mat ganz ënnerschiddleche Symptomer a Charakteren – déi och ënnerschiddlech therapéiert musse ginn – déi selwecht Diagnos kréien. Op där anerer Säit kënne sech bei enger Persoun verschidden Diagnosen iwwerschneiden. Wann et no der Weltgesondheetsorganisatioun WHO geet, da soll domat elo Schluss sinn. An hirem neien diagnostesche Guide ICD-11 (International Classification of Diseases, 11th revision), deen 2022 erauskoum, gëtt net méi tëschent de Krankheeten, déi bis elo festgeluecht waren, ënnerscheet. Et gëtt just nach d’Diagnos „Perséinlechkeetsstéierung“ – plus Krittären, déi uginn, wéi vill Hëllef eng betraffe Persoun brauch.

 

Wéi kann ee sech virun Narzisste schützen?

Narzisste kënne ganz charismatesch an attraktiv sinn. Wéi kanns du mat engem Narzisst ëmgoen, wann s du an enger Bezéiung mat him stéchs, déi net funktionéiert? Dee laangfristeg am ustrengensde Wee ass, d’Bezéiung auszehalen, esou wéi se ass. Wann den net-narzisstesche Partner mat der Bezéiung onzefridden ass, dann dierft dat allerdéngs emotional schwiereg ginn. Vläicht kritt hie jo bei Frënn déi emotional Léift an Zouwendung, déi him an der Bezéiung feelt.

Et kann een den narzisstesche Partner op d’Problemer uschwätzen a kucken, ob een duerchdréngt, oder sech eventuell professionell Hëllef sichen, zum Beispill bei engem Berodungsservice fir Koppelen. Wann dat awer alles näischt bréngt, da bleift just d’Trennung, ier een total onglécklech gëtt.

Fir dech am Allgemenge virun narzisstesche Frënn, Bekannten oder Aarbechtskolleegen ze schützen, kanns du folgend Strategien ausprobéieren:

  • Setz dem Narzisst kloer Grenzen a hal dës an, fir däin emotionaalt Wuelbefannen ze schützen.
  • Wa méiglech, da miniméier deng Interaktioune mat dem Narzisst, fir e méigleche Schued esou kleng wéi méiglech ze halen.
  • Narzisste liewe vu Konflikter an Opmierksamkeet. Evitéier, dech op Muechtkämpf anzeloossen oder ze probéieren, se ze änneren.
  • Deel deng Erfarunge mat vertrauenswierdege Frënn, der Famill oder engem Therapeut, deen dir emotional Ënnerstëtzung an eng Perspektiv bidde kann.
  • Investéier an däint eegent Wuelbefannen an däi perséinleche Wuesstem, fir dech géint d’Auswierkunge vum Ëmgang mat enger narzisstescher Persoun ze schützen.
  • Bilt dech weider: Versteesdemech fir Narzissmus ze entwéckelen, kann dir hëllefen, Interaktioune besser ze steieren an dech viru Manipulatioun ze schützen.
  • Üb, dech selwer ze behaapten: Léier, deng Besoinen ze kommunizéieren an deng Grenze roueg a selbstbewosst duerchzesetzen.
  • Realistesch Erwaardungen oprechterhalen: Erkenn, dass sech en Narzisst warscheinlech net ännere wäert. Dofir ass et wichteg, deng Erwaardungen ze steieren.

Denk drun, dass den Ëmgang mat engem Narzisst eng emotional Erausfuerderung ka sinn. Aus dësem Grond ass et wichteg, dass du däin eegent Wuelbefannen an de Vierdergrond réckels a bei Bedarf professionell Hëllef an Usproch hëls.

Auteur: Hannes Schlender (scienceRELATIONS)
Éditrice: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)

Infobox

Quellen
De Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR