Barbie mit blauem Geschenk und Ken mit rosa Geschenk

Aygul Bulté - stock.adobe.com

1959 koum déi éischt Barbiespopp a Rosa op de Maart.

Dat war net ëmmer esou. De Geschlechter Faarwen zouzeuerdnen, ass eng kulturell Traditioun an ënnerläit engem historesche Wandel.

Tatsächlech ware Bëbeeën – Meedercher gradewéi Bouwen – bis an d’19. Joerhonnert meeschtens wäiss ugedoen. Dat war praktesch, well sech wäiss Kleeder gutt wäsche gelooss hunn. Bis an d’fréit 20. Joerhonnert huet Rosa awer am Allgemengen als déi méi staark Faarf gegollt a gouf mat Männlechkeet verbonnen. Rout war d’Faarf vun de Kinneken a stoung och fir d’Blutt vun de Schluechtfelder a vun der Juegd. Blo dogéint gouf als duuss ugesinn. Et war d’Faarf vum Maria sengem Mantel an dowéinst huet et geheescht, Blo géif besser bei Meedercher passen. Dës Zouuerdnungen hu sech du viru bal 100 Joer no an no geännert.

Wéi ass et dozou koum?

Warscheinlech huet et eng Roll gespillt, dass Matrousekostümer an Aarbechtskleedung meeschtens blo waren. A well et deemools bal keng Matrousinnen oder Aarbechterinne gouf, hunn d’Leit Blo am Laf vun der Zäit als männlech Faarf ugesinn. 1959 koum dunn déi éischt Barbiespopp a Rosa op de Maart. Spéitstens zanter dësem Ament ass Rosa d’Meederchersfaarf schlechthin.

Dat héiert sech un, wéi wann de Marketing esou munches zu de geschlechtsspezifesche Faarwe fir Jongen a Meedercher bäigedroen hätt.

D’Moud- an d’Reklammenindustrie hu ganz sécher dozou bäigedroen, datt dës Faarfnormen haut grosso modo gesellschaftlech akzeptéiert sinn. An den 1950er-Joren hu Couturieren ewéi de Christian Dior Rosa geziilt als dominéierend Faarf bei Fraekollektiounen agesat. Marketingstrategië verfollegen en plus d’Zil, méi Produiten ze verkafen: Op dës Manéier ginn Elteren dozou ugehalen, nei Artikele jee no hire Kanner hirem Geschlecht ze kafen. Zum Beispill e bloe Velo fir de Bouf an ee rosaen fir seng kleng Schwester, amplaz him dee Bloen vum grousse Brudder ze verierwen.  

Wéi eng Konsequenzen huet et dann, dass Rosa de Meedercher a Blo de Bouwen zougeschriwwe ginn?

Eng méiglech Konsequenz vun esou Norme ka sinn, dass sech Geschlechtsstereotyppe verfestegen. Meedercher kréien ëmmer nees klassesch Fraerollen zougeschriwwen: haislech, léif, attraktiv, brav. A Jonge kréie scheinbar männlech Attributer verpasst: wëll, dropgängeresch, couragéiert. Dat erschwéiert et, dass all Mënsch seng wierklech Sensibilitéiten a Fäegkeeten entdecken an entwéckele kann. Wien a Geschlechtsstereotyppen – oder och an aner Stereotyppen – gepresst gëtt, ka sech net optimal entwéckelen. Dat ass traureg fir den eenzele Mënsch a schlecht fir d’Gesellschaft. Wëssenschaftler probéieren ëmmer besser ze verstoen, wéi mir esou Stereotyppen iwwerwanne kënnen. Dowéinst bleift et an der Fuerschung esou spannend.

Wéi Geschlechtsstereotyppen iwwerdroe ginn

 

Kanner kënne scho mat dräi bis véier Méint weiblech a männlech Gesiichter ënnerscheeden. Well se och op d’Versuergung duerch d’Elteren oder de Grupp ugewise sinn, an deem se liewen, si se immens drop beduecht, sech am Grupp anzeuerdnen, seng Reegelen ze léieren a seng Gewunnechten unzehuelen. Nëmmen net opfalen an ausgestouss ginn! Well dat kéint Elengsinn an den Doud bedeiten. Esou kënnt et, dass sech Kanner zum Beispill an der Spillschoul dorun orientéieren, wéi hiert Ëmfeld sech behëlt. Wa Meedercher gewise kréien, dass se mat Poppen am Kicheneck spille sollen, da wäerte si sech do ophalen. Jongen iwwerhuelen dann éischter d’Roll vu wëlle Gaassebouwen oder se spille mat Autoen. Esou gi Rollebiller un déi nächst Generatioun weiderginn. Soll dat evitéiert ginn, dann ass et wichteg, dass Elteren, Enseignanten an Educateuren dës Klischeeën opbriechen, d’Kanner ureegen, d’Rollen ze wiesselen, an d’Geschlechtsstereotyppen ofschwächen. Just dann ass et méiglech, dass Männer hir Erfëllung a Fleegeberuffer fannen a Frae méi oft Ingenieurswëssenschafte studéieren.

Auteur: scienceRELATIONS/Hannes Schlender
Éditrice: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle di Cato (why vanilla?)

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.