Sonnencreme

Adobe Stock

Bestëmmten UV-Strale kënne chemesch Verbindungen am Kierper zerstéieren an esou zu Verännerungen an der Haut féieren, wéi z. B. Falen, oder am schlëmmste Fall zu Hautkriibs.

Sonnecrème enthält sougenannten UV-Filter: Dat sinn Ingredienten, déi verhënneren, datt schiedlech UV-Stralen an de Kierper andréngen. Entweder andeems si d’Stralen duerch mineralesch Pigmenter reflektéieren an esou physesch dervun ofhalen, an d’Haut anzedréngen – dat sinn déi Sonnecrèmen, déi sech nëmme schwéier areiwe loossen a wou d’Haut duerno dacks nach e bëssen oder souguer zimmlech wäiss ass. Oder andeems se d’Stralen absorbéieren an duerch eng chemesch Reaktioun emwandelen, sou datt se net méi geféierlech sinn – dat sinn déi Sonnecrèmen, déi ee muss 20 Minutten awierke loossen, éier een an d’Sonn geet. Déi meescht Sonnecrèmen enthalen haut déi zwou Zorten UV-Filter.

A wat seet de Liichtschutzfacteur um Tüb aus?

Wat de Liichtschutzfacteur LSF oder op Englesch SPF (fir „Sun Protection Factor“) méi héich ass, wat d’Sonnecrème manner UV-Liicht un d’Haut duerchléisst – dovu geet een zumindest aus. Eng Sonnecrème mat Liichtschutzfacteur 15 huet eng Schutzwierkung vun 93 Prozent. Dat heescht: nëmme 7% vun de Strahle kommen op der Haut un. Bei LSF 30 kommen 3% bei der Haut un a bei LSF 60 ëmmer nach 2 Prozent. LSF 60 gëtt an der Praxis 50+ genannt.

Et bitt also keng Sonnecrème 100%ege Schutz. An de Schutz ass an der Praxis dacks méi niddreg wéi deen deen um Tüb drop steet. Engersäits well d’Leit d’Sonnecrème op der Plage oder an der Schwemm meeschtens nëmmen hallef sou dënn oder nach manner opgedroe wéi bei Tester ënner kontrolléierte Labosbedingungen. An anerersäits well verschidde Sonnecrèmen z.B. Substanzen enthalen, déi e Sonnebrand duerch Entzündungshemmer verzögeren.

Hëlleft et dann, wann ech mech méi dacks acrèmen?

Jein. Sonnecrème ass nëmmen op drëtter Plaz beim Schutz géint d’Sonn: et sollt ee sech virun allem méiglechst wéineg an der praller Sonn ophalen – virun allem net an der Mëttesstonn - a sech duerch passend Kleeder, Sonnenhutt a Sonnebrëll schützen. An zousätzlech onbedeckten Haut gutt mat Sonnecrème areiwen.

Et gi Studien déi weisen, datt d’Schutzwierkung bis zu 8 Stonnen unhale kann – wann d’Sonnecrème da richteg applizéiert gouf. Well dat an der Praxis awer meeschtens net de Fall ass, soll een sech all 2-3 Stonnen nei acrèmen. Wann een am Waasser war, geschweesst huet oder Sonnecrème mat engem Handduch ofgeriwwen huet, da souguer nach éischter.

Ech hunn och gelies, datt Sonnecrème ka schiedlech fir d‘Haut sinn?

Verschidden Ingrediente vu chemesch baséierte Sonnecrème kënnen allergesch Reaktioune vun der Haut provozéieren. Fir aner negativ Effekter ginn et nach keng eendeiteg Beweiser. Nom aktuelle Wëssensstand iwwerweit den Notze vun der Sonnecrème eventuelle Risiken. Mee et gëtt och un neie Sonneschutzmëttele gefuerscht, z. B. sougenannte Photolyasen. Dat sinn Enzymer, déi chemesch Verbindungen erëm flécke kënnen, déi duerch UV-Stralen zerstéiert goufen. Dofir bleift d’Fuerschung ëmmer spannend!

Wéi gëtt de Liichtschutzfacteur gemooss?

 

De Liichtschutzfacteur gëtt net mat physikaleschen Apparater gemooss, mee u Versuchspersounen. Bei hinne ginn Deeler vun der Haut mat an ouni Sonnecrème (2 mg/cm2) mat enger UV-Luucht bestraalt a ronn een Dag méi spéit gëtt gemooss, ab wéi enger Liichtintensitéit d'Haut rout ginn ass. Sou gëtt festgestallt, wéi gutt Sonnecrème géint Sonnebrand schützt. Dobäi hëlt een un: Wat se dee besser verhënnert, ëmsou besser filtert si d'UV-Stralung aus dem Sonneliicht. Vill Hiersteller probéieren awer, bei dësem Test besonnesch gutt ofzeschneiden, andeems se entzündungshemmend Substanzen an hir Sonnecrème mëschen. Déi hëllefe géint Sonnebrand, halen awer keng UV-Stralen of.

 

Hëlleft Sonnecrème géint Hautkriibs?

 

Fakt ass: Wat mer méi Sonn am Laf vun eisem Liewen ofkréien, ëmsou méi klëmmt eise Risiko fir Hautkriibs ze kréien. Ka Sonnecrème eis schützen? Wëssenschaftlech Studie liwwere leider keen eendeitege Beweis fir eng präventiv Wierkung vu Sonneschutzmëttel géint d'Entwécklung vun Hautkriibs. Ee vun den Haaptproblemer, fir dat eraus ze fannen: Hautkriibs brauch immens laang fir sech z'entwéckelen. Dat mécht et schwiereg, Laangzäitstudie mat ville Participanten duerchzeféieren. Fir de geféierlechsten Hautkriibs, de schwaarze Melanom, klëmmt de Risiko zum Beispill däitlech ab engem Alter vu 50 Joer. Deen Ament huet ee scho vill Zäit an der Sonn hannert sech. Fir Hautkriibs ass déi fir eis onsiichtbar UV-Stralung vum Sonneliicht verantwortlech. Si dréngt duerch d'Haut an a kann do d'Ierfsubstanz an eisen Hautzelle futti maachen. Déi kënnen dann onkontrolléiert zu engem Tumor eruwuessen. Sonnecrème hält en Deel vun der UV-Stralung dovun of, an d'Haut anzedréngen. Dat ass och wëssenschaftlech bewisen. Dofir hëlt een trotz der onklorer Studielag a punkto Hautkriibs un, datt Sonnecrème eis Haut op mannst deelweis schütze kann.

Auteuren: Michèle Weber (FNR), Ingo Knopf (scienceRELATIONS)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Infobox

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Aussi dans cette rubrique

D’Sënner schäerfen Kann ee seng Sënner duerch Training verstäerken?

Muskele loosse sech trainéieren. D’Ausdauer och. An d’Sënner? Well Perceptioun am Gehier entsteet an dëst verformbar ass, misst et wuel méiglech sinn.

FNR
Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR