Knaschtentsuergung am All

Depositphoto

Knascht? Ab an de Weltraum domat – oder?

Mr. Science, iwwerall op der Welt tiermen sech riseg Drecksbierger. Op munche Platze weess ee guer net méi wouhi mat all dem Knascht. Wisou schécke mer en net einfach an de Weltall, do ass dach bestëmmt genuch Platz.

Kloer, Platz wär do bestëmmt genuch. Allerdéngs misst een de Knascht sou héich erop bréngen, dass en garantéiert net méi zréck op d’Äerd fale ka – stell der dat mol vir! Dat ass scho réng logistesch net méiglech. Mir produzéieren am Moment op der Äerd all Joer iwwer 1 Milliard Tonnen Offall, an et gëtt ëmmer méi. Dat ass onmoosseg vill. Och mat enorm leeschtungsstaarke Rakéiten wéi där neitster Falcon Heavy kéinte pro Start grad sou 20 Tonnen Offall sou wäit an de Weltraum schécken, dass en net iergendwann erëm op d’Äerd zréckfält. Pro Joer misst een also iwwer 50 Millioune Rakéite starte loossen. Dat ass komplett onrealistesch.

Dat gesinn ech an. Mee kéint een dann net zumindest den extrem geféierleche Knascht an den All schécken, zum Beispill héich radioaktiven Offall?

D’Iddi hätt Charme, well et kéint een en an d’Sonn schécken, déi jo eng Aart riseg Waasserstoffbomm ass. Do géif en wierklech kee Schued uriichten. D’NASA huet dat am Joer 1978 souguer ganz seriö an enger Studie ënnersicht. Mee ofgesi vun de Käschten ass de Risiko einfach ze grouss. Well ongeféier all 50. Rakéitestart geet schif. Dat wier vill ze geféierlech.

Mat radioaktiver Fracht wier dat eng Aart russescht Roulette!

Genee. An Zukunft wäerten awer vill vun eise Ressourcen op der Äerd knapp ginn, si sinn et och deelweis elo schonn... A da gëtt de Knascht – wéi mer en haut nennen - zimlech sécher eng ëmmer méi wertvoll Matière Première. Wa mer och an 100 Joer nach ëmmer Saachen op der Äerd produzéieren wëllen, féiert kee Wee laangscht recycléieren. Am Weltall wieren eis Ressourcen just verluer...

Méi zum Knascht, dee schonn am Weltraum ass an Urban Mining an der Infobox!

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur : Sophie Steinmetz
Foto : Depositphoto

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf de 26.04.2018 beäntwert. 

Am Weltraum ass scho genuch Knascht!

Säit dem Ufank vun der Raumfaart huet d’Mënschheet ongeféier 7500 Satellitten an d’Ëmlafbunn vun der Äerd geschoss. En Deel dovun ass am Laf vun der Zäit an der Atmosphär vergléit oder ofgestierzt, mee iwwer 3000 ausrangéierte Satellitten zéie weiderhin hier Ronnen. Zesumme mat dem Rescht vum Weltraumschrott: vum Schrauweschlëssel, dee bei engem Weltraumspadséiertour verluer gouf, bis hin zu ausgedéngte Rakéitenstufe – insgesamt ass dat em déi 7500 Tonnen. Am Verglach mat ierdesche Knaschtkéip ass dat wéineg. Mee de Weltraumschrott flitt mat bis zu 56 000 Kilometer an der Stonn duerch den All a gëtt ëmmer méi zu Gefor fir d’Raumfaart. Dofir iwwerleeën d’Weltraumnatiounen elo, wéi eng Weltraum-Drecksammlung funktionéiere kéint.

Urban Mining

Fuerscher an Ingenieuren hun eis Stied an Tippen als Quelle vu Matière Premièren entdeckt. Ënnert dem Wuert Urban Mining soll zum Beispill de Bauschutt vun ofgerappten Haiser direkt op der Plaz getrennt ginn. Well do si wäertvoll Materialie wéi Eisenträger, Stolarméierungen oder Kofferléitungen dran. De Rescht vum Bauschutt soll da weider sortéiert ginn, fir als Baustoff erëm benotzt kennen ze ginn. Fuerscher buere mëttlerweil och Tippen aus den 1960er an 1970er Joren un a préiwen, ob se als Matière Première Quell gëeegent kéinte sinn. Prévisiounen no hätten verschiddenen ënnersichten Deponien bis am Joer 2060 e Wäert vun em déi 160 Milliounen Euro – d’Minne vun der Zukunft.

Quellen

Hoornweg, Daniel; Bhada-Tata, Perinaz. 2012. What a Waste : A Global Review of Solid Waste Management. Urban development series;knowledge papers
no. 15. World Bank, Washington, DC. © World Bank
. License: CC BY 3.0 IGO.”

Nuclear  Waste  Disposal  in  Space,  NASA  Technical  Paper  1225,  1978

Nuclear Waste Disposal

in

Space, NASA Technical Paper 1225, 1978

 

Aussi intéréssant

Perséides 2023 Pic de la pluie des étoiles filantes de l’été

Chaque année, les perséides peuvent être observées entre mi-juillet et fin août. Cette année, le pic des étoiles filante...

FNR
SnT Partnership Day Une interface éprouvée entre la recherche et l’application

Le SnT de l’Université fait désormais partie des centres de recherche les plus importants au monde en matière de dévelop...

SnT
Ultra-légères et extrêmement résistantes Mise au point et essais de nouvelles structures pour les composants aéronautiques et aérospatiaux

Plus un produit est lourd dans l’espace, plus son transport est coûteux. C’est précisément sur ce problème que se penche...