Frau vs Mann

shotshop.com

Schwätze Frae méi? A si Männer besser an der Mathe?

D'Wëssenschaftler hu souguer mat moderne Gehierscanner nëmmen e puer Arealer/Zonen am Gehier fonnt, déi an der Moyenne bei Fraen e bësse méi grouss si wéi bei Männer an ëmgedréit. An et gëtt sou gutt wéi keng Gehierer, déi kloer "männlech" oder kloer "weiblech" sinn. Eis Gehier muss ee sech éischter virstelle wéi eng wëll Mëschung aus éischter "weiblechen" oder éischter "männlechen" Undeeler, nieft deene sëllege Beräicher, bei deenen et iwwerhaapt keng Geschlechts-Ënnerscheeder gëtt. Vill Gehier-Fuerscher fannen et dofir sënnlos ëmmer nach vun engem weiblechen oder männleche Gehier ze schwätzen, well déi Virstellung duerch déi aktuell Resultater aus der Recherche net ënnerstëtzt gëtt. Populär Bicher, déi dat mat Verweis op eenzel Etüde behaapten, nennen si "Neurotrash".

A wéi erkläert een dann, datt Männer besser an der Mathe sinn a Frae méi schwätzen?

Guer net. Well et des Ënnerscheeder net gëtt, och wann et doriwwer vill Virurteeler gëtt. An enger Etüd hu Fuerscher Männer a Fraen mat Audio-Rekorder equipéiert, déi wärend e puer Deeg all Wuert opgezeechent hunn. An der Moyenne schwätze Frae 16.000 Wierder am Dag. Männer awer genau sou vill...Aner Etüde confirméieren dëst Resultat. An Etüde mat insgesamt ronn 1,2 Millioune Kanner an Erwuessenen hu gewisen, datt och d'mathematesch Fäegkeeten tëscht Männer a Fraen déi selwecht sinn.

Däitlech Resultater...A wéi ass et da mam Aparken?

Dat gouf ni grëndlech ënnersicht. Dofir gëtt dacks argumentéiert, datt Frae méi schlecht aparke géife, well si eng méi schlecht raimlech Virstellungskraaft hätten.

A stëmmt dat?

Fir dat z‘ënnersichen, hu Participante vun Etüden zum Beispill missten 3D-Figuren am Kapp dréien an decidéieren, ob des mat enger Vergläichsfigur iwwereneestëmmen oder net. Dat ass zimmlech wäit ewech vun den Ufuerderunge vum reale Liewen. Bei dësen Tester schneiden d'Fraen an der Moyenne e bësse méi schlecht of wéi Männer. Dat ass awer nëmmen e Mëttelwäert iwwert all Participanten. Dat heescht: et ginn trotzdeem vill Fraen, déi an dësen Tester besser ofschneide wéi aner Männer. An et ass iwwregens deen eenzegen eenegermoosse signifikanten Ënnerscheed an de geeschtege Fäegkeeten tëscht Männer a Fraen. D'Wëssenschaftler wëssen awer, datt déi raimlech Virstellungskraaft duerch Training staark eropgeet, an zwar scho vu ganz Klengem un. Wann een zum Beispill och mat Bausteng spillt, amplaz just mat Poppen.

Et läit also éischter drun, datt Meedercher a Jongen ënnerschiddlech Aktivitéite léiwer hunn?

Dat kann een unhuele, jo. Wouranner dat en retour läit, ass ganz ëmstridden. Hunn d'Genen dorobber e groussen Afloss? Oder läit et éischter un der Ëmwelt? Dofir bleift d'Fuerschung ëmmer spannend!

Phrenologie

Scho virun 200 Joer hu Fuerscher versicht en Zesummenhang tëscht der Form vum Gehier a geeschtege Fäegkeeten oder psychologesche Charakteristiken ze fannen. Well et deemools awer nach keng Gehierscannere gouf, sinn si dovun ausgaangen, datt besonnesch grouss Gehierberäicher eng Bëlz um Kapp géif ervirruffen. Si hunn des Knuppen ofgetaascht an sou zum Beispill probéiert, den Erfolleg vu Kanner an der Schoul virauszesoen. Dës "Gehierexperten" hunn hir deemools ganz populär Pseudowëssenschaft Phrenologie genannt. Och wa mer haut wëssen, datt si um Holzwee waren, hu si awer e Grondstee fir d'Gehierfuerschung geluecht. Mee souguer haut ass a ville Fäll nach net kloer, ob et en Lien tëscht méi oder manner grousse Beräicher am Gehier a Fäegkeeten oder psychologesche Charakteristike gëtt, déi eventuell dorobber zréckzeféiere sinn. Bei der Erfuerschung vum mënschleche Gehier sti mer trotz impressionante Fortschrëtter ëmmer nach am Ufank. 

D’Gehier formen

Duerch aktuell Fuerschung gëtt ëmmer méi kloer, wéi staark een eist Gehier forme kann. An zwar net just duerch eis Erzéiung, mee och duerch eis Hobbyen, Sportaarten, an duerch eise Beruff. Impressionant Beispiller fir d'Plastizitéit vun eisem Gehier sinn Taxifuerer, déi besonnesch grouss Gehierarealer hunn, déi fir d'Orientéierung wichteg sinn. Oder Geiespiller, bei deenen d'Gehierberäicher, déi Ënnerscheeder tëschent Téin erkenne, méi aktiv sinn. Eist Gehier schéngt also besonnesch wandlungs- an upassungsfäeg ze sinn.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Éditeur an Iwwersetzer: Michèle Weber/FNR

Infobox

Quellen

Sex/gender differences in cognition, neurophysiology, and neuroanatomy
Lutz Jäncke, F1000Research 2018
https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pmc/articles/PMC6013760/

Sex and cognition: gender and cognitive functions
Janet Hyde, Current Opinion in Neurobiology, 2016
https://www.sciencedirect.com/science/article/pii/S0959438816300083

Sex differences in spatial cognition: advancing the conversation
Levine et al. , Wiley Interdisciplinary Reviews: Cognitive Science 2016
https://onlinelibrary.wiley.com/doi/abs/10.1002/wcs.1380

New trends in gender and mathematics performance: a meta-analysis
Lindberg SM et al., Psychological bulletin 2010
https://www.ncbi.nlm.nih.gov/pmc/articles/PMC3057475/

Are women really more talkative than men?
Mehl MR et al, Science 2007
https://science.sciencemag.org/content/317/5834/82.long

Novel findings from 2,838 Adult Brains on Sex Differences in Gray Matter Brain Volume Martin Lotze et al., nature scientific reports 2018
https://www.nature.com/articles/s41598-018-38239-2

Sex beyond the genitalia: The human brain mosaic
Daphna Joel et al., PNAS 2015
https://www.pnas.org/content/112/50/15468

Mister Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Auch interessant

Women & Girls in Science Video-Portraits: Sechs Frauen aus der Wissenschaft und Forschung in Luxemburg

Die 3. Ausgabe der Video-Serie startet am Internationalen Tag der Frauen und Mädchen in der Wissenschaft.

Nobel Prizes 2023 Nobel prize in economics: Research in Luxembourg on gender differences in the labour market

Economist Dr. Eva Sierminska comments on the Nobel laureate's work, which is related to her own research at LISER.

INTERNATIONALER TAG DER FRAUEN UND MÄDCHEN IN DER WISSENSCHAFT Quiz: Einblick in die Forschung von Frauen in Luxemburg

Am 11.02.2021 ist Internationaler Tag der Frauen und Mädchen in der Wissenschaft. Wie gut weisst du über die Forschung i...

FNR