Wann d´Mier voller Plastik ass – land en dann och am Fësch op mengem Teller?

15.02.17

FNRDiesen Artikel drucken
Mr. Science, et héiert ee jo ëmmer erëm, dass an onse Mierer enorm Quantitéite Plastik ronderëm schwammen an dass verschidde Mieresdéieren deen och friessen. Wann ech Fësch oder Mieresfriichten iessen, iessen ech de Plastik dann och mat?

Dat kann een zumindest net ausschléissen. Eréischt viru kuerzem hunn Fuerscher Plastikspartikelen a Fësch wei Cabillaud a Makréil aus der Nord- an Ostsee nogewisen, also a Fësch dee mir iessen.

Wouhier kennt dann dee ganze Plastik?

Ma gréisstendeels vum Land. Bei Wand flitt de Plastik séier ronderëm a gëtt da vun de Flëss an d’Mier transportéiert.All Joer gëtt weltwäit ongeféier 300 Milliounen Tonne Plastik produzéiert. E puer Milliounen Tonnen dovu landen am Mier.

OK, dat ass villäicht net schéin, mee dovun ofgesinn: Ass daat wierklech e Problem?

De Plastik zersetzt sech quasi net. D´Material vu PET-Fläschen zum Beispill, kann een nach no 450 Joer am Mier erëm fannen. Am Laf vun der Zäit gëtt de Plastik an ëmmer méi kleng, mikroskopesch Partikelen zerriwwen. D´Fësch an aner Mieresdéiere verwiesselen dee da mat Plankton, an huelen en iwwer hiert Iessen op. D‘Partikele sammelen sech am Mo, Daarm a villäicht och an der Muskelmass un.

A da gëtt ee krank wann een dee Fësch ësst...?

Dat wëssen d´Experten nach net. Vill Partikelen a Schuedstoffer sammelen sech an de Verdauungsorganer vun den Déieren. An déi gi jo oft net matgiess. Mee ob d‘Mikropartikelen an d‘Schuedstoffer dorausser och an d´Muskelmass kommen, also d‘Fleesch dat mir iessen, dat muss nach erfuerscht ginn – an dann eben och, ob des fir de Mënsch bedenklech sinn. 

Auteur: ScienceRelations
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

 

Auch in dieser Rubrik

Firwat soll ee beim Iessen net iwwer Politik schwätzen?

20.09.17 Enger aler Reegel no soll ee beim Iessen net iwwer Politik schwätzen. Gëtt et dofir e Grond? > Ganzen Artikel lesen

Wat geschitt beim Impfen?

26.10.16 Scho mat e puer Woche kréie Puppelcher hier éischt Impfung – wat geschitt eigentlech dobäi am Kierper? > Ganzen Artikel lesen

D'Wëssenschaft vum Eelefmeter: Mat statisteschen Etuden déi bescht Taktik ermëttelen

04.07.16 De Fussballspiller leeft un, waard kuerz a schéisst...déiw an den Eck! Wier et besser héich ze schéissen? Net ze waarden? Domadder hu sech Wëssenschaftler b...> Ganzen Artikel lesen

Firwat richt ee Parfum no kuerzer Zäit net méi?

11.05.16 Heiansdo froen ech mech, firwat ech iwwerhaapt Parfum benotzen…no puer Minutten ass de Geroch souwisou fort. Verflitt de Parfum sou schnell? > Ganzen Artikel lesen

Atomendlager: Eng Verstopp fir 1 Millioun Joer - geet dat iwwerhaapt?

31.03.16 Zu Bure, 150 km vu Lëtzebuerg, soll en Atomendlager entstoen. Ka sou en Endlager iwwerhaapt sëcher sinn? A wéi deelt een zukünftege Generatiounen dat mat? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science eng Fro op Eldo Radio. Des Emissioun ass vum 15.02.2017.


Verwandte Themen