Wéi ka sech d'Wëssenschaft de Stär vu Bethleheem erklären?

06.01.15

FNRDiesen Artikel drucken

Mr Science, an der Bibel steet, et wier en helle Stär ginn, deen d’Gebuert vum engem Kinnek ugekënnegt hätt. Dat war viru méi wéi 2000 Joer. Dräi Magier, sou sinn Astronome fréier genannt ginn, wieren deem nogaang an hätten sou de Wee bis bei dem Jesus seng Krëppche fonnt. Wéi kann een sech dee Stär erklären?

Et gëtt bis haut keng eendeiteg wëssenschaftlech Erklärung. Allerdéngs si vill Erklärungsversich gemaach ginn.

Da bréng mol e puer vun deenen Erklärungen!

D’Gebuert vum Jesus ass jo net sou genee bekannt. En ass schätzungsweis tëscht dem Joer 7 a 4 Joer viru Christus gebuer sinn. An deem Zäitraum gouf et 2 méi opfälleg Erscheinungen um Stärenhimmel. An zwar stoungen de Jupiter an de Saturn e puer Méint laang am Zeeche vun de Fësch no beieneen. No der orientalescher Meenung deemools huet esou eng Konjunktioun d’Gebuert vun engem Prophéit respektiv d’Entstoe vun engem Kinnekräich annoncéiert. An d’Stärenzeeche vun de Fësch huet Palästina representéiert.

Dat heescht, a Palästina wier en Prophéit gebuer ginn – eng probabel Erklärung also.

Jo. An. déi aner Méiglechkeet wier am Joer 6 viru Christus gewiescht. Do stoungen den 20. Februar owes just no Sonnenënnergang, de Mars, de Jupiter, de Saturn an de Mound - um Westhimmel - ganz no beieneen, also Richtung Jerusalem. An dat ass den Astronome vu Babylon sécher opgefall.

Kann et net e Koméit gewiescht sinn?

E Koméit mat engem Schwäif, gëtt nëmmen da siichtbar, wann e ganz no bei d’Sonn kënnt. An do hellt en sech net laang op. Ofgesinn dovun, wor e Koméit an der Virstellung vun de Leit deemools ëmmer mat Ongléck verbonnen. Déi 3 Magier wieren also kaum engem Koméit no gaang. En plus ass e Koméit normalerweis guer net esou hell.

Also kee Koméit! Da bleiwen also beim Jupiter a beim Saturn.
Mee kann sou en Himmelsphenomen iwwerhaapt e Wee weisen? Souvill ech weess, bewegen sech d’Stäre jo um Himmel a kënnen also keng fest Richtung uginn.

Jo, mir sti jo op der Äerd an dréie mat hier an engem Dag een Tuer. Duerfir gesi mir d’Stären um Himmel, genau wéi d’Sonn, vun Osten no Westen e grousse Krees ronderëm de Polarstär zéien. Fir eng fest Richtung mat Hëllef vun engem Stär ze bestëmmen, muss een deemno schonn e bëssi Rechenopwand bedreiwen.

Et muss een héchstwarscheinlech déi schéi Geschicht vun den 3 Magier aus dem Morgenland, déi engem Stär nogaang sinn, als eng Seechen ugesinn.

Auteur: André Mousset
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo © shotshop.com

 

Auch in dieser Rubrik

Firwat soll ee beim Iessen net iwwer Politik schwätzen?

20.09.17 Enger aler Reegel no soll ee beim Iessen net iwwer Politik schwätzen. Gëtt et dofir e Grond? > Ganzen Artikel lesen

Wann d´Mier voller Plastik ass – land en dann och am Fësch op mengem Teller?

15.02.17 An de Mierer schwammen onmoosseg grouss Quantitéite Plastik ronderëm. Verschidden Mieresdéiere verschlécken dëse Plastik. Kéint en sou och mam Fësch op meng...> Ganzen Artikel lesen

Wat geschitt beim Impfen?

26.10.16 Scho mat e puer Woche kréie Puppelcher hier éischt Impfung – wat geschitt eigentlech dobäi am Kierper? > Ganzen Artikel lesen

D'Wëssenschaft vum Eelefmeter: Mat statisteschen Etuden déi bescht Taktik ermëttelen

04.07.16 De Fussballspiller leeft un, waard kuerz a schéisst...déiw an den Eck! Wier et besser héich ze schéissen? Net ze waarden? Domadder hu sech Wëssenschaftler b...> Ganzen Artikel lesen

Firwat richt ee Parfum no kuerzer Zäit net méi?

11.05.16 Heiansdo froen ech mech, firwat ech iwwerhaapt Parfum benotzen…no puer Minutten ass de Geroch souwisou fort. Verflitt de Parfum sou schnell? > Ganzen Artikel lesen

Infobox

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Zwee Amateur Astronomen aus Lëtzebuerg, de Matt Dawson an den Andre Durand, sichen an hirem klengen Observatoire zu Réiser no Asteroiden, deenen hir Bunn déi vun der Erd kräitzt. Si benotzen en 18 Zoll Newton Spiggel-Teleskop mat Computer a CCD-Kamera fir héichopléisend digital Biller vun Himmelsaussschnëtter kënnen ze maachen. Säit 1999 geschitt dës Fuerschung am Kader vun internationalen Projeten, an ass präzis genuch, fir datt d’Resultater vun der NASA an aneren Instituter kënne gebraucht gin, fir d’Bunnen vun deenen geféierlechen Objekter ze berechnen.

Quell: http://www.mnhn.lu/science/2013/02/07/near-earth-asteroid-astrometry-at-roeser-observatory-luxembourg-in-2001/


Verwandte Themen