Schnéi Experiment

FNR

Material:

  • Äis
  • Kichenduch
  • Salz
  • Glas
  • Zoppeläffel
  • Schwamp
  • Waarmt Waasser

Beschreiwung:

Fir Schnéi ze maachen, muss de fir d’éischt eng Keeltmëschung hierstellen. Du muss d’Äis zerklengeren, an dat méchs de am beschten, andeems de et an e Kichenduch lees, dëst zoubënns an dann d’Duch mam Äis dra fest op de Buedem knupps. D’Äisstécker fëlls de an d’Glas a gëss eng grouss Quantitéit Salz dobäi (3-4 Zoppeläffelen).

D’Salz-Äismëschung killt dobäi ënner Null grad of. Elo lees de e Schwamp, deens de mat waarme Waasser getränkt hues, nieft d’Glas a waarts 10-15 Minutten. Heibäi bilde sech wonnerschéi Schnéikristallen um Glas, déi ee mat der Lupp beobachte kann.

Erklärung:

An der Loft hu mer Loftfiichtegkeet, also Waasser. Wann een d’Loft duerch d’Äis-Mëschung staark ofkillt, kondenséiert d’Waasser aus der Loft: Dat heescht, et bilde sech winzeg kleng Waasserdrëpsen an der Loft, déi um Glas festfréieren. No an no setze sech weider Waasserdrëpsen of a bilde schéin Äiskristallen, wéi ee se vun de Schnéiflacke kennt.

De Schwamp hëlleft, datt méi Loftfiichtegkeet ronderëm d’Glas ass. Du kanns d’Glas mat der Salz-Äismëschung awer och einfach an der Buedzëmmer opstellen, nodeems de geduscht hues.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)

Auch in dieser Rubrik

Ouschter-Challenge Wéi kritt een e gekachten Ee an eng Fläsch - an och erëm eraus?

Eng duebel Challenge, fir deng Famill oder Frënn Ouschteren erauszefuerderen.

FNR
Weihnachts-Experiment Bringe eine Mandarine zum Leuchten – mit einer Wunderkerze

Dieses Experiment begeistert gerade viele Kinder und Erwachsene in den sozialen Medien. Doch warum funktioniert es?

FNR
Aufbrausend Verwandele herkömmliche Popcorn-Maiskörner in bunte Tänzer!

Die Popcorn-Körner werden über Nacht mit Lebensmittelfarbe eingefärbt und dann mithilfe von Wasser, Backpulver und Essig zum Tanzen bewegt!

FNR