FNR

Den „Hot-Chocolate”- oder „Cappuccino”-Effekt.

Den „Hot-Chocolate”- oder „Cappuccino”-Effekt gouf viru knapp 40 Joer vum Physiker Frank Crawford ënnersicht an ass ee Phenomeen, deen ee relativ einfach doheem ënnersiche kann. Maacht iech e Schocki oder Cappuccino (mat Mëllechschaum oder mat Instant-Pudder) an enger relativ déiwer Taass, an tuppt da mam Läffel e puer Mol op de Buedem. Réiert duerno a widderhuelt dann d’Tuppen. 

Den Toun, deen de Läffel produzéiert, geet duerch déi opgeschaimt Flëssegkeet (hei Instant-Cappuccino), a gëtt bei all Schlag méi hell, well no an no manner Loft an der Flëssegkeet gebonnen ass. Wann ee réiert, mëscht een nees Loft an d’Flëssegkeet an da kléngt d’Taass rëm déif.  

Dëst huet awer näischt mam Niveau vun der Flëssegkeet ze dinn, dee sech just ganz liicht ännert. Dës Toun-Ännerung huet mat der Vitess vum Schall ze dinn: Wat méi Loft an der Flëssegkeet ass, wat d'Vitesse vum Schall méi lues ass. Entscheedend fir den Toun ass d'„Kompressibilitéit“, also wéi vill een eng Flëssegkeet zesummendrécke kann. Rengt Waasser kann ee quasi net kompriméieren. Hei ass den Toun hell, well d’Vitess vum Schall héich ass. E Waasser-Loft-Gemësch (wéi Mëllechschaum) par contre léisst sech liicht kompriméieren, dohier ass d’Vitess vum Schall méi lues an den Toun méi déif.  

Maacht d’Experiment selwer no a probéiert mat verschiddene Flëssegkeeten. Et klappt anscheinend och, wann ee Salz a kale Béier réiert – mee dat wollte mer net probéieren. 

Auteur: Joseph Rodesch (FNR) 

Infobox

Source

Frank Crawford: The hot chocolate effect. In: American Journal of Physics. Band 50, Nr. 5, Mai 1982, S. 398–404, doi:10.1119/1.13080