shotshop.com

Mol gëtt ze vill Stroum produzéiert a mol ze mann, an dofir brauch een Installatiounen déi dat offiedere kënnen.

Fir Stroumschwankungen an eise Stroumnetzer auszegläichen. Mol gëtt ze vill Stroum produzéiert a mol ze mann, an dofir brauch een Installatiounen déi dat offiedere kënnen.

Bis elo huet een dofir virun allem Pompelspäicherwierker agesat, wéi mir och eent zu Veianen hunn: wa méi Stroum produzéiert gëtt wéi grad verbraucht gëtt, pompelt ee Waasser an ee méi héich geluechte Basseng. Wa méi Stroum gebraucht gëtt, wéi Kraaftwierker grad liwwere kënnen, léisst ee Waasser zréckfléissen a Turbinnen undreiwen, déi Stroum hierstellen.
Well mer ëmmer méi Wand- a Solarkraaftwierker un d‘Stroumnetz uschéissen, also Energiequellen déi immens variabel sinn, gëtt de Stroumtëschespäicher vun der hiergestallter Energie ëmmer méi wichteg. Fir dass et och da genuch Stroum gëtt, wann grad kee Wand bléist oder d’Sonn net schéngt. Well awer bal keng Plaz méi fir nei Pompelspäicherwierker do ass, ginn ëmmer méi Batteriefarme gebaut, fir Stroum ze späicheren.

Wéi muss ech mir déi virstellen?

Verschiddener benotzen ähnlech Batterien, wéi mir an eise Smartphone‘en hunn. Also Lithium-Ionen-Batterien - dovu sinn awer ganz, ganz vill déi zesummengeschalt ginn. De gréisste Batterienverbond, vun dëser Zort, steet an Australien nieft engem Wandpark. Deen hëlt d’Grondfläch vun engem Fussballterrain an. Eng nach méi grouss a leeschtungsstaark Batterie gëtt et a Japan. Déi setzt awer eng aus eisem Alldag net bekannt Schwiefel-Natrium-Technologie an. Dat si Batterien, déi ganzen Zäiten em déi 300 Grad waarm sinn.

Kléngt onpraktesch…

Am industrielle Moossstaf ass dat kee Problem. Mee souwuel Lithium-Ionen- wéi och Schwiefel-Natrium-Akkue sinn deier, wann de Batteriespäicher nach méi grouss soll ginn. Dowéinst setze Fuerscher an Ingenieuren elo op Redox-Flow-Batterien. Dobäi gëtt déi elektresch Energie an zwou spezielle Flëssegkeete gespäichert. Fir eng Batterie ze bauen, brauch een Tänk a Leitungen, déi déi zwou Flëssegkeete bei eng Reaktiounskammer féieren. Do reagéieren si mateneen a produzéieren de Stroum. Dobäi bleiwen si awer ëmmer duerch eng speziell Membran vunenee getrennt, vermëschen sech also net. Fir d’Opluede vun der Batterie dréit een de Prozess em: wärend Stroum duerch d’Reaktiounskammer fléisst, ginn d’Flëssegkeeten an déi aner Richtung gepompelt.

A wat ass de Virdeel vun dëser Batterie-Technik?

Et kann een domat nach méi riseg Batterië bauen, wann een als Tänk fir d’Flëssegkeeten ënnerierdesch Huelraim benotzt, wéi et se Salzbiergwierker ginn. Déi sinn dacks esou grouss, dass den Eiffeltuerm do era géif passen. Sou Risenbatterie sinn a China an an Däitschland geplangt. Dofir entwéckelen d’Fuerscher déi Batterieflëssegkeete weider, fir dass si méiglechst gënschteg an ëmweltfrëndlech sinn.

An dat wäert dat wierklech klappen?

Dat wësse mir eréischt, wann déi Risenbatterië fäerdeg sinn. Mee genau dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Nach e puer aner Froen...

Drockloft-„Batterien“?

Energie gëtt och mat Drockloft gespäichert. Wann ze vill Energie do ass, gëtt Loft a grouss Drockloft-Tänk oder gutt ofgedicht ënnerierdesch Huelraim gepompelt. Dat kënnen al Stolle sinn, oder wéi bei de grousse Redox-Flow-Projete riseg Huelraim aus Salzbiergwierker. Fir d’Energie zeréckzegewannen, léisst een d’Drockloft eng Turbinn undreiwen, déi dobäi Stroum hierstellt. Dobäi gëtt et awer ee Problem: wann sech d’Loft entspaant, killt si sech gläichzäiteg staark of, an d’Turbinn ka veräisen. Fir dat ze verhënneren, muss d’Drockloft erhëtzt ginn, fir d’Ofkillung ze kompenséieren. Technesch gëtt dat, an den eenzegen den Ament existéierte Groussanlagen an den USA an Däitschland geléist, an deem d’Drockloft mat Gas gemëscht gëtt. D’Gemësch verbrennt dann an der Turbinn. Et handelt sich also em Drockloft-Gas-Kombikraftwierker.

Stroum am Mier späicheren?

Ingenieure sinn op d’Iddi komm, fir Energie um Mieresbuedem ze späicheren. Grouss huel Kugelen ënner Waasser solle mat dem iwwerschëssegem Stroum eidel gepompelt ginn. Wa Stroum gebraucht gëtt, léisst een d’Waasser erëm erastréimen an dobäi eng Turbinn undreiwen. D’Method ass am Bodensee mat dräi Bëtonghuelkugele getest ginn. Fir wirtschaftlech ze sinn, mussen d’Kugelen en Duerchmiesser vu mindestens 30 Meter hunn an a 500 Meter oder méi déif versenkt ginn, rechnen d’Fuerscher aus.

Eng aner Iddi, fir Energie am Mier ze späicheren, si grouss kreesfërmeg Dämm. Et kéint een se an der Mëtt eidel pompelen a bei Bedarf Waasser erëm erastréime loossen, genau wéi bei Pompelspäicherwierker. Architekte mat vill Fantasie, proposéieren dës kreesfërmeg Inselen och fir den Tourismus ze benotzen oder Wandparken op si opzestellen. Si missten a flaache Mieresdeeler gebaut ginn. Niewent den enorme Baukäschte géif dat awer ee massiven Agrëff an den Ökosystem bedeiten, wéi zum Beispill am empfindleche Wattemier.

Elektroautoen als Stroumspäicher?

Eng Iddi fir Stroumspäicherung ass fir Elektroautoen zu enger Aart virtueller Risenbatterie zesummenzeschalten. Autoe stinn déi meescht Zäit jo einfach nëmmen do. Wann d’Elektroautoen dobäi un engem Kabel hänken, kéint een hier Batterien an dëser Zäit och als Energiespäicher notzen. Dofir misst zum Beispill eng Steierung, déi iwwer eng ganz Stad vernetzt ass, de Batterie-Management iwwerhuelen. Fuerscher an Ingenieure schaffen intensiv u sou Modeller. Privatpersounen oder Entreprisen, déi Batteriekapazitéit oder Stroum ubidden, kënnen dofir bezuelt ginn. Mee wéi kéint dës Bezuelung einfach awer sécher ofgewéckelt ginn? Dat ass nëmmen eng vun de Froe wouriwwer sech d’Entwéckler Gedanke maachen.

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Auch interessant

Creative Christmas Light up the nano-Christmas tree!

Let’s draw an electrical circuit with graphene nanotubes or conductive ink.

Mikrowellen-Experiment Entzünde ein Mini-Feuerwerk in einer Mikrowelle, mit einer CD!

Wenn du denkst, Mikrowellen könnten nur zum Essen-Aufwärmen genutzt werden, irrst du dich gewaltig!

FNR
Elektromobilitéit Wat ass d’Zukunft vun den Elektroautoen?

Brécht eist Stroumnetz mat den Elektroautoen zesummen?

FNR