Schnee-Experiment

FNR

Material:

  • Äis
  • Kichenduch
  • Salz
  • Glas
  • Zoppeläffel
  • Schwamp
  • Waarmt Waasser

Beschreiwung:

Fir Schnéi ze maache muss de fir d’éischt eng Keeltmëschung hierstellen. Du muss d’Äis zerklengeren, an dëst méchs De am beschten andeems De et an e Kichenduch lees, dëst zoubënns an dann d’Duch mam Äis dra fest op de Buedem knupps. D’Äisstécker fëlls de an d’Glas a gëss eng grouss Quantitéit Salz dobäi (3-4 Zoppeläffelen).

D’Salz-Äismëschung killt dobäi ënner Null grad of. Elo lees de e Schwamp deens de mat waarme Waasser getränkt hues nieft d’Glas a waarts 10-15 Minutten. Heibäi bilden sech wonnerschéi Schnéikristaller um Glas, déi ee mat der Lupp beobachte kann.

Erklärung:

An der Loft hu mer Loftfiichtegkeet, also Waasser. Wann een d’Loft duerch d’Äis-Mëschung staark ofkillt, kondenséiert d’Waasser aus der Loft: dat heescht et bilden sech winzeg kleng Waasserdrëpsen an der Loft déi um Glas fest fréieren. No a no setze sech weider Waasserdrëpsen of a bilde schéin Äiskristallen, wéi een se vun de Schnéiflacke kennt.

De Schwamp hëlleft datt méi Loftfiichtegkeet ronderëm d’Glas ass. Du kanns d’Glas mat der Salz-Äismëschung awer och einfach an der Buedzëmmer opstellen nodeems de geduscht hues.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)

Aussi dans cette rubrique

Experiment: Zongebatterie Wéi schmaacht elektresche Stroum?

Mat 2 verschidde Metaller kanns de op denger Zong en ongeféierlechen elektreschen Stroum schmaachen.

FNR
Waasser-Experiment En Zauberspill mat Waasser a Plastikspärelen

Eng Karaff ass mat Waasser gefëllt. Déi aner mat Plastikspärelen. Wéi kritt een d'Plaze vun deenen 2, mat Hëllef vun engem Béierdeckel, vertosch?

FNR
Expérience avec des fleurs Transformez des tulipes blanches en tulipes colorées !

Avec peu de matériel, vous avez la possibilité de transformer des tulipes (ou autres fleurs) blanches en tulipes colorées.

FNR