FNR

Infobox

Material
  • Gedréchent Leguminosen (Ierbessen, Bounen, Pois-Chiche, Lënsen...)
  • E Glas
  • E blechen Deckel
  • Waasser

Fëll z.B: Ierbessen an d’Glas, sou datt et bis iwwert de Rand voll ass. Fëll  duerno d’Glas ganz mat Waasser, a stell dat ganzt op e blechenen Deckel. No +/-10 Minutte quëllen d‘Ierbëssen lues a lues op, an déi éischt falen iwwert de Glasrand op den Deckel. Verstopp den Opbau hannert e Schaf oder ënner engem säi Bett a waart wéi dësen reagéiert. Dëst ongewéinlecht Geräisch kann d’Leit ganz schéin irritéieren. :-)

Firwat quëllen d’Leguminosen op?

Dëst huet mat engem natierleche Phenomen ze dinn, deen een Osmos nennt. An der Fruucht ass den Zockergehalt méi héisch wéi am Waasser. Duerch d’Schuel vun der Fruucht kann awer nëmme Waasser duerchgoen a keen Zocker. Et geet also elo esou laang Waasser an d’Ierbess bis den Zockergehalt am Waasser an an der Ierbess d’selwecht sinn. Wann een d’Friichten ze laang am Waasser leie léisst, platzen dës op.

D’Leguminosen déi der fir dëst Experiment benotzt kënnt der natierlech duerno nach iessen.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Video: Melanie Reuter, Joseph Rodesch (FNR)

Aussi intéréssant

Kanéil-Effekt Zapp deng Hand an d'Waasser ouni datt se naass gëtt

En Experiment mat deem een sech selwer am meeschten erstaunt. 

FNR
Experiment: Zongebatterie Wéi schmaacht elektresche Stroum?

Mat 2 verschidde Metaller kanns de op denger Zong en ongeféierlechen elektreschen Stroum schmaachen.

FNR
Waasser-Experiment En Zauberspill mat Waasser a Plastikspärelen

Eng Karaff ass mat Waasser gefëllt. Déi aner mat Plastikspärelen. Wéi kritt een d'Plaze vun deenen 2, mat Hëllef vun eng...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Mikroskopie Kuck méi genee - mat engem klengen digitale Mikroskop

Mat dësem einfache Mikroskop dat sou grouss ass wéi eng Täscheluucht kanns Du dir op dengem Computer, Tablett oder Smartphone Detailer ukucken, déi fir d’Aen villäicht souguer onsiichtbar sinn.

FNR
Partytrick Balancéier eng Béchs

Aus enger (bal) eideler Béchs gëtt eng Ballerina déi sech am Krees dréint.

FNR
Kanéil-Effekt Zapp deng Hand an d'Waasser ouni datt se naass gëtt

En Experiment mat deem een sech selwer am meeschten erstaunt. 

FNR