FNR

Du brauchs eng Forschett (oder anert Besteck) an e Stéck Aluminiumspabeier, dats De zu enger Strull dréins. Lee béid Metaller nieft eneen op deng Zong a looss se sech just ausserhalb vum Mond beréieren. Dee Moment fléisst e klenge Stroum iwwert deng Zong dee komesch kribbelt. Et ass net geféierlech mee maach dat trotzdeem net stonnelaang hannerteneen. ;)

Wat passéiert genee?

An Dengem Mond passéiert eppes änleches, wéi an enger normaler Batterie (galvanesch Zell). Eng Batterie funktionéiert wann 2 ënnerschiddlech edel Metaller nieft eneen an enger Flëssegkeet stinn. Hei hu mer Aluminium (onedel) , an eng méi “edel” Forschette aus Stol. Däi Spaut op der Zong ass d’Flëssegkeet (Elektrolyt). An dësem Fall léist sech ganz e bëssen Aluminium op der Zong op. Beim Opléisen zerleeën sech eenzel Aluminiumdelecher(Atomer) a positiv gelueden Aluminium-Ionen an negativ gelueden Elektronen. D’Elektronen wanderen duerch d’Metaller baussen erëm vum Aluminium an d’Forschette, well dat méi edelt Metall d’Elektronen besser unzitt. D’Forschette luet sech negativ op an zitt dann déi positiv Aluminioum-Ionen un, an dës wanderen dann iwwert d’Zong bei d’Forschett, dës elektresch Spannung spiert een. Do wou d’Forschette d’Zong beréiert, verbannen sech positiv a negativ Deelercher rëm zu Aluminiummetall.

Ganz sou einfach ass et natierlech net mee et kann een sech et sou änlech virstellen. En Batterie funktionéiert och no deem selwechte Prinzip. Mat Gromperen, verzénkten Neel an e puer Koffer Mënzen kriss de iwwregens eng LED un d’liichten.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)

Aussi intéréssant

Waasser-Experiment En Zauberspill mat Waasser a Plastikspärelen

Eng Karaff ass mat Waasser gefëllt. Déi aner mat Plastikspärelen. Wéi kritt een d'Plaze vun deenen 2, mat Hëllef vun eng...

FNR
Expérience avec des fleurs Transformez des tulipes blanches en tulipes colorées !

Avec peu de matériel, vous avez la possibilité de transformer des tulipes (ou autres fleurs) blanches en tulipes colorée...

FNR
Pneumatik Ka Loft schwéier Saachen ophiewen?

Blos an eng Plastikstut an hief esou e schwéiert Buch op wat drop läit!

FNR

Aussi dans cette rubrique

Waasser-Experiment En Zauberspill mat Waasser a Plastikspärelen

Eng Karaff ass mat Waasser gefëllt. Déi aner mat Plastikspärelen. Wéi kritt een d'Plaze vun deenen 2, mat Hëllef vun engem Béierdeckel, vertosch?

FNR
Expérience avec des fleurs Transformez des tulipes blanches en tulipes colorées !

Avec peu de matériel, vous avez la possibilité de transformer des tulipes (ou autres fleurs) blanches en tulipes colorées.

FNR