COM SALUD Agencia de comunicación

Google Glass & Co. si Wearables

Apple watch, Google Glass a Co. Déi meescht moossen domatt hir Fitness, mee do stécht awer méi dohanner... Mr Science, wat kënnen dës technesch Geräter iwwert eis soen?

Ma si sammelen Daten a kinnten d’Zukunft viraus soen.

Wierklech? A wéi soll dat goen?

Si funktionéiere matt Algorithmen also Computerprogrammer déi all d’Informatiounen déi se iwwert eis kréie kombinéieren a verschaffen, a sou kënnen se ëmmer méi e geneet Bild vun eis molen. Sensore moossen z.B. eis Bewegungen, Schlofgewunnechten, eise Bluttdrock asw, an d’Algorithme sichen doran no Muster a kënnen sou z.B. eise Kaloriëverbrauch, eis Intelligenz oder souguer d’Zukunft berechnen.

Interessant, mee si kenne mer bestëmmt net verrode wéi ech am Lotto soll spillen?

Haha dat wier schéin. Nee et gëtt vill Richtung Gesondheet gefuerscht. Op een evtl verhënnerbar Krankheeten duerch opfalend Muster sou kinnt éischter detektéieren. Mee dat gëtt natierlech och ganz kontrovers diskutéiert...

A matt all Sensor deen dobäi kënnt, kann een d’Zukunft da méi genee viraussoen?

Komescherweis ass dat net sou, well wat méi Donnéeën do sinn, wat d’Programmer ëmmer méi Schwieregkeeten hunn déi wichteg Donnéeë vun deenen onwiesentlechen ze trennen. Eist Gehir kann dat - a komplexe Situatiounen - vill besser.

Also och matt Apple Watch si mer nach kee gliesene Mënsch! D.h. d’Wearables ersetzen en Dokter nach net.

Nee. Mee vläicht hëllefen se bësse bei Diagnosen... Fir Diabetiker soll et demnächst Kontaktlënse ginn déi de Bluttzockerwäert iwwerwaachen. Mee sou eng Auer kann awer net vill méi wéi e Smartphone, an ass fir déi meescht Leit just e Gadget deen hinne seet, datt se sech net genuch beweegt hunn wann se 8 Stonne virum Computer souzen.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Photo:  COM SALUD Agencia de comunicación

 

Infobox

 

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
 

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Am interdisziplinäre Center SnT op der Uni zu Lëtzebuerg gëtt gefuerscht wéi een d’Bewegungsinformatioune vun den Handye vun en Autofuerer kinnt notzen, fir Viraussoen am Traffik ze maachen. Ähnlech wéi bei Wiederprevisioune kinnt een sou Stauprevisioune maachen. Méi Informantiounen hei.

Am interdisziplinäre Center LCSB och op der Uni zu Lëtzebuerg gi speziell Wearables fir Parkinsonpatiente getest.

Aussi intéréssant

Von Wasserraketen zu Nanoelektronik Thomas Schmidt und seine Liebe zur Physik

Forscher an der Uni Luxemburg: Der Physiker Prof. Dr. Thomas Schmidt lässt seine Karriere von Spaß und Leidenschaft lei...

Meet the Scientists Emmanuel Defay, Physicist

Bassiste et chercheur: Emmanuel Defay travaille sur des matériaux piézo-électriques - matériaux qui peuvent e.a. être u...