© RTL & FNR

Extrait aus dem PISA Wëssensmagazin

Eng Fassade, wéi déi vum Mr Science sengem Labo, verléiert Energie am Wäert vun iwwer 50€ d‘Woch (Rechebeispill um Schluss vum Artikel).

En energetesch isoléiert Haus spuert awer net nëmmen Energie, mee et bréngt och Wunnkonfort a schount d'Ëmwelt, well duerch manner Heizung manner klimaschiedlech Gase produzéiert ginn. Nei Haiser ginn dofir all schonn sou gebaut, datt se vill manner Energie verléieren. Bei alen Haiser kann een dat nodréiglech maachen, mee do stellen sech eng Rei Froen:

Wéi vill Isolatioun ass néideg?

Mat e bëssen Isolatioun kann een d'Energieverloschter schonn extrem reduzéieren. Am Reportage gëtt gewisen, datt schonn 3 cm Isolatioun eng Aspuerung vu 60-70% vun den Energieverloschter ausmëscht. Wat d'Isolatioun méi déck gëtt, wat een natierlech manner Energie verléiert, mee et si just déi éischt Zentimeter Isolatioun déi wierklech eng considerabel Aspuerung bréngen. Bei 6 cm Isolatioun ass ee bal bei 80 % Gesamterspuernis, mee bei all Zentimeter, deen ee méi isoléiert, muss ee schonn ofweien, ob sech d'Aspuerunge par Rapport zu den Zousazkäschte vum Isolatiounsmaterial iwwerhaapt nach lount. Well Isolatiounen awer meeschtens ganz laang op Haiser bleiwen, lounen sech am Prinzip laangfristeg och e puer cm méi un Isolatioun. Iwwer eng laang Dauer gekuckt, lount et sech op 12 cm an driwwer ze isoléieren, an dofir gëtt de Staat och Subsiden op dëser Déckt bei der Renovéierung vun ale Gebeier. Egal wéi gutt een isoléiert, et huet een awer ëmmer Verloschter.

Firwat bréng falsch Isolatioun Fiichtegkeetsproblemer a Schimmel mat sech?

Oft gëtt als éischt Isoléierungsmoossnam en Haus méi dicht gemaach: Besser Fënsteren, dicht Dieren...

Dëst bréngt Komfort, mee ännert vill an engem alen Haus. Wou fréier e permanente Loftzuch war, ass elo just nach eng kal Plaz. Op dëser Plaz kann sech elo Fiichtegkeet niddersetzen, well keen Zoch méi do ass, an dëst kann a ville Fäll zu Schimmel féieren. Nei Haiser déi gutt isoléiert sinn hunn dofir ëmmer eng Lëftungsanlag, fir dëse Loftzuch, deen en Haus brauch, ze erhalen. Wann ee keng Lëftungsanlag huet, muss ee konsequent an oft lëften a kal Plazen am Haus opsichen an am Ae behalen.

Bannen isoléieren, ass dat méiglech?

Jo, et ass méiglech, mee et ass net sou effektiv an och méi ufälleg fir Baufeeler. Wéi am Reportage gewisen, kann ee bei enger Isolatioun vu bannen ni all d'Plazen no baussen isoléieren, wat forcement zu Keeltbrécken (also Plaze wou Keelt duerch d'Mauer no banne kënnt) féiert. Op dëse Plazen kann erëm Fiichtegkeet kondenséieren, wat zu Schimmel féiere kann.

Wann ee vu bannen isoléiert däerf een net ze déck isoléieren, an et muss ee Materialie wielen déi d'Fiichtegkeet kënnen ophuelen.

Hëlleft et, just een Deel z'isoléieren, oder geet dann déi ganz Energie op enger aner Plaz eraus?

Hëtzt geet no uewen, an doduerch ass et am Sënnvollsten den Daach vun engem Haus als éischt ze isoléieren, well hei prozentual am meeschten Energie verluer. Fassade Richtung Norden, déi am keelste sinn, loossen och méi Hëtzt duerch wéi eng Fassade Richtung Süden. Deelisolatioun bréngt eppes, wëll d'Haus da manner Uewerfläch huet fir Hëtzt un d'Ëmwelt ofzeginn. De richteg groussen Energiespuereffekt huet een awer just wa komplett isoléiert ass.

Bei enger Deelisolatioun vum Haus huet een natierlech och nach weiderhi verschidde kal Maueren, oder Plazen, déi een am Ae behale muss, fir datt keng Fiichtegkeet hei kondenséiert.

Fazit

Isolatioun ass e ganzt komplext Thema, bei deem et schwéier ass allgemeng gülteg Aussoen ze treffen, well all Haus aner Contrainten huet. Eng 12 cm Baussenisolatioun vum kompletten Haus ass aus ökologescher an ekonomescher Siicht eng ganz sënnvoll Moossnam, wann een och noohalteg Materialien benotzt. Egal wéi, soll een sech kompetent berode loossen, wat Instituter wéi "myenergy" och maachen.

Fréier oder spéider wäerten all al Haiser mussen energetesch sanéiert ginn, well bei de Privathaiser op Landesniveau sech am einfachsten vill CO2 aspuere léist.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)

Video-Produktioun: RTL 

 

Wéi kann een berechnen, wéi vill Energie ech verléieren?

Wéi vill Energie verluer geet, kann ee selwer rechne wann een de sougenannten U-wäert (Wärmtdurchgangskoeffizient) vun der Fassade kennt. Dëse steet am Energiepass vum Haus. Dëse Wäert seet aus, wéi vill Energie duerch d'Baussemaueren duerchgeet. Den U-Wäert bezitt sech op ee Quadratmeter an op ee Grad Temperaturdifferenz tëscht bannen a baussen.

En onisoléiert Zillenhaus huet en U-wäert vun iwwer 2 W/(K*m2).

W= Watt
K= Kelvin (Unitéit fir Temperatur)
m2= ass d'Fläch

Wann elo en Temperaturënnerscheed (tëscht bannen a baussen) vun 20° ass, an d'Fassade 100 m2 huet, straalt d'Haus mat: 20*100*2 = 4000 Watt.

Eng Woch huet 168 Stonnen. An enger Woch verléiert een also eng Energie vun 168*4000= 672'000 Wh= 672 kWh. kWh (Kilowattstonnen) ass eng Eenheet fir Energie. Ee Kilowattstonn Gas fir d'Heizung kascht ongeféier 0,05 €

 

 

Infobox

Wéi kann een berechnen, wéi vill Energie ech verléieren?

 

Wéi vill Energie verluer geet, kann ee selwer rechne wann een de sougenannten U-wäert (Wärmtdurchgangskoeffizient) vun der Fassade kennt. Dëse steet am Energiepass vum Haus. Dëse Wäert seet aus, wéi vill Energie duerch d'Baussemaueren duerchgeet. Den U-Wäert bezitt sech op ee Quadratmeter an op ee Grad Temperaturdifferenz tëscht bannen a baussen.

En onisoléiert Zillenhaus huet en U-wäert vun iwwer 2 W/(K*m2).

W= Watt
K= Kelvin (Unitéit fir Temperatur)
m2= ass d'Fläch

 Wann elo en Temperaturënnerscheed (tëscht bannen a baussen) vun 20° ass, an d'Fassade 100 m2 huet, straalt d'Haus mat: 20*100*2 = 4000 Watt.

Eng Woch huet 168 Stonnen. An enger Woch verléiert een also eng Energie vun 168*4000= 672'000 Wh= 672 kWh. kWh (Kilowattstonnen) ass eng Eenheet fir Energie. Ee Kilowattstonn Gas fir d'Heizung kascht ongeféier 0,05 €

 

 

Aussi intéréssant

Nouveautés en science L’essentiel de l’actualité de la recherche au Luxembourg- septembre 2022

Les dernières découvertes scientifiques au Luxembourg résumées en petits paragraphes faciles à assimiler.

Overshoot Day 100 % erneierbar Energien zu Lëtzebuerg: Wier dat méiglech? A wa jo, wéi séier?

Momentan ginn zu Lëtzebuerg deenen aktuellen Zuelen no 9 % vum Stroum aus erneierbaren Energië produzéiert. Wier et méig...

FNR
Moteur électrique contre moteur à combustion Voiture électrique ou diesel : quelle est la meilleure option pour le climat ?

Bien que les véhicules électriques n'émettent pas de CO2 pendant la conduite, leur fabrication consomme plus d’énergie q...

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR