Traumpartner

Pexels/Scott Webb

Reng mathematesch gesi gëtt et eng optimal Strategie fir de richtege Partner ze fannen

D’Wëssenschaft beschäftegt sech jo mat allméiglechem, mee wousst Dir dat och intensiv um Dating gefuerscht gëtt?

Mr Science, hunn d’Fuerscher eng Äntwert op d’Fro wéi laang een op säin Dramprënz oder -prinzessin waarde soll?

Du wäers vläicht iwwerrascht sinn, awer si hu wierklech eng Äntwert dorop! Reng mathematesch gesi gëtt et eng optimal Strategie: Als alleréischt muss ee fir sech festleeë wéi vill Zäit een sech fir d’Sich gëtt, soe mer mol 10 Joer.

Oh dat ass awer laang!

Jo gutt , mee et soll jo idealerweis fir d’Liewe sinn, an ausserdeem ass et méi einfach ze rechnen. An deenen éischten 3 Joer an 8 Méint test een d’Situatioun um Marché, also déi fräi Partner. Awer, wann een da scho mengt et hätt een säin Drampartner fonnt, da muss een haart bleiwen. Well sou richteg eescht gëtt et eréischt no deem Zäitraum. Soubal een op een oder eent trëfft dee besser passt wéi all déi aus der Testphase kann een direkt zouschloen!

Dat klengt awer net romantesch...

Dat stëmmt mee dat erhéicht awer d’Wahrscheinlechkeet den optimale Choix ze treffen... Mee ech ginn zou datt déi meescht dës Zort Strategie éischter bei enger Wunnengssich applizéieren a net bei der Partnersich. D’Wëssenschaft kann awer nach aner Tipps bei der Partnersich ginn z.B. bei dem Online-Dating – wéi een do aus der Mass ervirstécht.

Eng besonnesch schéi Foto mol?

Jo dat schued mol net. Et soll een d’Foto awer net selwer aussichen, mee anerer d’Wiel iwwerloossen, well anerer besser d’Attraktivitéit vun der eeneger Foto aschätze kënnen. De Profilnumm soll och mat engem Buschtaf aus der éischter Halschent vum Alphabet ufänken, da gëtt ee méi oft kontaktéiert.

Also amplaz vun Zockerhäerz léiwer .... Blimmchen?

Genee. An da beim Text ass et ganz wichteg fir ongeféier 70% vu sech ze verzielen an 30% wat een vum Partner erwaart, deen ee sicht. Sou erhéicht een d’Chancen datt een aus der Mass vun den Onlinedater positiv opfält.

Verschidde Partnersäite behaapte jo si kéinte mat wëssenschaftlechen Algorithmen de gëeegente Partner auswielen.

Bis elo gëtt et keng eenzeg wëssenschaftlech seriö Studien déi beweist datt dës Algorithme wierklech funktionéieren. Awer online Dating ass e super interessanten Domaine fir Partnerfuerscher. An et ass ganz nei datt si op sou vill Donnée vu Singelen op der Sich kënnen zréckgräifen.

Dat heescht an Zukunft kënne mer eis nach op nei Erkenntnisser freeën?

Jo ech denke schonn, d‘Fuerschung bleift jiddefalls spannend!

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Iwwersetzer:  Joseph Rodesch (FNR)

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Aussi intéréssant

Jeune Scientifique Recherche en mathématiques sur un billiard tridimensionnel

Un jeune scientifique luxembourgeois s’attelle à la résolution d’un problème mathématique bien particulier : à quoi ress...

Géométrie Réalise des expériences avec un ruban de Möbius en papier cadeau

Un ruban de Möbius est une surface bidimensionnelle qui n’a qu’une face et une arête. Fascinant !

FNR
Fluctuations à l’épreuve ! L’art de dévoiler le pertinent dans le chaos du bruit statistique

Dans leur quête du savoir, les chercheurs testent leurs hypothèses afin de tirer des conclusions. Découvrez comment la S...

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR