© Wikimedia Commons

Sekundenkleber brauch e besse Waasser (oder Fichtegkeet) fir ze pechen.

Wéi d’Substanz erfonnt gouf, war se en Échec. Se huet un alle Labosobjete gepecht. Réischt Jore méi spéit gouf se rëmendeckt a mat groussem Succès als Sekundenkleber verkaf. Haut gi souguer Wonnen domat versuergt.

Heescht dat, Sekundenkleber kann e Verband ersetzen?

Klengt verréckt, ass awer sou! Déi éischte Kéier gouf dat am Vietnamkrich u blesséierten amerikaneschen Zaldote getest. Dofir goufe Spraydouse mat Koll gefëllt. Sou konnt een en als Verband op d’Wonn sprayen, fir se zesummen ze halen.

An dat huet funktionéiert?

Jo, an deene meeschte Fäll. De Virdeel war, dass een de Koll ganz séier benotzte konnt. Et hat awer och seng Nodeeler: Bei der Pechaktioun kann et immens waarm ginn an am Sekundenkleber si Stoffer dran, déi d’Haut an eist Gewebe irritéieren. Et huet dunn nach bis Enn 1990 gedauert ier d’Fuerscher eng Rezeptur entwéckelt haten, déi e bësse méi douce ass. Haut gëtt de medezinesche Sekundenkleber a munche Fäll während Operatiounen agesat an e gëtt als Sprayverband verkaf. Et soll een awer just Sekundenkleber benotzen deen et an der Apdikt gëtt, net deen aus dem Baumaart.

Kléngt logesch.... Mee wat ass Sekundenkleber eigentlech?

Am flëssegem Zoustand besteet en aus eenzele chemesche Bausteng. Wann en beim Peche mat e wéineg Waasser a Kontakt kënnt, reagéieren des Bausteng a forme laang Ketten, déi matenee vernetzt sinn an déi un deene meeschte Surfacë fest pechen. E brauch also Waasser fir ze Pechen, mee e bëssi Loftfiichtegkeet geet schonn déck duer. Dofir pecht en och sou gutt un der Haut, déi ass jo ëmmer e bësse fiicht.

Wat kann ee maachen, wann een sech mat Sekundenkleber un eppes festpecht?

Et soll een sech op kee Fall lassrappen! Meeschtens hëlleft wootlech Seefewaasser oder e bëssen Ueleg. Da ganz virsiichteg zéien a vill Gedold.

An wéini gouf de Sekundenkleber erfonnt?

En amerikanesche Fuerscher huet domat am 2. Weltkrich experimentéiert. D’Substanz ass chemesch mat Acrylglas Famill. En wollt dofir domat duerchsiichtege Plastik fir d’Lënse vun Zielobjektive produzéieren. Dat Geschir huet awer am Labo einfach un allem gepecht, et war en totalen Échec. Réischt en Joerzéngt méi spéit huet sech de Fuerscher rëm un seng Erfannung erënnert an un déi onmoosseg Pechkraaft. D’Flëssegkeet gëtt säitdem mat groussen Erfolleg als Sekundenkleber verkaf!

Sou ass aus engem Échec trotzdem nach eng Erfollegsgeschicht ginn!

D’Wëssenschaft ass ëmmer fir eng Iwwerraschung gutt! Dofir bleift se jo sou spannend!

Auteur: Ingo Knopf

Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Traducteur: Sophie Steinmetz

Photo: Wikimedia Commons

Infobox

Mr Science op RTL Radio

All 2 Wochen présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

Aussi intéréssant

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt ne...

FNR
Recherche au LIST : de quoi sera fait l'avenir ? Un modèle de poumon vient remplacer les tests sur les animaux dans l’expérimentation

L'expérimentation animale dans la recherche est très controversée. Le scientifique du LIST Arno Gutleb et son équipe tra...

Application pour smartphone Les substances nocives au quotidien

La plupart des biens de consommation contiennent des produits chimiques. Mais savez-vous lesquels représentent un danger...

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR