Umweltwissenschaften

LtEtt

Ëmweltwëssenschaften sinn immens vielfälteg

Déi nei Formatioun fir d’Divisioun „technique générale“ gouf des Woch am Kader vun der Lycéesreform vum Educatiounsminister Claude Meisch ugekënnegt.

D'Sektioun „Sciences environnementales“ (SE) am Lycée technique vun Ettelbréck start op der 2e a bitt och d‘1e un.

„Si bereet Schüler souwuel ob d’Beruffsliewe vir wéi och op Universitéits- oder Héichschoulstudien am Développement durable a méi generell an den Domainer Ëmwelt, Ecologie, Écotechnologien, nohalteg Mobilitéit, Kreeslafwirtschaft an erneierbar Energien“, sou den Educatiounsministère a sengem Dossier Presse.

„Déi nei Sektioun féiert d’Bildung fir nohalteg Entwécklung an. Dobäi geet et drëms Jonker an Erwuessener fir d’Komplexitéit vun eiser Gesellschaft ze sensibiliséieren, si ze motivéieren hiert Behuelen ze änneren a souwuel um lokale wéi um globalen Niveau als responsabel Bierger ze handelen, virun allem am Hibléck op zukünfteg Generatiounen", sou den LtEtt op senger Internetsait.

Wat si konkret Beruffer a méiglech Employeuren an dësen Domainer?

„Als Beruffer kommen vill nei Beruffer a Fro déi et elo nach net ginn, respektiv nach keen Numm hunn“, äntwert de Guy Putz, Proff am LtEtt. Als konkret Beispiller vu méiglechen Employeuren nennt hien z.B. Enovos, Mobilitéitszentral, Ëmweltverwaltung, Berodung a Mëttel- oder Klengbetriber (z.B. beim Hausbau) oder d'Waasserwirtschaftsamt (zousätzlech Beispiller an der Infobox).

„No der 1e SE kann een och op eng Uni goen an z.B. fir Ingenieur studéieren, méi speziell vläicht op der Uni Lëtzebuerg en Bachelor professionnel an Energie & Environnement maachen“, seet de Guy Putz. Ëmwelttechnik kéint een och z.B. zu Tréier (Birkenfeld), Saarbrécken oder Köln studéieren (Bachelor a Masterstudiegäng).

Wéi eng Fächer huet een op der neier Sektioun am Lycée?

D’Léiermethod baséiert op verschiddenen Themen, déi interdisziplinär behandelt ginn: Offall, Energie, Loft/Atmosphär, Mobilitéit, Waasser, Buedem. D’Spezialisatiounsfächer sinn : Écologie (3h), Aspects économiques et juridiques du développement durable (2h), Environnement et technologies (6h) a Physik (3h).

Aner wichteg Elementer si Fallstudien, duerch déi d’Schüler en Abléck an d’sozio-ekonomesch Aspekter vun dësen Domainer kréie sollen, interdisziplinär Projeten, Interventioune vun externen Experten a Stagen an Entreprisen (Beispiller vun externen Experten an Entreprisen fir Stagen an der Infobox).

Donieft zwou Sproochen (Englesch, 3h, an entweder Däitsch oder Franséisch, 3h), Mathé (5h), Connaissances du monde contemporain (2h), ‘Education physique (2h) an nach Optiounsfächer (2h).

Wat sinn d’Viraussetzunge fir d’Sektioun maachen ze kënnen?

Viraussetzunge sinn zolidd Basiskenntnisser an der Mathematik an an den Naturwëssenschaften. Ausserdeem ass eng gutt Allgemengbildung vu Virdeel fir sech kënnen am Kader vum Développement durable spéider um berufflechen Niveau ze positionéieren.

Prinzipiell kënne Schüler vun enger 3e aus enger anerer Sektioun vun der Divisioun technique générale oder vun enger 3e aus dem secondaire classique sech fir d’Sektioun mellen.

Firwat gëtt des Sektioun just am LtEtt ugebueden?

Am LtEtt ginn Ëmweltwëssenschaften, nohalteg Entwécklung a besonnesch erneierbar Energië scho säit dem Joër 2000 thematiséiert, ënner anerem am Kader vu grousse Schoulprojeten wéi z.B. Windmobile, SunCup oder SolarMobility.

Fir de Projet Windmobile, dee souwuel Schüler wéi Proffen eng Plattform bitt sech an interaktiven Ateliere mam Thema Wandkraaft an erneierbar Energien auserneenzesetzen, kruten de Guy Putz a Will Reiter vum LtEtt den FNR Award 2017 for Outstanding Promotion of Science to  the Public vum Fonds National de la Recherche.

D’Sektioun « Sciences environnementales » gouf an Zesummenaarbecht mat enger daitscher Partnerschoul vum LtEtt entwéckelt, der Gottlieb Daimler Schule 2, Sindelfingen, an dem „Landesinstitut für Schulentwicklung, Baden-Württemberg.

Méi Informatiounen

Dossier Presse vum LtEtt: http://www.ltett.lu/wp-content/uploads/2018/02/LTEtt_Section_SE_web.pdf
News op der Internetsait vum LtEtt: http://www.ltett.lu/section-sciences-environnementales-a-partir-de-2018-...
Dossier Presse vum Ministère http://www.men.public.lu/catalogue-publications/themes-transversaux/doss...

Auteurs: MENJE, LtEtt
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Illustratioun : LtEtt

 

Infobox

Méiglech Employeuren fir Leit mat enger 1e SE

  • Enovos,Creos, CFL, Luxtram, Mobilitéitszentral
  • Superdreckskëscht
  • Kläranlagen
  • Wassersyndikater
  • Ëmweltverwaltung
  • Offallberodung
  • Berodung an Mëttel- a Klengbetriber, z.B. als Beroder beim Hausbau
  • Laboen vun der Uni oder dem LIST
  • MDDI, Waasserwirtschaftsamt, ASTA
  • Gemengen a Ministèren
Experten a Stagen

  • Luxtram
  • Mobilitéitszentral
  • Laboen
  • Superdreckskescht
  • Soler
  • SEO
  • natur & ëmwelt (z.B. Kalbermillen)
  • Miscanthus.lu
  • Waassersyndikater
  • Kläranlagen
  • Biogasanlagen
  • Kleng Handwierksbetriber am Beräich vun den erneierbaren Energien
  • CELL

Aussi intéréssant

App Bloomin‘ Algae Les citoyens peuvent aider à surveiller les algues bleues dans les eaux luxembourgeoises

Grâce à l'application pour smartphone Bloomin' Algae, tout le monde au Luxembourg peut aider les scientifiques du LIST à...

Fort mam Onkraut Wéi eng Alternative ginn et eigentlech fir Glyphosat?

Zanter iwwert engem Joer ass Glyphosat zu Lëtzebuerg verbueden. Mee wat sinn d’Alternativen, fir hautdesdaags Onkraut ze...

FNR
SnT Partnership Day Une interface éprouvée entre la recherche et l’application

Le SnT de l’Université fait désormais partie des centres de recherche les plus importants au monde en matière de dévelop...

SnT

Aussi dans cette rubrique

Portrait des candidats - Saison 1 Interview avec Alex Tomé, candidat à Take Off

Discret au début, confiant par la suite : Alex Tomé à maîtrisé les défis de Take Off avec une façon bien à lui, celle du milieu de terrain qui ne perd pas de vue l’enjeu. Les détails dans l’article !

PORTRAIT DES CANDIDATS - SAISON 1 Interview avec Lenny Kakou, candidat à Take Off

C'est un comédien né, et il excelle en philo: pourtant il est arrivé parmi les finalistes de la Take Off Science Challenge Show. Comment? La réponse dans notre interview exclusive avec Lenny Kakou.