Eng Planz déi liicht.

(c) Shotshop

Mr Science, wat genee huet de Spezialist da fir?

Du hues dat scho richteg verstanen: hie wëll Planze sou veränneren, dass mir se als Luuchte kënne benotzen. Egal ob elo als Zëmmerplanz fir de Büro, de Canapéseck, oder als Bam fir Owes d’Stroossen ze beliichten.

Dat kléngt jo no Alice im Wunderland: wéi soll dat da klappen?

D’selwecht wéi bei de Glühwiermecher. Déi kënne liichten, well si en Enzym produzéieren, dee passenderweis Luciferase genannt gouf.

Nom Luzifer, dem Moiesstär?

Genee. Wéinst deem geheimnisvolle Liichten. D’Luciferase erméiglecht dem Glühwiermchen et, fir Energie aus sengem Iessen a Liicht ëmzewandelen. Fir dass dat och Planze kënnen, huet de Fuerscher d‘Luciferase an di aner dofir néideg Moleküller op ganz kleng Nanopartikel gepak. Dunn huet hien eng Planz an eng Léisung mat dësen Nanopartikele geluecht, an huet de Behälter ënner Drock gesat. Doduerch sinn d’Nanopartikelen duerch reng Poren a Planzenblieder gewandert an hu Liicht produzéiert. Bis ewell konnt ee Planzen nëmmen duerch Gentechnik un d‘Liichte bréngen, andeems een de Gen vun der Luciferase an den Génome vun de Planzen agebaut huet. Dat ass awer e längere Prozess a klappt och net ëmmer.

Mat wéi enge Planzen huet de Fuerscher da seng Liicht-Experimenter gemaach?

Mat Brunnenkresse, Rucola, Spinat a gekrauseltem Kabes.

Et ass also éischter eppes fir de Geméisgaart, wann een Owes am Gaart schaffe wëll?

(laacht) D’Planze liichte bis elo nëmme ganz, ganz e bëssen. Fir dass och Beem liichte kënnen, proposéiert hien, dass d’Nanopartikel mat der Luciferase an deenen aneren néidege Moleküllen op d’Blieder vun de Beem gesprutzt ginn. D’Beem sollen d’Partikel da vum selwen ophuelen. Hien wëll dat Ganzt esou weider entwéckelen dass een dat nëmmen ee Mol maache muss, a se dann e puer Joer liichten.

Dee Fuerscher huet jiddefalls vill Fantasie!

Dat stëmmt. Mee ënnert anerem dowéinst bleift d’Fuerschung jo ëmmer esou spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzer: Melanie Reuter (FNR)
Foto: Shotshop

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science

Biolumineszenz an der Natur

Wann ee vill Gléck huet, da kann een an der Nuecht bei engem Strandspazéiergang d’Mier liichte gesinn. Dat geheimnisvollt Liichte kënnt vu bestëmmte Planktonaarten. Si produzéieren et, wann si bei vill Welle ronderëm geschleidert ginn. Mee och e puer Aarte vu Champignonen, Insekte wéi Glühwiermecher, Korallen, Quallen, Algen oder souguer verschidde Fësch- oder Tëntefësch-Aarte kënne liichten. Mat dem Liicht kënnen si Fudder oder potentiell Partner ulackelen. Si benotzen et awer och fir ënnerteneen sech ze verstännegen oder méiglech Ugräifer ofzelenken.

Liichte mat Bakterien

Eng franséisch Start-Up Firma ass an de leschte Joren an d’Schlagzeile komm, well si probéieren, Bakterië fir dekorativ Liichtmëttel ze benotzen. Grënnerin vun der Firma ass eng Designerin, déi sech mat Biochemiker an anere Wëssenschaftler zesummegedoen huet. Si ënnersiche Liichtbakterien déi a spezielle Liichtorganer vun enger Tëntefësch-Aart liewen. D’Biolumineszenz-Gener vun dëse Bakterië setzen si gentechnesch an aner Bakterien an, déi een einfach a gängegen Nährléisungen ziichte kann. Wann e speziellen Zocker als Nahrung fir dës Bakterien dobäigesat gëtt, fänkt d’Léisung un ze liichten. Fir se als Luucht kënnen anzesetzen, gëtt eng Léisung an duerchsiichteg Réier gefëllt, déi dann sou ähnlech wéi Neonréier liichte – mee vill, vill manner staark.

Nobelpräis fir Biolumineszenz

Kënschtlech Biolumineszenz ass mëttlerweil e Standardgeschier an der Gentechnik. Dofir gouf et souguer 2008 en Nobelpräis. Sou kann een zum Beispill e Gen fir Biolumineszenz mat engem anere Gen koppelen, dat een an de Génome vun engem Organismus aschleise wëll. Déi Zellen, an deen hirem Génome béid Gener opgeholl gi sinn, kënnen duerno liichten. Sou kontrolléiere Gentechniker ob de Gentransfert gutt verlaf ass. Dat ass eng vu villen Uwendungsméiglechkeete vu Biolumineszenz an der biologescher a medezinescher Fuerschung.

Aussi intéréssant

État des lieux scientifique Quels sont les effets sanitaires et sociaux du cannabis récréatif?

Nous résumons ce que sait la science sur l’impact du cannabis psychoactif sur le bien-être physique, mental et social de...

FNR
Expérience avec des fleurs Transformez des tulipes blanches en tulipes colorées !

Avec peu de matériel, vous avez la possibilité de transformer des tulipes (ou autres fleurs) blanches en tulipes colorée...

FNR
Nuisibles Le scolyte : du nuisible secondaire à l’ennemi mortel des épicéas

Sur les près de 50 espèces de scolytes présentes au Luxembourg, deux d’entre elles surtout sont extrêmement dangereuses ...

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR