(c) RTL

D'Operesängerinnen an de Comic'en kënne Glas zersangen - mee geet dat och a Wierklechkeet? - De Mr Science mécht den Test.

Glas ass méi stabil wéi ee mengt. An der Highspeedopnahm am Video gesäit een wéi staark Glas sech verformen kann ouni datt et brécht. Fir d'Glas un d'Schwéngen ze kréien, muss een genee d'Eegefrequenz vum Glas matt engem staarke Lautsprecher (am beschten en Horn-driver) aspillen. D'Eeegefrequenz moosst een andeem ee mam naasse Fanger iwwert de Glasrand fiert. Eng Smartphoneapp kann dobäi all déi technesch Geräter ersetzen. Eng App déi souwuel en Toun moossen wéi och generéieren kann ass folgend: ToneGenerator Ultra. Schléisst de Smartphone un e gudde Verstäerker matt Box un a stellt d'Glas sou virdrun datt d'Sortie vum Speaker genee den ieweschte Rand vum Glas trëfft.

Wann dir dëse Versuch nomaache wëllt - braucht der e méiglecht dënnt awer haart Glas. Wann een et matt der eegener Stëmm (ouni Verstäerker) wëll zersangen, muss een d'Glas uritzen - an dëst geet am beschten matt Glaspabeier.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktion: RTL

Infobox

RTL PISA - de Wëssensmagazin

De Pisa Wëssensmagazin kënnt ee mol de Mount op RTL Telé Lëtzebuerg.

Aussi intéréssant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Rätsel aus dem Alldag Wou kënnt metallesche Geroch hier?

Firwat richen eigentlech eng Mënz oder aner metallesch Géigestänn wéi zum Beispill e Schrauweschlëssel oder Dierklensche...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR