Radio und Frau

shotshop.com

grad esou wéi d’Radiosantenn kann de mënschleche Kierper Radiowellen empfänken a senden

Dëse Phänomen mierkt een nëmmen wann de Radio e schlechten Empfang huet. Ausserdeem mierkt een dat och nëmme bei engem Radio matt enger Antenn.

A wa mir eis elo nieft dem Radio matt Antenn bewegen, da beaflossen mir den Empfang?

Jo, genee. Well eise Kierper haaptsächlech aus Waasser matt Salzer besteet, si mir elektresch Leitkierperen a kennen och d'elektromagnéitesch Radiowelle weiderleeden. Mir sinn also souzesoe mënschlech Antennen.

OK!  Mä firwat verännere mir dann als zweet Antenn de Radioempfang? Mir si jo net mam Radio verbonnen

Jo, mee grad esou wéi d'Radiosantenn kann de mënschleche Kierper Radiowellen empfänken a senden, e bësse sou wéi e Spigel. An da kann et virkommen dass däi Kierper Wellen zeréck un d’Radiosantenn schéckt déi scho vun do kommen … oder awer aner Wellen opfänkt déi dann ni bei der Radiosantenn ukommen. Dofir gëtt däin Empfang dann duercherneen.

Ma da kéint ee jo eigentlech och e Radio baue wou mir selwer d'Antenn wieren?

Bon, mir si leider zimlech schlecht Leitkierperen verglach mat enger richteger Radiosantenn an eisen Empfang schwankt immens vill. Mä d'Iddi ass awer guer net esou schlecht! E Schwäizer Designer hat eng ähnlech Iddi an huet en Teppech mat engem agebaute Radio entwéckelt wou de Mënsch d'Antenn ass. Kuck emol um Internetsite, ech hunn iech e Link drop gesat. De Problem ass eben just dass de den Empfang net gutt kanns kontrolléieren, du kriss also vill Gedauschs a kanns net wierklech Radio lauschteren.

Text: Corinne Kroemmer
Foto: shotshop.com

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Dës Fro gouf den 04/10/11 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Sinn d'Welle geféierlech?

Welle sinn iwwerall: am Telefon, Radio, Internet, Mikrowellen... Well mer de ganzen Dag an enger Unzuel vun dëse Welle liewen, hunn d'Spezialisten di lescht Joren ugefaang hiren Impakt op eis Gesondheet ënnert d'Lupp ze huelen. Trotz enger grousser Unzuel vun Experimenter a Studien hunn se nach keng kloer Resultater fonnt. Mir wëssen also ëmmer nach net wéi vill Wellen eise Kierper ka verkraften a wat d'Konsequenzen op eis Gesondheet sinn. Trotzdem ginn et schonn Norme fir d'Expositioun op d'Wellen ze limitéieren, souzesoen als Virsiichtsmoossnam.

Frequenzen

Gutt ze wëssen: radioelektresch Frequenze ginn nëmme ganz spezifesch benotzt, zum Beispill fir Telekommunikatioun a Radaren. D'Benotzung gëtt vun der « Union Internationale des télécommunications (UIT) » regléiert.

Fuerschung zu Lëtzebuerg

D'Uni Lëtzebuerg fuerscht un Héichfrequenzen a Mikrowellen an hirer Unitéit fir Ingénieurswëssenschaften. Hiert Ziel ass et fir duerch Modélisatiounen d'Mikrowelle besser ze verstoen.

Fuerschung iwwert d'Grenzen eraus

Déi verschidde Wellen-Type sinn en zimlech verbreede Fuerschungsobjet. Den « Institut Télécom Paris Tech » zum Beispill studéiert Radiofrequenzen an Mikrowellen.

Aussi intéréssant

The Beauty of Slow Motion Pour quelle raison les physiciens font-ils tomber des ballons de baudruche remplis d’eau ?

Au moment de l'impact, d'étonnantes oscillations se forment à la surface du ballon rempli d'eau. Pourquoi les physiciens...

FNR
The Beauty of Slow Motion Comment le diapason produit-il un son?

Pourquoi le diapason a-t-il deux branches et comment produit-il un son ?

FNR
The Beauty of Slow Motion Comment se forme le son d’une cymbale de batterie ?

Est-ce un son ou un bruit ? Que se passe-t-il au juste lorsqu'on frappe sur la cymbale d'une batterie et comment se form...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR