Chatchai Kritsetsakul/Shutterstock

Déierenhaltung ass fir 15% vun eisen CO2 Emissioune verantwortlech.

E Porsche Cayenne ass jo net grad deen ökologeschsten Auto a produzéiert bal 300 Gramm CO2 pro Kilometer! Mee verglach mam CO2, dee bei der Hirstellung vu Fleesch entsteet, ass dat e Klacks!

Seriö? Duerch den Transport an d’Liwwerung vum Fleesch oder wéi?

Enner anerem, jo. D’Déierenhaltung ass fir 15% vun eisen CO2 Emissioune verantwortlech. De Baueren hir Maschinnen droen natierlech e groussen Deel dozou bäi, grad esou wéi den Transport vum Fudder fir eis Déieren, dat dacks aus Süd-oder Zentralamerika kennt.

An zemools d’Kéi produzéiere jo och vill Methangas ... deen ass jo och zimlech schiedlech, nee?

Genee, dee gëtt och geholl fir d’CO2-Emissiounen auszerechnen. Fir selwer esou vill Fudder wéi méiglech fir d’Déieren hierzestellen, gi meeschten extra nährstoffräich Planzen ugebaut. Leider verdauen d’Déieren déi net gutt a produzéieren dofir nach vill méi Methangas. De Methangas vun enger eenzeger Kou ass schonn esou schiedlech wéi d’CO2-Emissioune vun engem Auto während engem Dag!

Also: Wann der net kennt op de Büfdeck verzichten, da schmäisst iech wéinstens op de Vëlo a loosst de Porsche an der Garage! ;)

P.S.: D'Zuelen zu dëser Ausso fannt der an der Infobox.

Auteur: Corinne Kroemmer
Foto © Chatchai Kritsetsakul/Shutterstock

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

     
A just zum Spaass nach e puer Zuelen:

CO2-Emissioun Porsche Cayenne: 270 g/km

CO2-Emissioun Fleeschproduktioun: 55 kg CO2 pro kg Fleesch (Kallef)

Fleeschkonsum zu Lëtzebuerg (2009): 110 kg/Persoun/Joer

  • CO2-Emissioun Fleeschéisser: 12 kg CO2 pro Dag
  • CO2-Emissioun Porschefuerer: 5,4 kg CO2 fir 20 km

Iwwert eng Distanz vun 20 km produzéiert de Fleeschéisser also méi wéi duebel esou vill CO2 wéi de Porschefuerer!

Aussi intéréssant

App Bloomin‘ Algae Les citoyens peuvent aider à surveiller les algues bleues dans les eaux luxembourgeoises

Grâce à l'application pour smartphone Bloomin' Algae, tout le monde au Luxembourg peut aider les scientifiques du LIST à...

Fort mam Onkraut Wéi eng Alternative ginn et eigentlech fir Glyphosat?

Zanter iwwert engem Joer ass Glyphosat zu Lëtzebuerg verbueden. Mee wat sinn d’Alternativen, fir hautdesdaags Onkraut ze...

FNR
SnT Partnership Day Une interface éprouvée entre la recherche et l’application

Le SnT de l’Université fait désormais partie des centres de recherche les plus importants au monde en matière de dévelop...

SnT

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR