Pixabay

Dat eelste Brout vun der Welt gëtt op 5000 Joer geschat.

Mir reegen eis op, wann eisen Toast mol erëm verkuelt ass. Muench aner gesinn dat allerdéngs anescht: Fir vill Fuerscher ass verbrannte Brout dat Bescht wat et gëtt!

Mr. Science, wisou begeeschteren déi sech da fir esou eppes?

Dat bestätegt jo mol erëm d’Viruerteel vum verréckte Wëssenschaftler oder?

Dat wollt ech elo net esou soen…

Wann mer genësserlech an eng lecker Scheif Brout bäissen, denke mer an der Reegel net dorun dass dëst eréischt duerch dee wuel gréisste Changement an der Geschicht vun der Mënschheet méiglech gouf: d’Erfannung vum Akerbau. Virun ongeféier 11 000 Joer hunn eis Steenzäit-Virfahren ugefaangen, Kar unzebauen. Mee bis haut streiden sech d’Fuerscher, wisou se dat gemaach hunn.

Ma, fir Brout ze baken!

Dat géif jo op der Hand leien. Mee mat dësem Urkar war dat kaum méiglech, well een d’Kären nëmme schlecht vun der Spelz getrennt krut, dat ass déi haart Schuel em den eigentleche Kar. Muench Archeologe mengen dofir, dass am Ufank Béier aus dem Kar gebraut gouf. Den Urbéier stellen se sech wei eng Béierzopp fir, an där déi haart Schuelenstécker ronderëm geschwomme sinn. Déi konnt een dunn ooffiltréieren oder et huet een den Urbéier einfach mat de Stréihallem gedronk.

Also als éischt gouf et de Béier an dunn d’Brout? Dat ass awer eng gewoten Thees…

An genee dofir freeën sech d’Archeologe wei kleng Kanner op Chrëschtdag, wann se Steenzäitbrout fannen. Domat hoffen se, genee dës Fro ze klären. Mee normalerweis bleift Brout net Joerdausende laang erhalen, ausser, wann et per Zoufall an d’Feier gefall ass oder de Steenzäitbäcker net opgepasst huet an et beim Bake verbannt ass.

Wéi al sinn dann déi eelste Broute vun der Welt?

Iwwer 5000 Joer. Dat sinn e Koup Dausend Joer no der Erfindung vum Akerbau.

Do gëtt et also nach en grousse Vide an der Fuerschung?

Do gëtt et nach eppes ze entdecken, jo. Verkuelte Brout interesséiert awer och ganz aner Fuerscher, nämlech Ingenieuren!

Ingenieuren?

Jo, chinesesch Fuerscher hunn elo am Labo Brout gebak. Awer net fir et ze iesse mee fir et ouni Sauerstoff op em déi 1000 Grad ze erhëtzen. Dobäi entsteet eng fest, schwammeg Substanz, e schwaarze Kueleschaum, sou nennen d’Fuerscher dat. An deen huet ganz erstaunlech Eegenschaften: en ass immense liicht, an isoléiert ganz gutt géint Hëtzt a Funkwellen.

Aus Brout gëtt also en Hightech-Material?

Genee, häss de dat geduecht? D’Fuerschung ass ebe ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay

Infobox

Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science

Aussi intéréssant

FNR Awards 2017 Pour une recherche archéologique multidisciplinaire en Amérique du Sud

Esther Breithoff, archéologue luxembourgeoise, enquête sur la guerre sanglante du Chaco dans la brousse sud-américaine....

Gallorömische Villa von Goeblingen Älteste Bierbrauerei in Luxemburg ausgegraben

Bereits vor mehr als 1.700 Jahren brauten die Gallorömer bei Goeblingen (Luxemburg) Bier. Wieso gehen die Archäologen d...

Überreste der Glacis-Kapelle Mit 3D-Laserscannern für die Nachwelt erhalten

Wenn bei Erdarbeiten historisch wertvolle Baureste zum Vorschein kommen, öffnet sich für Archäologen ein kurzes Zeitfen...

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR