FNR

An dësem Experiment weise mir wéi ee gefrueren Seefeblose maache kann.

Waasser féiert bei 0°C – Fir datt Seefeblose fréiere brauch een, eiser Erfarung no, awer déif Minustemperature vun ënner -5°C, well de Prozess séier goe muss. Ausserdeem däerf net ze vill Wand sinn. Fir d’Blose gutt beobachten ze kënne bléist een d‘Seefeblosen direkt am Kontakt mat Schnéi oder Äis op.

Als Seefebloseléisung kann een einfach eng 50:50 Mëschung aus Waasser a Spüli huelen. Blose kann een z.B. mat engem Stréihallem maachen. Kleng Blose fréien iwwregens méi séier.

Fir gutt Fotoen ze maache knipst een am beschte moies fréi oder owes spéit géint d’Luucht.

Wann d’Seefeblosen net fréiere kann et doru leien datt d’Loft mat där mer d’Seefeblos opblosen ze waarm ass. Et muss e méiglechst vill kal Loft anootmen an dës direkt an d’Blos fëllen. Oder maacht d’ Blose mat enger Vëlospompel an engem Stréihallem.

Vill Spaass beim experimentéieren.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR), Melanie Reuter (FNR)

Aussi intéréssant

Waasser-Experiment En Zauberspill mat Waasser a Plastikspärelen

Eng Karaff ass mat Waasser gefëllt. Déi aner mat Plastikspärelen. Wéi kritt een d'Plaze vun deenen 2, mat Hëllef vun eng...

FNR
Expérience avec des fleurs Transformez des tulipes blanches en tulipes colorées !

Avec peu de matériel, vous avez la possibilité de transformer des tulipes (ou autres fleurs) blanches en tulipes colorée...

FNR
Pneumatik Ka Loft schwéier Saachen ophiewen?

Blos an eng Plastikstut an hief esou e schwéiert Buch op wat drop läit!

FNR

Aussi dans cette rubrique