© Goodyear

Impressioune vun der éischter Editioun vum Goodyear STEM Student Challenge.

Et gëllt eng clever Maschinn ze bauen déi et erlaabt e sënnvolle Message, virtuell an ob eng iwwerdriwwe komplizéiert Aart a Weis, ob eng grouss Kniwwelino LED Wand, ze schécken. Des Wand wäert beim LIST zu Esch/Belval installéiert sinn. Heivir soll ob Science, Technology, Ingénieurswiesen a Mathe (Science, Technology, Engineering, Mathematics - STEM) Prinzippien zeréckgegraff ginn. Déi bescht Equippe gi spéider mat attraktive Präisser belount!

COVID-19 Impakt

D’Reegelen vun dëser drëtter Editioun vum Goodyear STEM Student Challenge goufen der aktueller COVID-19 Situatioun ugepasst.

Sou brauchen d’Schüler aus engem Team nëmmen virtuell mateneen ze interagéieren, a keen direkten, physeschen Kontakt ass néideg.

Weider sinn all Participanten dozou opgeruff, déi aktuell a kommend Reegelen a Recommandatiounen zur COVID-19 Pandemie zu all Moment ze respektéieren. Sollt dëst net de Fall sinn, gëtt dat respektiivt Team direkt disqualifizéiert an aus dësem Challenge ausgeschloss.

Wie ka matmaachen?

  • All Schüler aus de Klassen 7e bis 2e ka matmaachen.
  • D’Gruppe sollen aus max. 4 Schüler aus deem selwechten Lycée bestoen.
  • All Grupp kann aus Schüler aus verschiddenen Klassen zesummegesat sinn.
  • All Grupp muss vun engem Proff ënnerstëtzt ginn.
  • All Lycée ka méi wéi eng Grupp umellen.

Wat genau gëtt erwaart?

No Ärer Aschreiwung hutt Dir bis den 4. Juni 2021 Zäit vir:

  • Är Maschinn z’entwéckelen an ze bauen (all Team Member entwéckelt a baut een Deel vun der Maschinn bei sech doheem; déi eenzel Maschinnen-Deeler wäerten dono iwwer Kniwwelino-Unitéiten – vum LIST & Digital Luxembourg zur Verfügung gestallt – mateneen kommunizéieren);
  • E Rapport ze schreiwen deen de Fonctionnement vun Ärer Maschinn erkläert;
  • Filmer ze dréien déi Är Maschinn erklären an an Aktioun weisen.

Wéi ginn d’Maschinne bewäert a wie gewënnt?

All Maschinn gëtt vun Ingenieuren an Experten aus der Industrie an der Fuerschung bewäert. Vir folgend Elementer gëtt et Punkten:

  • Är Kreativitéit an Originalitéit;
  • verschidden obligatoresch an optional Aufgaben déi d’Maschinn erfëllen muss / soll;
  • Äre schrëftlecghe Rapport;
  • Är Filmer an Online Voting.

Déi final Gewënner vun dëser drëtter Editioun vum Goodyear STEM Student Challenge ginn zum Schluss vun der Live-Demo Sessioun am Juli 2021 (virtuell oder real an engem vun de Lycéeën) deklaréiert.

Dir wëllt Iech aschreiwen?

Umeldungsformularer a weider Detailer zum Challenge kënnt dir ënner folgender Email-Adress ufroen: LuxStemChallenge@goodyear.com

Wichteg: all d’Gruppen mussen sech bis spéitstens den 5. Februar 2021 ageschriwwen hunn!

Inspiratioun

Hei ënnendrënner gesitt Dir e puer Fotoe vun der éischter Editioun vum Goodyear STEM Student Challenge. De Video vun der éischter Editioun fannt dir ënner desem Link.

Auteur: Laurent Poorters (Goodyear)
Fotoen: © Goodyear

Auch interessant

Screentime fir Kanner Wéi vill Zäit sollte Kanner virum Ecran verbréngen?

Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi v...

FNR

Auch in dieser Rubrik

MINKT mit Vorschulkindern Wie die drei kleinen Schweinchen helfen, MINKT-Kompetenzen zu fördern

Eine neue Weiterbildung des SciTeach Center zeigt Lehrkräften, wie MINKT (MINT + Kunst) auf innovative Weise fächerübergreifenden Unterricht ermöglicht.

Take Off Challenge zum Nachmachen Wie kann man Eis am schnellsten schmelzen?

Du bist LehrerIn und hast Lust, eine Science Challenge der Take Off Show mit deinen Schülern nachzumachen? In diesem Video erfährst du , wie du diese Challenge mit deiner Gruppe nachmachen kannst.

FNR, ALF
9. - 12. November am Gronn Impressioune vum Science Festival 2023

Spektakulär Showen, flott Experimenter a vill begeeschtert Kanner, Erwuessener a Wëssenschaftler. Déi 14. Editioun vum Science Festival war e grousse Succès!