(c) LEARN

Mat beispillhaften Ausschnëtter Klassen- a Schülerfeedback einfach erkläert.

Am Kader vum Lëtzebuerger Schoulmonitoring maachen all d’Klassen aus dem Cylce 2.1, Cycle 3.1 a Ve/9e ufangs vum Schouljoer bei standardiséierten Tester mat. D’ÉpStan si speziell konzipéiert, fir Schlësselkompetenzen am groussen Ëmfang sou standardiséiert wéi méiglech kënnen ofzepréiwen. D’Resultater zu dësen Tester ginn a Form vu 4 Feedbackzorten zréckgemellt: en nationalen Iwwerbléck an een um Niveau Schoul, Klass a Schüler. Hei weise mir beispillhaft Ausschnëtter aus engem fiktive Klassen- a Schülerfeedback.

Wat ass e standardiséierten Test?

E standardiséierten Test ass eng Aart Evaluatioun nieft Leeschtungstester wéi klassesche Prüfungen, Portfolioen oder Observatiounen. Standardiséiert Tester liwwere méiglechst objektiv a fair Réckmeldungen doduerch, dass d’Ausschaffe vum Test, d’Duerchféierung an d’Verbesserungsprozedure genee am Virfeld festgehale goufen.

Beispill vun engem Cycle 2.1 Klassefeedback

D’Schüler am Cycle 2.1 maachen 3 Kompetenztester. Am Klassefeedback gesäit den Enseignant als éischt, wéi vill Schüler sech ënner, um oder iwwer dem Niveau Socle befanne fir all Test. Ausserdeem gesäit den Enseignant (cf. Grafi k 1a), wéi d’Klassemoyenne (schwaarze Krees) par rapport zur Landesmoyenne (grénge Krees) ass.

Besonnesch interessant op de Grafiken ass den Erwaardungsberäich (cf. Encadré), deen erméiglecht, d’Resultater vu Klasse mat ähnleche Schülerpopulatiounen ze vergläichen.

Auswäertung an Informatiounen aus dësem Klassefeedback

Obwuel d’Klass ABC fir den Test „Éischt Schrëtt zur Schrëftsprooch“ liicht ënner der Landesmoyenne läit, fält d’Joresmoyenne an den Erwaardungsberäich, d. h. d’Klass schneit an dësem Test esou of wéi ähnlech zesummegesate Klassen.

D’Klass ABC schneit an de Sproochen allgemeng gutt of. An der Mathematik läit d’Moyenne ënner dem Landesmëttelwäert an ënner dem Erwaardungsberäich, d. h. d’Klass schneit manner gutt of wéi ähnlech zesummegesate Klassen. Wann een sech d’Grafik 1b mat der Schülerverdeelung ukuckt, fält op, dass op d’mannst 9 Schüler méi niddreg Leeschtunge weisen, wéi een sech dat erwaarde kéint. Dëst erméiglecht allerdéngs och, dëse Schülergrupp z‘identifizéieren, fir e méi geziilt ze fërderen an ze motivéieren.

Beispill vun engem Cycle 3.1 Schülerfeedback

Den Enseignant vun all Klass kritt fir all seng Schüler e Feedback vun all Test. Zesumme kënnen dës Resultater e Profi l vun deem Schüler weisen. De Schüler weist gutt Leeschtungen am Héierverstoen an an der Mathematik, awer schneid e bësse méi schwaach of am Liesverstoen. Dëst Resultat sollt a Relatioun bruecht gi mat senge Leeschtungen an der Schoul a muss net onbedéngt op eng Schwächt am Liesen oder Liesverstoen hiweisen. De Schüler hat vläicht zum Testzäitpunkt kee gudden Dag (z. B. Middegkeet, Krankheet).

Allerdéngs ass et wichteg, dass den Enseignant de Schüler an dësem Kontext méi no begleet a fir d’Liese motivéiert, zemools en am Héierverstoe vun däitsche Geschichte ganz gutt ofschneit.

Den nationale Bericht a weider Informatioune fannt Dir ënner: www.epstan.lu

Auteur: LEARN (University of Luxembourg)
Kontakt: Sonja Ugen, Danielle Hoffmann & Caroline Hornung
Foto: LEARN

Infobox

Wat ass een Erwaardungsberäich?

Fir d’Charakteristike vun de SchülerInnen (Unzuel Jongen a Meedercher, doheem geschwate Sprooch, sozio-ökonomeschen Hannergrond, Unzuel Schouljoer am Lëtzebuerger Schoulsystem, Migratiounshannergrond, etc) ze berécksiichtegen an e faire Feedback kënnen ze ginn, ugepasst un d’Zesummesetzung vun enger Klass berechne mir en Erwaardungsberäich.

Mat alle gesammelten Hannergrondinformatioune gëtt en Intervall berechent deen et erméiglecht d’Resultat vun enger Klass mat ähnlech zesummegesate Klassen ze vergläichen. Fält d’Resultat vun enger Klass an dësen Erwaardungsberäich, sou schneit Klass esou of wéi et statistesch ze erwaarde wier opgrond vun de Charakteristike vun de SchülerInnen.

Wat ass LEARN?


LEARN ass d’Ofkierzung fir Learning Expertise And Research Network, dëst heescht esou vill wéi „Léierexpertise a Fuerschungsnetzwierk“. Wéi eisen Numm et ausdréckt, si mir e Grupp vu Wëssenschaftler a Praktiker, déi sech fir Léierprozesser a Léierschwieregkeeten interesséieren.

​Matarbeschter

Ass.‐Prof. Dr Pascale Engel de Abreu: Fuerscherin/Professeur Associée bei ECCS

Dr Danielle Hoffmann: Neuropsychologin/Fuerscherin bei LUCET

Dr Caroline Hornung: Kognitiv Entwécklungspsychologin, Léierin a Fuerscherin bei LUCET

Prof. Dr Romain Martin: Vice-Recteur vun der Uni.lu a Fuerscher/Professeur bei LUCET

Ass.‐Prof. Dr Christine Schiltz: Fuerscherin/Professeur bei LUCET

Dr Anne-Marie Schuller: Neuropsychologin an EEG‐Expertin bei ECCS

Dr Sonja Ugen: Kognitiv Entwécklungspsychologin/Fuerscherin bei LUCET

​Iwwert den Auteur

Dr Sonja Ugen

Kognitiv Entwécklungspsychologin/ Fuerscherin bei LUCET. D’Sonja intresséiert sech fir d’Entwécklung an d’Léiere vum Liesen a Schreiwe wéi och fir den Afloss vun der Sprooch op d’Veraarbechte vu mathematesche Prozesser an engem multilinguale Kontext.

Dr Danielle Hoffmann

Neuropsychologin/ Fuerscherin bei LUCET. D’Danielle ass drun intresséiert wéi d’Zuelerepresentatiounen sech entwécklen a wéi Zuele verschafft ginn an engem multilinguale Kontext.

Dr Caroline Hornung

Kognitiv Entwécklungspsychologin, Léierin a Fuerscherin bei LUCET. D’Caroline interesséiert sech fir d’Entwécklung vum Rechnen, Liesen a Schreiwen bei jonke Kanner an d‘Faktoren déi dës Léierprozesser beaflosse kënnen (z.B. Exekutivfunktiounen, Sproochenhannergrond...)

Waat ass ECCS?

ECCS ass eng Fuerschungsunitéit op der Universitéit vu Lëtzebuerg, an huet kee Service fir eng Prise en Charge vu Léierschwieregkeete kennen unzebidden. Wann Dier am Kader vun enger Léierschwieregkeet no Hëllef sicht, kontaktéiert w.e.g. ee vun de Servicer di um Terrain schaffen an eng Prise en Charge ubidden

Fir weider Informatiounen

Auch interessant

Gediechtnes Firwat falen eis heiansdo Wierder einfach net an?

"D‘Wuert läit mir op der Zong“ – Jidderee kennt dat frustréierend Gefill en Wuert ze wëssen an et awer net ze faassen ze...

FNR
Videospiller Maache Ballerspiller aggressiv?

Politiker behaapten et, an de Medie liest een et och ëmmer nees: Videospiller mat Gewalt maachen aggressiv. Stëmmt dat w...

FNR
Oh Jëssess /Buuuhhh! Firwat si munch Mënsche méi fäertereg wéi anerer?

Wann op Halloween op eemol eng grujeleg Gestallt ëm den Eck geschlach kënnt, da kann ee sech emol e bëssen erféieren. Mu...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Familie und Kinder Vor- und Nachteile der allgemeinen Kinderbetreuung in Luxemburg

Wie steht es um die Kinderbetreuung in Luxemburg und wie sieht sie im Vergleich zu anderen Ländern aus? Die Wissenschaftlerin Audrey Bousselin vom LISER gibt Einblicke.

KI IN DER BILDUNG Auswirkungen von Künstlicher Intelligenz auf den Bildungsbereich

ChatGPT ist auch in den Schulen Luxemburgs wie eine Bombe eingeschlagen. Viele fühlen sich von der Künstlichen Intelligenz überrumpelt und fürchten um die Qualität des Unterrichts. Zu Recht?

Gratis Kinderbetreuung in Luxemburg Wie gut geht es den Kindern in den Maisons Relais?

Ab dieser Rentrée sind Betreuungsstrukturen in Luxemburg kostenlos. Fühlen sich Kinder dort wohl? Und wie wirken sie sich auf ihre Entwicklung aus? Wir haben recherchiert und drei Expertinnen gefragt

Psychische Gesundheit Auswirkungen von Widrigkeiten in der Kindheit auf die psychische Gesundheit im späteren Leben

Neue Erkenntnisse über die Auswirkungen einer Trennung der Eltern oder einer Adoption auf die psychische Gesundheit zeigen deutlich, wie wichtig es ist, betroffenen Kindern Hilfe anzubieten.