(c) Uwe Hentschel

Egal ob Sportsschung, Trëppelbox oder Reenjackett: Soubal mer de klenge schwaarz-goldege Gore-Tex Logo op engem Kleedungsstéck gesinn, gëtt et eis net nëmme waarm, mee och dreschen em d’Häerz. An zwar well dës ootmungsaktiv Membran eis viru Wand a Reen schützt, a gläichzäiteg eise Schweess no baussen transportéiert. Do freet en sech, wei d’Leit sech fréier dresche gehalen hunn.

Ier Gore-Tex erfonnt gouf, ass et natierlech och scho Gezei ginn, dat viru Reen geschützt huet. Mee wat bréngt engem de beschten Reenschutz, wann een drënner schweesst wei an enger Sauna. Dat huet sech den Amerikaner Robert Gore och geduecht. De Chemiker huet dofir 1969 eng Method  entwéckelt, mat där een de Plastik Polytetrafluorethylen auserneen zeie kann. Dëst Method war d’Grondviraussëtzung fir eng Revolutioun an der Textilbranche.

Polytetra-wat?

Polytetrafluorethylen. Ofgekierzt PTFE, besser bekannt ënnert dem Handelsnumm Teflon (als Panebeschichtung). De PTFE huet d’Eegeschaft, dass e waasserofweisend ass. Souguer geint aggressiv Saieren ass et resistent. Allerdéngs war PTFE, deen schonn 30 Joë méi fréi éischter zoufälleg entdeckt gouf, am Ufank zwar waasserofweisend mee eben net ootmungsaktiv… bis de Robert Gore op d’Iddi koum, deen mechanesch sou ze expandéieren, also auserneen ze zeien, dass doraus eng mikroporéis Membran entsteet. An mat Hëllef vun dëser Method war den Här Gore capabel, waasserfest Textilien ze produzéieren, déi gläichzäiteg och ootmungsaktiv sinn.

De Schweess kann duerch, de Reen awer net – wéi funktionéiert dat dann?

Majo an engem Quadratzentimeter Gore-tex-Membran sinn 1,4 Milliarde Poren dran. Well eng Waasserdrëps 20000 Mol méi grouss ass, wéi eng Por, passt se einfach net duerch. An well de Waasserdamp awer net aus groussen Drëpse besteet, mee aus winzege klenge Waasserdeelecher, passt Schweess a Wäermt ongehënnert duerch d’Poren an kennt sou raus.

Mee wisou schützt eis Gore-Tex dann och viru Wand?

Gore-Tex schützt net 100 prozenteg viru Wand. Technesch gesi gëllt Gezei als wanddicht, wann d’Loftduerchlässegkeet bäi maximal fënnef Liter pro Quadratmeter a Sekonn läit. Gore-Tex-Produiten erfëllen dës Viraussetzungen.

An dat scho säit 1969?

Net ganz. Als éischt gouf dat gestreckte PTFE fir speziell Industrie- a Medizinproduite benotzt. Déi eigentlech Gore-Tex-Faser gouf 1972 déi éischte Kéier fabrizeiert, 1976 koum dunn den éischte Gore-Tex-Produit, en Zwee-Mann-Zelt, op de Maart. An e bëssi méi spéit ass dunn déi éischt Reenkleedung nokomm. Et huet also  eng Zäitche gedauert – net zulescht well d’Produktioun zimlech opwenneg ass a speziell Maschinne gebraucht ginn.

Mee et huet funktionéiert … oder goufen et och Réckschléi?

Net wierklech Réckschléi. Allerdéngs funktionéiert en Gore-Tex-Produit bis lo ëmmer nëmmen ënner gewëssen Ëmstänn. Nämlech nëmmen dann, wann d’Baussentemperatur vill méi niddreg ass wei d’Temperatur am Kleedungsstéck. D’Entreprise vum Gore schafft awer permanent un Verbesserungen an huet an de läschte Joerzéngte vill nei Patenter entwéckelt. Sou gouf beispillsweis viru kuerzem déi weltwäit éischten Technologie fir komplett  ootmungsaktiv Trëppelschung op de Maart bruecht. Schong, déi also och eng ootmungsaktiv Suel hunn.

Klengt spannend … Dat heescht et gëtt nach ëmmer weidergefuerscht?

Op alle Fall. Et gëtt ëmmer Méiglechkeeten eppes ze verbesseren!

Auteur: Uwe Hentschel
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo @ Uwe Hentschel

Infobox

Mr Science op RTL Radio

 

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

 

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR