(C) Luxembourg for Finance

Lëtzebuerg: Just eng Finanzplaatz? Dir wäert staunen, wat alles hei zu Lëtzebuerg produzéiert gëtt a wou weltwäit lëtzebuerger Industrie-Produiten agesat ginn. Lëtzebuerg: Och en Innovatiounsstanduert!

Fir dorops opmierksam ze man, huet Luxembourg for Finance eng Video-Animatioun produzéiert. Mir erkläeren hei op science.lu, wéi eng Firmen hannert de Produiten aus dem Video stiechen.

Arcelor Mittal

D'Fundament vum lëtzebuerger Räichtum gouf mat der Stolindustrie geluecht. Nach haut ass Arcelor-Mittal hei zu Lëtzebuerg aktiv a produzéiert innovativ Stolproduiten - Stolproduiten déi vum Know-How hier net iwwerall op der Welt kënne produzéiert ginn. Si kommen ë.a. wéi am Video erwähnt am neie One World Trade Center zu New York zum Asaatz.

Guardian

Och Guardian, en internationale Glasproduzent, produzéiert hei zu Lëtzebuerg innovativ Glasproduiten. Wéi de Burj Khalifa Tower gebaut gouf, wor séier kloer dass dat héchste Gebai vun der Welt extra Erausfuerderungen un d'Material stelle wäert. Et gouf sech fir Glas aus Lëtzebuerg entscheed.

IEE

Och an den Autoe fanne mer eng ganz rëtsch Produiten, déi hei zu Lëtzebuerg entwéckelt ginn, wéi z.B. Sensoren vun der Firma IEE zu Contern: Sensore fir de Gurt, den Airbag, fir d'Autosëtzer...

DuPont

D'Firma DuPont ass eng vun deene gréisste Wëssenschaftsfirmen uechter d'Welt. Och zu Lëtzebuerg hunn sie e Standuert, zu Contern. Hei ginn ë.a. Schutzcostumer produzéiert an entwéckelt, déi z.B. an der Ebola-Kriis zum Asatz koumen, oder bei der Fukushima-Kriis, a vieru Chemikalien, Bakterien oder Hëtzt schützen.

SES

Wéi ass et méiglech dass iwwerall uechter d'Welt d'Mënsche kënnen Telé kucken? Mat Hëllef vun de Satelitte vun der SES, dem weltwäit gréisste Satelitte-Bedreiwer - mat Sëtz zu Lëtzebuerg.

Ceratizit

Ma och wat Alldagsproduiten ugeet hu mer eng lëtzebuerger Succes Story: D'Kugelen aus de Kugelschreiwer, ginn hei zu Lëtzebuerg produzéiert. Kléngt banal, ma d'Ufuerderungen u sou eng Kugel sinn héich an dofir gëtt en extra Haartmetall gebraucht - entwéckelt a produzéiert vun der Ceratizit zu Mamer.

Weider Beispiller weisen: Lëtzebuerg ass nët nëmmen e Finanzsecteur, ma och en Innovatiounsstanduert!

Auteur: Jean-Paul Bertemes (FNR)
Video: Luxembourg for Finance

Auch interessant

Genetik Kënnen DNA-Tester eis soen, wou mir hierkommen?

Kann ee mat engem DNA-Test erausfannen, wou seng Vireltere gewunnt hunn?

FNR
Repräsentative FNR-Umfrage Vertrauen der Bevölkerung in die Wissenschaft weiter gestiegen

Wie bewerten die Luxemburger die Rolle der Wissenschaft in der Covid-Pandemie? Wie hoch ist das Interesse an der Wissens...

FNR
Interaktive Konferenz Wie kann man als Bürger seine Umweltbelastung reduzieren?

Am 17. November 2020 findet die nächste interaktive Konferenz „So you think you’re green” statt (online). Diese konzentr...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg – März 2024

Was sagt die Wissenschaft über "hypoallergene" Tiere? Wie groß war der größte jurassische Skorpion? Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg – Januar / Februar 2024

Wie hat sich die Tradition des Buergbrennen entwickelt? Gibt es einen Zusammenhang zwischen Allergien und Gehirnkrebs? Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

Neues aus der Wissenschaft 10 relevante Forschungsergebnisse aus Luxemburg - Dezember 2023

Eine Methode zur Vorhersage von Flutkatastrophen; ein unbekannter Regenwurm; ein Protein, das unsere Gene schützt: Hier sind die neuesten wissenschaftlichen Nachrichten aus dem Großherzogtum.

FNR Awards 2023 Preise für herausragende Forschung, Mentoring und Wissenschaftskommunikation in Luxemburg

Entdecke die Gewinner und die Shortlist der diesjährigen FNR Awards, die im Oktober verliehen wurden.