© Shutterstock

Wann d’Beem am Fréijoer op der Nordhallefkugel Blieder kréien, dann dréit d’Äerd e bëssi méi lues.

E Nolauschterer huet eis gefrot, ob et méiglech wier, d’Äerdëmdréihung mat staarke Rakéiten oder engem riese-Spaceshuttle ze bremsen? Mr Science, geet dat?

Nee, esouguer den déckste Spaceshuttle huet net genuch Mass, fir d’Dréiung vun der Äerd ze beaflossen. Mee wann all d’Mënschen op der Äerd op d’Beem giffe klammen, dann giff d’Äerd tatsächlech méi lues dréien!

Du méchs de Geck. Wisou bremst dat d’Äerd?

Wa 7 Milliarden Mënschen e puer Meter héich op d’Beem klammen, dann ass en Deel vun der Äerd – eben mir Mënschen - méi wäit vun der Dréiachs ewech. D‘Äerd dréit dann méi lues, allerdéngs nëmmen esou laang, wéi mer op de Beem setze bleiwen.

Wéi ass dat méiglech?

Du hues bestëmmt scho gesinn, wéi eng Äiskonschtleeferin hir Pirouette dréit. Si hëllt Schwong mat den Äerm a Been auserneen, an dann zitt si alles esou no wéi méiglech bei de Kierper, dat heescht bei hier Dréiachs. Doduerch kritt se richteg Vitess. Wann si elo d’Äerm an d’Been erëm auserneen giff maachen, dann giff si och erëm méi lues dréien. De selwechten Effekt hätte mer op der Äerd mat de Leit op de Beem.

Ech ka mer net virstellen, datt dat e groussen Ënnerscheed soll maachen.

Nee, sécher net! Et gëtt allerdéngs aner vill méi staark Ursaachen, déi d’Dréiung vun der Äerd beaflossen.

An déi wieren?

De Mound zum Beispill bremst eis. Duerch seng Unzéiung, an d’Ebbe a Flut, déi doduerch entstinn! Vrun 600 Milliounen Joeren huet eng Ëmdréiung, also een Dag, nëmmen 22 Stonnen gedauert. Pro 100 Joer gëtt den Dag nämlech 2 Millisekonnen méi laang.

Gett et nach Ursaachen?

Jo. D’Schmëlzen vun de Gletscher, d'Stierm an d’Mieresstréimungen, an net ze vergiessen, d'Stréimungen bannen an der Äerd. Alles dat kann d’Vitess, mat där d’Äerd dréit, liicht veränneren. Mee si bleift soubal net stoen.

Auteur:  André Mousset (Physiker)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo © Shutterstock

Infobox

Nach en interessanten Aspekt

Wann d’Beem am Fréijoer op der Nordhallefkugel Blieder kréien, dann dréit d’Äerd e bëssi méi lues. A wann d’Blieder am Hierscht erëm op de Buedem falen, dann dréit si erëm méi séier. Dat ass moossbar.

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 08/07/2015 opgeholl.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

 

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Säit 1998 gëtt an engem ënnerierdeschen Laboratoire zu Walfer, an enger aler Gipsminn, an de Beräicher „Marées terrestres“ an Äerdbiewen gefuerscht. An dësem Labo kënne ganz präzis Moossungen gemaach ginn, well kee Waasser do ass, d’Fiichtegkeet déif ass, an d’Temperatur extrem stabil bleift. D’Fuerschungen lafen an Zesummenaarbecht mat dem Observatoire Royal de Belgique vu Bréissel.

European Center for Geodynamics and Seismology / the Walferdange Underground Laboratory for Geodynamics

http://www.ecgs.lu/

Auch interessant

E Bléck an d’Kugel Wéi weess een, wéi d’Äerd vu bannen ausgesäit?

Mister Science, wéi d’Äerd vu bannen ausgesäit war laang e Rätsel. Mëttlerweil kennen d’Fuerscher awer den Opbau vun eis...

FNR
Weltall Satelliten sind Erd-Begleiter im Weltall

Hunderte von Satelliten kreisen um die Erde. Aber wozu sind die eigentlich gut?

FNR
Evolutioun Wéini gëtt et eis Welt net méi?

An engem sinn d’Fuerscher sech zimlech eens: Liewe soll et éigentwann keent méi op der Äerd ginn. D’Haaptursaach ass d‘...

FNR