© Wikimedia Commons

Michael Faraday

Am Volleksmond ass en net sou bekannt wéi den Albert Einstein, mee mir verdanken him wahrscheinlech nach méi vun den haitegen Erkenntnisser vun der Physik. De Faradayesche Käfeg ass fir vill Leit haut e Begrëff: Hien huet festgestallt datt elektresch Felder net riicht duerch e Metallkäfeg gi, mee ronderëm. Dofir kann en Auto och vum Blëtz getraff ginn ouni datt engem bannen eppes geschitt.

Den éischten elektresche Motor

Mee dat war net séng gréisst Entdeckung. Magnetismus a Stroum waren an der Zäit vum Faraday nach eppes ganz Konfuses an de Faraday huet erausfonnt wéi dës zwou Gréissten zesummenhänken. Hien huet soulaang experimentéiert, bis hien duerch geschéckt kombinéiere vun engem Magnéit an elektreschem Stroum e Virleefer vum elektresche Motor gebaut huet. Ech brauch jo kengem ze verziele wéi wäit mir haut wieren ouni elektresche Motor... Mir hätten z.B. kee Frigo.

Elektresch Induktioun an der Musek

Mee och den Jimi Hendrix ka frou sinn datt et de Faraday gouf: elektresch Gittar, de Mikro an de Lautsprecher... Alles funktionéiert mat elektromagnéitescher Induktioun, déi hien entdeckt huet: E Magnéit deen sech an enger Metallspull beweegt, provozéiert en elektresche Stroum an ëmgedréint kann e Stroum deen duerch d‘Spull geet och e Magnéit beweegen. Doduerch konnt een ab deem Moment Beweegung a Stroum ëmwandelen an ëmgedréint.

Dëschdréinen entmystifizéiert

De Faraday huet awer och grousse Wäert op Educatioun an Opklärung geluecht. An där Zäit wou hie gelieft huet war Geeschterbeschwörung duerch Dëschdréinen a Moud. Mat engem op Drock empfindlechen Dësch konnt hien deemools scho beweisen datt déi magesch Beweegunge vum Dësch just duerch den ënnerschiddlechen Drock vun de villen Hänn zustane kënnt – a net vu Geeschter. Hie war also den éischte Mythbuster!

Happy Birthday Michael Faraday!

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo: Wiki Commons

 

Auch interessant

Esch2022 – Interview mit Valery Vermeulen The Sound of Data: Wie aus wissenschaftlichen Daten Musik wird

Beim Esch2022-Projekt „The Sound of Data“, das am 1. Mai in der Rockhal startet, ist Mathematiker und Elektronik-Musiker...

FNR
The Sound of Data - Auftakt-Veranstaltung am 1. Mai 2022 „Science meets Music“ am 1. Mai @Rockhal: Töne aus Daten, Musik aus Blitzen und ein farbenhörender Cyborg

Am 1. Mai nachmittags können Kinder und Erwachsene in interaktiven Workshops und Performances Wissenschaft und Musik en...

FNR
Konferenz der Fondation EME Wie Musik auf Menschen mit Demenz wirken kann

Zu den Symptomen von Alzheimer gehört der Verlust kognitiver Fähigkeiten. Bei Musik zeigen Betroffene aber durchaus Komp...

FNR