Wikimedia - Colin Davis

Odere sinn net blo, du gesäis se just blo!

Déi Odere sinn net blo, du gesäis se just blo!

Hä? Wat ass dann do den Ënnerscheed? Wann ech se blo gesinn, da sinn se och blo!

Nope! Wéi’s du sees, Blutt ass rout, an d’Oderen och! Wann’s de eng grouss Wonn hues, oder während enger Operatioun, da gesäis de d’Odere jo direkt, ouni d’Haut dotëschent, an da sinn se rout!  

Et huet also eppes mat der Haut ze dinn!?

Genee! Eis Haut ass jo eng Barrière fir eise Kierper, fir eis ze schützen! Viru Bazillen oder aner Krankheetserreger, mee och virun der Sonn, also virun der Luucht! Déi kann net déif ënnert d’Haut dréngen. Dofir gesäis de déi ganz kleng dënn Oderen, déi direkt ënnert der Haut lafen, rout. Bis dohin ass näämlech alles normal, d’Luucht kennt duerch, an du gesäis alles an der Originalfaarf!

A wat geschitt wann et e bësse méi déif ass?

Ab 5 mm huet d’Luucht Problemer fir duerchzekommen! Rout Liichtstrahle si méi haartnäckeg, a gi méi déif an d’Haut eran an dann absorbéiert. Déi blo hunn et méi schwéier, a bei 5 mm ginn se d’Saach op, sou ze soen. Do kommen se net weider, a gi vun den Odere reflektéiert, wéi op engem Spigel. Se kommen also zréck an eist Aan, a mir gesinn se. Dofir gesi mer d’Odere blo, och wann se a Wierklechkeet rout sinn!

Wow, et ass also alles just eng Saach vu Wahrnehmung!  Mir mécht dat zwar e bëssen Angscht dass mer d’Saachen net ëmmer esou gesinn, wéi se sinn. Mee wéinstens verstinn ech elo firwat! An ech hat scho gemengt ech hätt blot Blutt!

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op Eldoradio

 

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Des Fro gouf den 04/10/11 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

 

Populär Erklärungen, déi leider net stemmen

 

1- Et sinn d’Venen, déi mer ënnert eiser Haut gesinn, an net d’Arterien. D’Venen, dat sinn déi Oderen, déi d’Blutt ouni Sauerstoff vun den Organer an d’Longen transportéieren, fir do erëm mat neiem Sauerstoff gelueden ze ginn. An et sinn d’Arterien déi dann dat Blutt mam Sauerstoff rëm an d’Organer bréngt.

Eng populär Erklärung ass, dass Blutt mat vill Sauerstoff rout ass, a Blutt mat manner Sauerstoff blo. Dat stemmt awer net, et ass net blo, just méi donkelrout! Soss miisste mer näämlech blo am Gesicht ginn, wa mer genéiert sinn, an net rout wéi eng Tomat!

2- Eng aner populär Erklärung ass, dass d’Blutt zwar rout ass, mee oxydéiert soubal et a Kontakt mat der Loft kennt. An oxydéiert Blutt wier blo.

Stemmt och net, wéi jiddereen, dee sech traut bei der Bluttanalys op d’Sprëtz ze kucken, ka bestätegen. D’Blutt geet direkt aus der Oder duerch d’Sprëtz an e klenge Behälter, ouni dass et mat der Loft a Kontakt kennt. An et ass trotzdem rout!

 

Wou kennt den Ausdrock „blot Blutt“ hier?

 

Freier war et chic wann een eng wäiss Haut hat. Dat huet näämlech gewisen dass ee räich war, a sech Sklaven oder Aarbechter konnt leeschten an net selwer um Feld huet misse schaffen. An op enger wäisser Haut gesäit een déi blo Odere besser wéi op bronger Haut! Mee dat ass just eng Saach vu Kontrast, an net vu Räichtum oder Adel!

 

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

 

D’Absorptioun an d‘Reflektioun vun der Luucht ass also de Grond, firwat mer verschidde Faarwe gesinn. D’mënschlecht Aan ass awer zimlech komplex, an et ass nach net 100 % verstan wéi oder firwat verschidden Krankheeten, oder ganz einfach den Alter,  eis Wahrnehmung beaflossen.

Et ass net ganz einfach, fir des Themen ze erfuerschen. Schliisslech handelt et sech em eis Aan, an d’Zuel vun Experimenter déi ee bei  engem Patient kann ausféieren ass begrenzt. Dofir man d’Fuerscher vun engem engleschen Institut fir Ophtalmologie zu London hir Experimenter mat Lënsen oder Aan vu Verstuerwenen, fir eis trotzdem e besseren Abléck ze verschafen.

 

Fuerschung zu Lëtzebuerg

 

D’Art a Weis, wéi Luucht absorbéiert oder reflektéiert gëtt, ass net nëmme fir eis Wahrnehmung wichteg. De Prinzip vu Solarzellen ass och drop opgebaut.

Eng Solarzell muss d’Luucht absorbéieren, fir se kennen an Energie ëmzewandelen. Wann d’Luucht näämlech reflektéiert gëtt, wéi op engem Spigel, dann ass se fir d’Solarzell verluer, a kann net an Energie ëmgewandelt ginn. Fir dass Solarzellen efficace sinn, mussen se also esou vill wéi méiglech Luucht absorbéieren, an am léifste guer keng reflektéieren.

De Labo fir Solarzellen op der Uni Lëtzebuerg huet virun e puer Méint eng Method entwéckelt, fir Feeler oder Degradatiounen an de Solarzellen ze fannen, déi verhënneren dass d’Luucht absorbéiert gëtt. Ausserdeem hunn se kritesch Etappen an der Hirstellung vu Solarzellen entdeckt, wou de Risiko fir Feeler oder Degradatiounen ze verursaachen, méi grouss ass. Op des Manéier dréit hir Aarbecht dozou bäi dass Solarzelle méi efficace ginn, a méi bëlleg kennen hirgestallt ginn.

 

Gewiichtsmanagement “Ofhuelsprëtz”: Wonnermëttel fir ofzehuelen oder Risiko fir d’Gesondheet?

E Medikament wat eigentlech fir Typ-2 Diabetiker entwéckelt gouf, gëtt ëmmer méi als Mëttel benotzt fir ofzehuelen. Mee ...

FNR
November-Blues Wat kann ee maachen, fir seng Laun ze verbesseren?

Dréif Novemberdeeg – dréif Laun. Wat kann ee maachen, fir och an dëser Zäit gutt drop ze sinn?

FNR
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR