McKinley

Handyen reagéieren empflindlech op Keelt a Fiichtegkeet

Heiansdo spillt de Bildschierm verréckt, an den Akku ass ëmmer direkt eidel. Firwat leid mäin Handy ëmmer sou ënnert der Keelt?

D’Temperatur huet Auswierkungen op dräi Deeler vum Handy: de Bildschierm, den Akku an d‘Elektronik. De gréisste Problem ass wann d’Temperatur sech séier verännert, zum Beispill wann’s de nom Schifueren an eng waarm Schihütt gees. Mee déi meescht Problemer sinn net katastrofal, wann den Handy rëm op Zëmmertemperatur ass funktionéiert en nees normal.

Wat genee mécht d’Keelt da mam Bildschierm a mam Akku?

Et ass puer Thermodynamik! D‘Bildschiermer funktionéiere mat flëssege Kristallen. A wann et kal gëtt beweegen déi sech manner. Dofir gëtt däi Bildschierm méi lues oder d’Bild verzerrt sech. Mam Akku ass et ähnlech. Duerch d’Keelt fannen déi chemesch Reaktiounen am Akku méi lues statt, an d’Elektrone beweege sech och méi lues. Dofir hellt d’Resistenz vum Akku zou an d’Leeschtung of.

Ah, ech verstinn! Et geet also guer näischt futti. Wa rëm alles op Zëmmertemperatur ass sinn d’Reaktiounen rëm méi séier!

Genee. Dat eenzegt wat däin Handy ka futti maachen ass d’Fiichtegkeet! Falls sech dobausse kleng Waasserkristallen an der Elektronik gebilt hunn, ass et wichteg dass de se lues entdee léis! Fir dass sech kee Kondenzwaasser bilt. Soss kriss de nämlech e Kuerzen an da war et dat mam Handy! Also op kee Fall den Handy op d’Heizung leeë wann ee vun dobausse ra kennt!

Dat heescht dat wichtegst ass fir den Handy beim Schifuere viru Fiichtegkeet ze schützen, an net onbedingt virun der Keelt?

Richteg. Wei gesot, bei eise Wantertemperaturen erhëllt den Handy sech erëm vun der Keelt. Um Nordpol bei -50°C wier dat awer natierlech och nees eppes anescht! Mee bei eis ass d’Fiichtegkeet méi geféierlech.

D’Bannentäsch vun der Schijackett ass also net onbedéngt déi beschte Plaz, well och vum Schweesse ka Fiichtegkeet dra kommen!  Also opgepasst wou mer den Handy himaachen!

Text: Corinne Kroemmer
Foto: McKinley via Wikimedia Commons

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Dës Fro gouf den 04/10/11 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Explosiv Handysbatterien

Fréier, also an den 90er, hunn d’Handysakkuen mat Nickel funktionéiert. Mee déi hu séier u Leeschtung verluer an d’Autonomie vum Handy huet séier ofgeholl. Dofir funktionéieren déi Akkue vun haut mat Lithium Polymeren.

Mee déi sinn net ganz ongeféierlech, déi kennen a Flame geroden an explodéiere wann den Akku entweder schonn e bësse matgeholl ass, oder wann de Kabel fir opzelueden net richteg am Handy stécht. Obwuel dat am Duerchschnëtt just bei all 10.000sten de Fall ass, soll een trotzdem den Handy net oniwwerwaart oplueden oder no bei Pabeier an aner brennbare Substanzen opluede loossen.

Des Videoe weisen e puer spektakulär Explosiounen:

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

Den Handy beim Schifueren ass nëmmen ee Beispill vum Behuele vun Elektronik an ongewinnter Emgebung.  Mee den Test vu Géigestänn an Extremkonditiounen ass relativ gängeg. D’Firma Environ Laboratories an Amerika huet sech dra spezialiséiert fir technologesch Géigestänn a  verschiddene Situatiounen ze testen an ze bewäerten: zum Beispill Deeler vu Satellitten déi de Konditiounen am Weltall musse standhalen oder Deeler vun engem Fliger déi musse féierbestänneg sinn.

An hire Laboen an Ateliere kenne si extremen Drock, héich Temperaturen an elektresch Spannungen, jo esou guer Äerdbiewewellen, reproduzéieren.

Auch interessant

Nanotechnologie Thermodynamik auf der Mikroebene

Im Rahmen einer Forschungsarbeit an der Uni Luxemburg wird untersucht, wie Schwärme von Nanomaschinen die Effizienz von ...

FNR Awards 2016 Matteo Polettini forscht an der Optimierung von Energieeffizienz

Ein energetisches System mit mehr als 100% Energieeffizienz? Unmöglich im makroskopischen Bereich. Nicht jedoch in der ...

Stochastische Thermodynamik Kontrolle über Bewegungen im Nanobereich

Nanosysteme sind aufgrund thermischer Schwankungen ständig in Bewegung. Diese Bewegungen muss man kennen, um die System...